- English
- up; in; to; from; per; at; on
- Français
- sur; à; par; de
- Deutsch
- auf; nach; zu; an; bei
- Type
- PREP
[op]
Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.
meng Schwëster sëtzt am Park op enger Bänk
Bedeutung 1: auf
hien huet eng Läinzeechen op der Stier
Bedeutung 1: auf
stell d'Vas mat de Blummen op den Dësch
Bedeutung 1: auf
de Papp klëmmt op de Bam, fir Kiischten ze plécken
Bedeutung 1: auf
ech hu mer eng Rous op d'Schëller tätowéiere gelooss
Bedeutung 1: auf
et ass Véierel op néng
Bedeutung 2: nach
et ass aacht Minutten op dräi
Bedeutung 2: nach
et ass zéng (Minutten) op dräi
Bedeutung 2: nach
et ass fënnef op hallwer
Bedeutung 2: nach
de Bus fiert all Stonn um sechs Minutten op
Bedeutung 2: nach
de Bus fiert all Stonn um fënnef (Minutten) op
Bedeutung 2: nach
erklär him et op Franséisch, well hien net gutt Lëtzebuergesch versteet
Bedeutung 3: auf
hien huet sech op eng elegant Aart a Weis erausgeriet
Bedeutung 3: auf
jidderee muss op seng Fassong glécklech ginn
Bedeutung 3: auf
ech ginn de Mëtteg op Esch bei den Dokter
Bedeutung 4: nach
den Zuch fiert bis op Kautebaach
Bedeutung 4: nach
elo geet mäin Neveu schonn op d'Uni!
Bedeutung 5: auf; zu
hie muss nach schnell op d'Bank
Bedeutung 5: auf; zu
fuer op déi nächst Tankstell, mir hu kee Bensinn méi!
Bedeutung 5: auf; zu
mir ginn e Sonndeg op d'Kiermes
Bedeutung 6: auf; zu
an hirer Fräizäit gi meng Cousinen op d'Juegd
Bedeutung 6: auf; zu
eis Kanner ginn zweemol d'Woch op den Training
Bedeutung 6: auf; zu
et héiert een dech op 500 Meter laachen
Bedeutung 7: auf
fir déi richteg Mëschung gëss de zwee Läffele Sirop op ee Liter Waasser
Bedeutung 8: auf
gefält et der op der Uni?
Bedeutung 9: auf; bei; an
mäi Schwoer schafft op der Post
Bedeutung 9: auf; bei; an
et huet hënt op der Tankstell gebrannt
Bedeutung 9: auf; bei; an
gëschter hu mer op der Kiermes e gudden Eisekuch giess
Bedeutung 10: auf; bei
op der Generalversammlung ass et héich hiergaangen
Bedeutung 10: auf; bei
bass du och e Samschdeg op hirer Hochzäit?
Bedeutung 10: auf; bei
vill Jugendlecher si vu moies bis owes op hirem Handy
Bedeutung 11: an; auf
ech schaffe léiwer op mengem eegene Computer, do ginn ech besser eens
Bedeutung 11: an; auf
so, kanns du de Refrain op der Trompett matspillen?
Bedeutung 11: an; auf
hien ass op engem Sonndeg op d'Welt komm
Bedeutung 12: an
op Hellegerowend bréngt d'Chrëschtkëndchen de Kanner Kaddoen
Bedeutung 12: an