Bësch

Lëtzebuergesch
English
wood
Français
bois
Deutsch
Wald
Type
SUBST M
Plural
Bëscher

Aussprooch (IPA)

[bəʃ]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Wald
Français
forêt; bois
English
forest; wood
Português
floresta; bosque
Nederlands
bos; woud
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Bësch
  • Bëscher

Beispillsätz

  1. mir ginn all Sonndeg an de Bësch spadséieren

    Bedeitung: forêt; bois

  2. de Stuerm huet an de Bëscher vill Beem ëmgeluecht

    Bedeitung: forêt; bois

  3. bass de erëm am Bësch ?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: forêt; bois

  4. den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: forêt; bois

  5. esou wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et erëm

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: forêt; bois

  6. ech hunn esou vill ze dinn, datt ech vun elauter Beem de Bësch net méi gesinn

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: forêt; bois

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →