zéien

Lëtzebuergesch
English
to haul; to pull; to install; to take out; to draw; to attract; to make fun of; to tug; to ventilate; to infuse; to weep; to be draughty; to shrink from; to drag on; to travel; to pervade
Français
tirer; amener vers soi; poser; sortir; drainer; chambrer; tirer (sur); être macéré; suinter; y avoir un courant d'air; s'écarter; se défiler; traîner; se déplacer; s'infiltrer
Deutsch
ziehen; ziehen aus; locken; veräppeln; ziehen (an); nässen; ausweichen; sich drücken; sich (in die Länge) ziehen; ziehen in
Type
VRB
Synonym
sech drécken; sëfferen
Auxiliary
sinn
Participe passé
gezunn; gezunn

Aussprache (IPA)

[tsˈɜɪən]

Bedeutungen und Übersetzungen

Bedeutung 1

Deutsch
ziehen (hinter sich her)
Français
tirer (derrière soi)
English
to pull; to haul
Português
puxar (atrás de si)
Nederlands
trekken (achter zich aan)

Bedeutung 2

Deutsch
ziehen (zu sich hin)
Français
amener vers soi
English
to pull (towards oneself)
Português
puxar (atrair para si)
Nederlands
trekken (naar zich toe)

Bedeutung 3

Deutsch
ziehen (betätigen)
Français
tirer (actionner)
English
to pull (to operate)
Português
puxar (acionar)
Nederlands
trekken (in werking stellen, bedienen)

Bedeutung 4

Deutsch
ziehen (verlegen)
Français
installer; poser (un fil, un câble, une gaine, un tuyau)
English
to lay; to run; to put up; to install (a cable; a wire fence)
Português
instalar (um cabo, um tubo, um fio)
Nederlands
trekken (leggen (kabel), installeren (afrastering))

Bedeutung 5

Deutsch
ziehen aus (herausnehmen)
Français
sortir (en tirant)
English
to pull out; to take out
Português
puxar; sacar (tirar para fora)
Nederlands
halen uit (nemen uit)

Bedeutung 6

Deutsch
ziehen (Los, Karte)
Français
tirer (dans un jeu, dans un tirage au sort)
English
to draw (a card, a number, a lottery ticket)
Português
sortear; tirar (num jogo, num sorteio)
Nederlands
trekken (lot, kaart)

Bedeutung 7

umgangssprachlich

Deutsch
veralbern; veräppeln
Français
charrier; chambrer
English
to take the mickey out of; to make fun of
Português
gozar com; brincar com
Nederlands
de draak steken met

Bedeutung 8

Deutsch
ziehen; locken
Français
attirer; drainer (à un endroit, vers un endroit)
English
to draw; to attract
Português
atrair; chamar (a um lugar)
Nederlands
trekken; aantrekken (lokken)

Bedeutung 9

Deutsch
ziehen (an) (zerren (an))
Français
tirer (sur) (exercer une traction (sur))
English
to pull; to tug
Português
puxar; dar um puxão (a)
Nederlands
trekken (aan)

Bedeutung 10

Deutsch
ziehen (Zug haben)
Français
tirer (avoir un bon tirant d'air)
English
to extract; to suck out; to ventilate (efficiently)
Português
ter boa tiragem (de ar)
Nederlands
trekken (open haard, afzuigkap)

Bedeutung 11

Deutsch
ziehen (bei) (die gewünschte Wirkung haben)
Français
marcher (auprès de) (avoir du succès, avoir l'effet désiré)
Português
funcionar (com) (ter êxito, ter o resultado desejado)
Nederlands
succes hebben (bij) (publiek trekken)

Bedeutung 12

Deutsch
ziehen (Aroma entwickeln)
Français
être infusé; être macéré (thé, tisane)
English
to steep; to brew; to infuse
Português
abrir; estar de infusão; estar em maceração (chá, tisana)
Nederlands
trekken (aroma ontwikkelen)

Bedeutung 13

Deutsch
nässen (Flüssigkeit absondern)
Français
suinter (plaie)
English
to weep (to exude liquid)
Português
supurar (deitar pus)
Nederlands
etteren (vochtigheid afscheiden)

Synonyme

sëfferen

Bedeutung 14

Deutsch
ziehen (Durchzug herrschen)
Français
y avoir un courant d'air
English
to be draughty
Português
haver corrente de ar
Nederlands
trekken (tochten)

Bedeutung 15

Deutsch
zur Seite gehen; ausweichen
Français
se pousser; s'écarter
English
to shift; to dodge
Português
sair do caminho; desviar-se para o lado
Nederlands
opzij gaan; uitwijken

Bedeutung 16

umgangssprachlich

Deutsch
sich drücken (sich einer Sache entziehen)
Français
se défiler
English
to shrink from
Português
esquivar-se; furtar-se
Nederlands
terugschrikken voor (zich onttrekken aan)

Synonyme

sech drécken

Bedeutung 17

umgangssprachlich

Deutsch
sich (in die Länge) ziehen
Français
traîner (durée)
English
to drag on
Português
arrastar-se (prolongar-se, demorar)
Nederlands
zich voortslepen (voortduren)

Bedeutung 18

Deutsch
ziehen (sich bewegen)
Français
circuler; passer; se déplacer (se propager)
English
to move; to travel
Português
circular; deslocar-se; passar (propagar-se)
Nederlands
trekken (zich bewegen)

Bedeutung 19

Deutsch
ziehen in (Feuchtigkeit, Geruch)
Français
pénétrer dans; s'infiltrer (humidité, liquide, odeur)
English
to permeate; to pervade
Português
penetrar em; infiltrar-se em (humidade, líquido, cheiro)
Nederlands
trekken in (vocht, geur)

Gebrauchshinweise

Schreibvarianten

Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.

  • gezu
  • gezunn
  • sech zéien
  • zéi
  • zéien
  • zéien (bei)
  • zéien (un)
  • zéien an
  • zéien aus
  • zitt
  • zitts

Anwendungsbeispiele

  1. fréier hunn d'Brauereispäerd de Won mat de Béierfässer gezunn

    Bedeutung 1: ziehen

  2. dee laangen Zuch gouf vun zwou Lokomotive gezunn

    Bedeutung 1: ziehen

  3. wéi d'Diere vum Metro zougoungen, huet d'Mamm d'Kand nach séier bei sech gezunn

    Bedeutung 2: ziehen

  4. et ass verbueden, ouni Ursaach d'Noutbrems ze zéien

    Bedeutung 3: ziehen

  5. kleng Kanner vergiessen dacks, op der Toilette (Waasser) ze zéien

    Bedeutung 3: ziehen

  6. fir nei Kabelen ze zéien , gouf d'Strooss opgerappt

    Bedeutung 4: ziehen

  7. mir hunn en neien Drot ëm de Gaart gezunn

    Bedeutung 4: ziehen

  8. virum Wanter zitt de Fëscher säin Naachen aus dem Waasser

    Bedeutung 5: ziehen aus

  9. ech hunn näischt gemierkt, wéi den Täschendéif mer de Portmonni aus der Täsch gezunn huet

    Bedeutung 5: ziehen aus

  10. hoffentlech zitts de eng Léier aus där Geschicht!

    Bedeutung 5: ziehen aus

  11. zéi du léiwer e Lous, du hues méi Chance ewéi ech!

    Bedeutung 6: ziehen

  12. ech verstinn net, wéi hatt et mécht, fir all Kéier de Stippi ze zéien !

    Bedeutung 6: ziehen

  13. bei mengem Monni weess ech ni, ob en et eescht mengt oder ob e mech zitt

    umgangssprachlich

    Bedeutung 7: veralbern; veräppeln

  14. dee grousse Choix zitt vill Clienten an d'Geschäft

    Bedeutung 8: ziehen; locken

  15. am Summer zitt et vill Leit bei d'Waasser

    Bedeutung 8: ziehen; locken

  16. dat Evenement zitt d'Leit virun d'Tëlee

    Bedeutung 8: ziehen; locken

  17. huel d'Seel fest an de Grapp an dann zitts de (drun)!

    Bedeutung 9: ziehen (an)

  18. ech packen den Hond bal net, wann en esou un der Léngt zitt

    Bedeutung 9: ziehen (an)

  19. eis Hott zitt net méi richteg, de Filter wäert verstoppt sinn

    Bedeutung 10: ziehen

  20. déi Zort Filmer zitt haut net méi

    Bedeutung 11: ziehen (bei)

  21. esou Argumenter hu bei mengen Elteren ni gezunn

    Bedeutung 11: ziehen (bei)

  22. ech hunn den Téi opgeschott an zéng Minutten zéie gelooss

    Bedeutung 12: ziehen

  23. gréngen Téi däerf net ze laang zéien

    Bedeutung 12: ziehen

  24. de Kuch schmaacht besser, wann s de d'Roséngen e puer Stonnen am Rumm zéie léiss

    Bedeutung 12: ziehen

  25. esoulaang d'Wonn zitt , solls de se net verbannen

    Bedeutung 13: nässen

  26. hei bei der Fënster zitt et

    Bedeutung 14: ziehen

  27. zéi dech, du bass an de Féiss!

    Bedeutung 15: zur Seite gehen; ausweichen

  28. hätt ech mech net gezunn , hätt d'Schnéiklatz mech geroden

    Bedeutung 15: zur Seite gehen; ausweichen

  29. ech zéie mech, fir bei den Zänndokter ze goen

    umgangssprachlich

    Bedeutung 16: sich drücken

  30. d'Verhandlungen hu sech bis an d'Moiesstonne gezunn

    umgangssprachlich

    Bedeutung 17: sich (in die Länge) ziehen

  31. wann d'Madamm um Rez-de-chaussée Fritte mécht, zitt de Gestank duerch dat ganzt Trapenhaus

    Bedeutung 18: ziehen

  32. en atlantescht Déifdrockgebitt zitt a Richtung Lëtzebuerg

    Bedeutung 18: ziehen

  33. d'Nomaden zéie mat hire Kaméilen duerch d'Wüüst

    Bedeutung 18: ziehen

  34. d'Fiichtegkeet vun der Iwwerschwemmung ass an d'Fassad gezunn

    Bedeutung 19: ziehen in

  35. den Tubaksgestank zitt direkt an d'Kleeder

    Bedeutung 19: ziehen in

Konjugation

Infinitiv
zéien
Partizip Perfekt
gezunn
Hilfsverb
hunn
Indikativ · Präsens
ech
zéien (mech)
du
zitts (dech)
hien / hatt / si
zitt (sech)
mir
zéien (eis)
dir
zitt (iech)
si
zéien (sech)
Indikativ · Perfekt
ech
hunn (mech) gezunn
du
hues (dech) gezunn
hien / hatt / si
huet (sech) gezunn
mir
hunn (eis) gezunn
dir
hutt (iech) gezunn
si
hunn (sech) gezunn
Indikativ · Plusquamperfekt
ech
hat (mech) gezunn
du
has (dech) gezunn
hien / hatt / si
hat (sech) gezunn
mir
haten (eis) gezunn
dir
hat (iech) gezunn
si
haten (sech) gezunn
Konditional · Gegenwart
ech
géif / géing (mech) zéien
du
géifs / géings (dech) zéien
hien / hatt / si
géif / géing (sech) zéien
mir
géifen / géingen (eis) zéien
dir
géift / géingt (iech) zéien
si
géifen / géingen (sech) zéien
Konditional · Vergangenheit
ech
hätt (mech) gezunn
du
häss (dech) gezunn
hien / hatt / si
hätt (sech) gezunn
mir
hätten (eis) gezunn
dir
hätt (iech) gezunn
si
hätten (sech) gezunn
Imperativ · Präsens
du
zéi (dech)!
dir
zitt (iech)!
Indikativ · Präsens
ech
zéien
du
zitts
hien / hatt / si
zitt
mir
zéien
dir
zitt
si
zéien
Indikativ · Perfekt
ech
si gezunn
du
bass gezunn
hien / hatt / si
ass gezunn
mir
si gezunn
dir
sidd gezunn
si
si gezunn
Indikativ · Plusquamperfekt
ech
war gezunn
du
waars gezunn
hien / hatt / si
war gezunn
mir
ware gezunn
dir
waart gezunn
si
ware gezunn
Konditional · Gegenwart
ech
géif / géing zéien
du
géifs / géings zéien
hien / hatt / si
géif / géing zéien
mir
géifen / géingen zéien
dir
géift / géingt zéien
si
géifen / géingen zéien
Konditional · Vergangenheit
ech
wier gezunn
du
wiers gezunn
hien / hatt / si
wier gezunn
mir
wiere gezunn
dir
wiert gezunn
si
wiere gezunn
Imperativ · Präsens
du
zéi!
dir
zitt!

Quelle: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zum Wörterbuch →