ausdrécken
Lëtzebuergesch
- English
- to squeeze; to stub out; to express; to express oneself
- Français
- presser; écraser; exprimer; s'exprimer
- Deutsch
- auspressen; ausdrücken; äußern; sich ausdrücken
- Type
- VRB
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- ausgedréckt
Aussprooch (IPA)
[ˈæːʊsdʀekən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- ausdrücken; auspressen
- Français
- presser (pour extraire un liquide)
- English
- to squeeze
- Português
- espremer (para extrair um líquido)
- Nederlands
- uitpersen; uitknijpen; uitwringen
Bedeitung 2
- Deutsch
- ausdrücken (löschen)
- Français
- écraser (une cigarette)
- English
- to stub out
- Português
- apagar (um cigarro)
- Nederlands
- uitdrukken; uitduwen
Bedeitung 3
- Deutsch
- ausdrücken; äußern
- Français
- exprimer (formuler)
- English
- to express (to communicate)
- Português
- exprimir (formular)
- Nederlands
- uiten; uitdrukken (onder woorden brengen)
Bedeitung 4
- Deutsch
- sich ausdrücken
- Français
- s'exprimer
- English
- to express oneself
- Português
- exprimir-se
- Nederlands
- zich uitdrukken; zich uiten
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- ausdrécken
- ausdrécks
- ausdréckt
- ausgedréckt
- ausgedrécktem
- ausgedréckten
- ausgedréckter
- auszedrécken
- sech ausdrécken
Beispillsätz
fir dëst Rezept mussen zwou Zitrounen ausgedréckt ginn
Bedeitung 1: presser
dréck de Schwamp iwwerem Waassersteen aus !
Bedeitung 1: presser
ech drécke meng Zigarett am Äschebecher aus
Bedeitung 2: écraser
jidderee soll seng Meenung kënnen ausdrécken
Bedeitung 3: exprimer
mäi Papp huet dee Wonsch schonn e puermol ausgedréckt
Bedeitung 3: exprimer
mir drécken der Famill am Trauer eist Bäileed aus
Bedeitung 3: exprimer
d'Walresultater sinn a Prozenter ausgedréckt
Bedeitung 3: exprimer
de Riedner huet sech net kloer ausgedréckt
Bedeitung 4: s'exprimer
ech ka mech am beschten a menger Mammesprooch ausdrécken
Bedeitung 4: s'exprimer
d'Solidaritéit kann sech op verschidde Manéieren ausdrécken
Bedeitung 4: s'exprimer
Konjugatioun
- Infinitiv
- ausdrécken
- Partizip
- ausgedréckt
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- drécken (mech) aus
- du
- drécks (dech) aus
- hien / hatt / si
- dréckt (sech) aus
- mir
- drécken (eis) aus
- dir
- dréckt (iech) aus
- si
- drécken (sech) aus
Indikativ · Passé composé
- ech
- hunn (mech) ausgedréckt
- du
- hues (dech) ausgedréckt
- hien / hatt / si
- huet (sech) ausgedréckt
- mir
- hunn (eis) ausgedréckt
- dir
- hutt (iech) ausgedréckt
- si
- hunn (sech) ausgedréckt
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat (mech) ausgedréckt
- du
- has (dech) ausgedréckt
- hien / hatt / si
- hat (sech) ausgedréckt
- mir
- haten (eis) ausgedréckt
- dir
- hat (iech) ausgedréckt
- si
- haten (sech) ausgedréckt
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing (mech) ausdrécken
- du
- géifs / géings (dech) ausdrécken
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) ausdrécken
- mir
- géifen / géingen (eis) ausdrécken
- dir
- géift / géingt (iech) ausdrécken
- si
- géifen / géingen (sech) ausdrécken
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt (mech) ausgedréckt
- du
- häss (dech) ausgedréckt
- hien / hatt / si
- hätt (sech) ausgedréckt
- mir
- hätten (eis) ausgedréckt
- dir
- hätt (iech) ausgedréckt
- si
- hätten (sech) ausgedréckt
Imperativ · Present
- du
- dréck (dech) aus!
- dir
- dréckt (iech) aus
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →