Ouer

Lëtzebuergesch
English
ear [organ]
Français
oreille [organe]
Deutsch
Ohr [Organ]
Woordsoort
SUBST N
Meervoud
Oueren

Uitspraak (IPA)

[ˈəʊɐ]

Betekenissen en vertalingen

Betekenis 1

Deutsch
Ohr (Organ)
Français
oreille (organe)
English
ear (organ)
Português
orelha; ouvido
Nederlands
oor (lichaamsorgaan)
Spellingvarianten

Alleen door de bron gecontroleerde varianten worden voorgesteld.

  • Ouer
  • Oueren

Voorbeeldzinnen

  1. eisen Hond ass op engem Ouer daf

    Betekenis: oor

  2. als Kand hat ech dacks d'Ouere wéi

    Betekenis: oor

  3. mäi Cousin gëtt operéiert, well seng Oueren ewechstinn

    Betekenis: oor

  4. den Dokter huet mer de Moien e Stopp aus dem Ouer gespullt

    Betekenis: oor

  5. maach mer keen déckt Ouer !

    spreektaal

    Betekenis: oor

  6. schreif der dat hanner d'Oueren !

    spreektaal

    Betekenis: oor

  7. ech hunn Aarbecht bis iwwer d'Oueren !

    spreektaal

    Betekenis: oor

  8. hien ass verschëlt bis iwwer d'Oueren

    spreektaal

    Betekenis: oor

  9. dat hunn ech mat eegenen Oueren héieren!

    spreektaal

    Betekenis: oor

  10. pass op, dee wëllt dech iwwer d'Ouer(en) haen!

    spreektaal

    Betekenis: oor

  11. hie spëtzt d'Oueren , fir alles matzekréien

    spreektaal

    Betekenis: oor

  12. wien huet dir déi Flou an d'Ouer gesat?

    spreektaal

    Betekenis: oor

  13. hien huet mer en Ouer vum Kapp geschwat!

    spreektaal

    Betekenis: oor

  14. de Papp huet de freche Bouf mat den Ouere geholl

    spreektaal

    Betekenis: oor

  15. nom Iesse leeën ech mech eng Grimmel op d'Ouer

    spreektaal

    Betekenis: oor

  16. fir esou musikalesch Finessen huet hie keen Ouer

    Betekenis: oor

  17. hien huet et fauschtendéck hanner den Oueren !

    Betekenis: oor

  18. wann s de net ophäls, da kriss de eng Koppel waarm Oueren !

    spreektaal

    Betekenis: oor

  19. mir ass zu Ouere komm, du géifs dech wëlle bestueden

    spreektaal

    Betekenis: oor

  20. meng gutt Réit gi bei him zu engem Ouer eran an zu deem aneren eraus!

    spreektaal

    Betekenis: oor

  21. hien ass nach net dréchen hanner den Oueren

    spreektaal

    Betekenis: oor

  22. de Jong läit der Mamm stänneg an den Oueren , fir en Auto ze kréien

    spreektaal

    Betekenis: oor

  23. meng Schwëster huet ëmmer en oppent Ouer fir mech

    Betekenis: oor

  24. fro däi Papp net, fir Suen ze kréien, op deem Ouer ass en daf!

    spreektaal

    Betekenis: oor

  25. so mer dat nach eng Kéier, ech hunn nëmme mat engem Ouer nogelauschtert!

    spreektaal

    Betekenis: oor

Bron: ZLS / LOD · juli 2026 · CC0

→