huel (der) e Stull, et sinn der genuch do!
Sens 1: prendre
de Papp huet de Bouf mat der Hand geholl
Sens 1: prendre
Puppelcher, déi bei der Gebuert mat der Ventouse geholl ginn , hu meeschtens fir eng Zäit de Kapp verformt
Sens 2: extraire; faire naître
se hunn d'Kand missen huelen , well d'Plazenta sech geléist hat
Sens 2: extraire; faire naître
de Garçon wollt d'Drénkgeld net huelen
Sens 3: prendre; accepter
huet en déi Plaz geholl oder sicht en nach no enger besserer?
Sens 3: prendre; accepter
den Automat huet deen zerkniwwelte Parkticket net geholl
Sens 3: prendre; accepter
de Bauer huet d'Béischte virum Wanter an de Stall geholl
Sens 4: mettre
an der Garage hunn se den Auto op de Bock geholl
Sens 4: mettre
hie muss all Muere Medikamenter huelen
Sens 5: prendre
mir huelen de Bus fir op Esch
Sens 6: prendre
am Krich gouf de Schiggeri als Ersatz fir de Kaffi geholl
Sens 6: prendre
déi géigneresch Partei huet en aneren Affekot geholl
Sens 6: prendre
déi adequat Mesurë si geholl ginn , fir dat Schlëmmst ze verhënneren
Sens 7: prendre
hinne liichten d'Moossnamen, déi d'Verwaltung geholl huet , glat a guer net an
Sens 7: prendre
wat fir eng Tapéit huelt der?
Sens 8: prendre
wat hëls de als Dessert?
Sens 8: prendre
hien huet déi Fra just wéinst de Sue geholl
familier
Sens 8: prendre
déi Kéier kanns de net mat 80 huelen !
Sens 9: prendre
de Bouf hëlt dräi Träppleke mateneen
Sens 9: prendre
de Cyclist huet de Bierg mat Liichtegkeet geholl
Sens 9: prendre
dat kann een huelen , wéi ee wëllt
Sens 10: prendre
du däerfs déi Virwërf net eescht huelen !
Sens 10: prendre
ech hunn am Summer dräi Woche Congé geholl
Sens 11: prendre
fir déi Aarbecht musse mer eis e bëssen Zäit huelen
Sens 11: prendre
ech huele mer et haut gutt!
familier
Sens 11: prendre
pass op, datt keen der däi Portmonni hëlt !
Sens 12: prendre
de Fuuss huet dem Bauer en Hong geholl
Sens 12: prendre
et huet ee mer d'Virfaart geholl
Sens 12: prendre
fir déi Sektioun ginn all Joer nëmmen 20 Kandidate geholl
Sens 13: prendre
mat sengen Diplomer gëtt Äre Jong dach op all Bank geholl !
Sens 13: prendre
hien huet dee Schicksalsschlag nach gutt geholl
familier
Sens 14: encaisser; digérer
gees de no der Aarbecht mat een huelen ?
familier
Sens 15: boire un coup
hien huet sech net huele gelooss an zwou Tournéeë ginn
familier
Sens 16: ne pas mégoter; ne pas faire son radin
an der Versammlung hunn ech mer et net huele gelooss, d'Wuert ze froen
familier
Sens 17: profiter de l'occasion (de); ne pas laisser passer l'occasion (de)