abriechen

Lëtzebuergesch
English
to break open; to pull down; to break in(to); to collapse
Français
enfoncer; démolir; s'introduire par effraction; crouler
Deutsch
einbrechen; niederreißen; einstürzen
Type
VRB
Synonym
afalen; zesummebriechen; zesummefalen
Auxiliary
sinn
Participe passé
agebrach; agebrach

Aussprooch (IPA)

[ˈɑbʀiəɕən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
einbrechen (mit Gewalt öffnen)
Français
enfoncer (briser)
English
to break open
Português
arrombar (abrir à força)
Nederlands
openbreken (met geweld openen)

Bedeitung 2

Deutsch
einbrechen; niederreißen
Français
démolir (une construction)
English
to pull down (to demolish)
Português
derrubar; demolir (uma construção)
Nederlands
afbreken; slopen

Bedeitung 3

Deutsch
einbrechen (mit Gewalt eindringen)
Français
s'introduire par effraction
English
to break in(to)
Português
introduzir-se por arrombamento
Nederlands
inbreken (met geweld binnendringen)

Bedeitung 4

Deutsch
einbrechen; einstürzen
Français
crouler (tomber en s'affaissant)
English
to collapse
Português
desabar; ruir
Nederlands
instorten; inzakken

Synonymer

afalen · zesummebriechen · zesummefalen

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • abréchs
  • abrécht
  • abriechen
  • abriecht
  • agebrach
  • anzebriechen

Beispillsätz

  1. d'Pompjeeën hunn d'Dier missen abriechen , fir de Leit zu Hëllef ze kommen

    Bedeitung 1: enfoncer

  2. zënter si d'Mauer agebrach hunn , ass hire Salon vill méi grouss

    Bedeitung 2: démolir

  3. den Déif ass dës Nuecht an zwee Haiser agebrach

    Bedeitung 3: s'introduire par effraction

  4. den Daach ass ënnerem Gewiicht vum Schnéi agebrach

    Bedeitung 4: crouler

  5. bei der Iwwerschwemmung huet d'Bréck riskéiert anzebriechen

    Bedeitung 4: crouler

  6. beim Schlittschongfuere sinn déi Jugendlech duerch d'Äis agebrach

    Bedeitung 4: crouler

  7. d'Coursen op der Bourse sinn agebrach

    Bedeitung 4: crouler

Konjugatioun

Infinitiv
abriechen
Partizip
agebrach
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
briechen an
du
bréchs an
hien / hatt / si
brécht an
mir
briechen an
dir
briecht an
si
briechen an
Indikativ · Passé composé
ech
hunn agebrach
du
hues agebrach
hien / hatt / si
huet agebrach
mir
hunn agebrach
dir
hutt agebrach
si
hunn agebrach
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat agebrach
du
has agebrach
hien / hatt / si
hat agebrach
mir
haten agebrach
dir
hat agebrach
si
haten agebrach
Conditionnel · Present
ech
géif / géing abriechen
du
géifs / géings abriechen
hien / hatt / si
géif / géing abriechen
mir
géifen / géingen abriechen
dir
géift / géingt abriechen
si
géifen / géingen abriechen
Conditionnel · Passé
ech
hätt agebrach
du
häss agebrach
hien / hatt / si
hätt agebrach
mir
hätten agebrach
dir
hätt agebrach
si
hätten agebrach
Imperativ · Present
du
briech an!
dir
briecht an!
Indikativ · Present
ech
briechen an
du
bréchs an
hien / hatt / si
brécht an
mir
briechen an
dir
briecht an
si
briechen an
Indikativ · Passé composé
ech
sinn agebrach
du
bass agebrach
hien / hatt / si
ass agebrach
mir
sinn agebrach
dir
sidd agebrach
si
sinn agebrach
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war agebrach
du
waars agebrach
hien / hatt / si
war agebrach
mir
waren agebrach
dir
waart agebrach
si
waren agebrach
Conditionnel · Present
ech
géif / géing abriechen
du
géifs / géings abriechen
hien / hatt / si
géif / géing abriechen
mir
géifen / géingen abriechen
dir
géift / géingt abriechen
si
géifen / géingen abriechen
Conditionnel · Passé
ech
wier agebrach
du
wiers agebrach
hien / hatt / si
wier agebrach
mir
wieren agebrach
dir
wiert agebrach
si
wieren agebrach
Imperativ · Present
du
briech an!
dir
briecht an!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →