- English
- like; like; as if; than
- Français
- comme; comme; comme si; que
- Deutsch
- wie; wie; als ob; als
- Type
- Undefined
[əvˈɜɪ]
Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.
déi Schülerin denkt nach ëmmer ewéi e Kand
Bedeutung 1: wie
hatt ass en eegesënnegt Kand, et mécht näischt ewéi déi aner
Bedeutung 1: wie
d'Kueben hunn ewéi all Joer bei der Kierch op de Käschtebeem gebréit
Bedeutung 1: wie
du bass ewéi e Brudder fir mech
Bedeutung 2: wie
eise Pätter ass nach gutt a Form a riicht ewéi eng Dänn
Bedeutung 2: wie
mir ënnerstëtze gären Initiativen ewéi déi hei
Bedeutung 2: wie
du muss vill léieren, an dat kann een nëmme bei engem Fachmann ewéi him
Bedeutung 2: wie
ech hunn op der Rees esou gutt ewéi näischt gesot
Bedeutung 2: wie
dat do war alles ewéi keng Erhuelung
Bedeutung 2: wie
ech hu gemaach, ewéi wann ech zu Doud beleidegt wier
Bedeutung 3: als ob; wie wenn
et ass mer, ewéi wann haut Sonndeg wier
Bedeutung 3: als ob; wie wenn
maach net ewéi wann!
Bedeutung 3: als ob; wie wenn
d'Leit hu fréier anescht gelieft ewéi haut
Bedeutung 4: als; wie
der Schrëftstellerin hir Erzielunge si méi bekannt ewéi hir Theaterstécker
Bedeutung 4: als; wie
hien ass scho bal esou grouss ewéi ech
Bedeutung 4: als; wie
et war net esou schlëmm, ewéi ech geduecht hat
Bedeutung 4: als; wie
jidderee wëllt esou laang ewéi méiglech an d'Schoul goen
Bedeutung 4: als; wie
ech kommen net méi spéit ewéi ëm Hallefnuecht heem
Bedeutung 4: als; wie
den Actricen hir Räck waren ee méi ausgefalen ewéi deen aneren
Bedeutung 4: als; wie