Wat ass LuxVocabulary
LuxVocabulary bitt e véiersproochegt Wierderbuch, gratis Vocabulaire Léierspiller an e Premium Léiermodul. Ënnerstëtzte Sprooche sinn Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.
Gratis Spiller an Artikelen
Am Dictionnaire nokucken
Ufänken mat LuxVocabulary ze léieren
Vocabulaire Spiller
D'Léiere vun enger Sprooch fänkt mat dem Vocabulaire un. Jiddereen deen Englesch, Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch léiere wëll ka vun dëser Websäit profitéieren. Villäicht léiers Du Englesch als zweet Sprooch oder entdecks Deng éischt franséisch Wierder. Déi gratis Vocabulaire Spiller si fir Schüler vun all Alter gëeegent. LuxVocabulary ass mobilfrëndlech an erlaabt Dir ënnerwee ze léieren.
Den Ursprong vu LuxVocabulary
Ursprénglech hunn ech LuxVocabulary entwéckelt fir autonom Schüler beim Léiere vu Lëtzebuergesch z'ënnerstëtzen. Ech sinn an engem véiersproochegen Ëmfeld opgewuess a schwätze fléissend Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. D'Basis vum LuxVocabulary ass also e véiersproochegt Wierderbuch. Ganz séier war et kloer datt Mënsche weltwäit vun dëser Websäit profitéiere kënnen.
LuxVocabulary: Däin perséinlechen Enseignant
Lëtzebuerg ass dat Land mat dem héchste Bruttoinlandsprodukt pro Kapp (BIP) op der Welt an e schéint multikulturellt Land am Häerz vun Europa mat UNESCO-geschützte Siten an Eventer. Dowéinst wëlle vill Leit zu Lëtzebuerg schaffen a wunnen. Déi offiziell Sproochen si Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Et gi vill Weeër fir Lëtzebuergesch ze léieren, dorënner Appen, Websäiten a Coursen. De staarke Punkt vum LuxVocabulary ass datt en Dir hëlleft fir Vocabulaire an Dengem eegenen Tempo ze léieren. Du kanns LuxVocabulary als perséinlechen Enseignant benotze fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dem LuxVocabulary seng ursprénglech Iddi ass Dir beim Léiere vun der lëtzebuergescher Schreifweis ze hëllefen. LuxVocabulary erënnert sech un Deng Vokabulär Fortschrëtter a garantéiert datt Du d'Wierder widderhëls bis Du se kenns. Déi éischt Lektiounen si gratis fir Dir e Gefill vun der Premium Léiererfarung ze ginn. Et ass egal ob Du Lëtzebuerger bass oder ob Du d'Lëtzebuerger Nationalitéit wëlls kréien. Du bass vläicht u rare Sproochen interesséiert oder léiers just zum Spaass. Dir sidd all wëllkomm. Du kanns als nächst de Benotzerguide liesen a mat Übungen wéi dëser ufänken:
UleedungWeider Léierressourcen
Well LuxVocabulary um Open Source Inhalt vum Lëtzebuerger Online Wierderbuch baséiert, ass dee wichtegste Link d'LOD Homepage. Nieft dem LOD huet d'Lëtzebuerger Regierung och d'llo Websäit fir Lëtzebuergesch ze léieren erschaf.
Den ZLS ass den Zentrum vun der Regierung fir d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch a bitt relevant Linken. Zënter 2024 si vill zousätzlech Ressourcen an der Entwécklung vum LuxVocabulary berücksichtegt ginn.
Wéi kann ech LuxVocabulary ënnerstëtzen
Wann Dir gären zur Inhaltsentwécklung vun dëser Websäit bäidroe wëllt, kontaktéiert eis mam Kontaktlink ënnen ob der Säit. Fir d'Säit méi opfannbar ze maachen, sidd Dir häerzlech wëllkomm de Link op Ärer Websäit oder Ärem sozialen Netzwierk ze deelen.