bleiwen

Lëtzebuergesch
English
to remain; to be left to; to stick with
Français
rester; rester à; affirmer fermement
Deutsch
bleiben; bleiben zu; bleiben bei
Type
VRB
Auxiliary
sinn
Participe passé
bliwwen

Prononciation (API)

[blˈɑɪvən]

Sens et traductions

Sens 1

Deutsch
bleiben (an einem Ort)
Français
rester (demeurer dans un endroit)
English
to stay; to remain (in a place)
Português
ficar (conservar-se num sítio)
Nederlands
blijven (op een plaats)

Sens 2

Deutsch
bleiben (in einer Lage, in einem Zustand)
Français
rester (maintenir une position ou un état, demeurer dans une fonction)
English
to stay; to remain (in a position or a state)
Português
ficar; manter-se (numa posição, num estado, numa função)
Nederlands
blijven (in een positie of toestand)

Sens 3

Deutsch
bleiben (fortbestehen, übrig bleiben)
Français
rester (subsister)
English
to remain (to persist, to be left)
Português
ficar; restar (persistir, sobrar)
Nederlands
blijven (blijven bestaan, over blijven)

Sens 4

Deutsch
bleiben zu (in Zukunft zu tun sein)
Français
rester à (devoir être fait à l'avenir)
English
to be left to
Português
restar; faltar (ficar por fazer)
Nederlands
(te doen) blijven

Sens 5

Deutsch
bleiben bei (festhalten an)
Français
maintenir; affirmer fermement (son opinion, son point de vue)
English
to stick with
Português
manter; sustentar (a sua opinião, o seu ponto de vista)
Nederlands
blijven bij (vasthouden aan)

Notes d’usage

Variantes orthographiques

Seules les variantes vérifiées par la source sont suggérées.

  • bleif
  • bléifen
  • bleifs
  • bleift
  • bleiwe bei
  • bleiwen
  • bleiwen ze
  • bliwwen
  • blouf
  • bloufen
  • bloufs
  • blouft
  • blouwen

Exemples d’utilisation

  1. ech kann net laang bleiwen , ech hunn ëm zwou Auer e Rendez-vous

    Sens 1: rester

  2. de Papp kënnt net heem iessen, e bleift léiwer an der Stad

    Sens 1: rester

  3. dat bleift ënner eis!

    Sens 1: rester

  4. dat bleift an der Famill!

    familier

    Sens 1: rester

  5. dat ass mir net an Erënnerung bliwwen

    Sens 1: rester

  6. bleif mer vum Leif!

    familier

    Sens 1: rester

  7. bleif roueg leien, et ass nach fréi am Mueren!

    Sens 2: rester

  8. muer bleift de Stadzentrum fir den Autosverkéier gespaart

    Sens 2: rester

  9. d'Koppel ass sech hiert Liewe laang trei bliwwen

    Sens 2: rester

  10. mäi Monni blouf säi Liewe laang en Näischnotz

    Sens 2: rester

  11. bleif , wéi s de bass!

    Sens 2: rester

  12. d'Zäit vergeet, mee d'Problemer bleiwen

    Sens 3: rester

  13. et ass keng Zäit méi dofir bliwwen

    Sens 3: rester

  14. et bleift eis keng aner Wiel

    Sens 3: rester

  15. et bleiwen nëmme méi 100 Euro ze bezuelen

    Sens 4: rester à

  16. zwou Froe bleiwen nach ze klären

    Sens 4: rester à

  17. du kanns soen, wat s de wëlls, ech bleiwe bei menger Meenung

    Sens 5: maintenir; affirmer fermement

  18. den Zeien ass bei sengen Aussoe bliwwen

    Sens 5: maintenir; affirmer fermement

  19. dobäi bleift et!

    familier

    Sens 5: maintenir; affirmer fermement

  20. bleif bei der Wouerecht!

    Sens 5: maintenir; affirmer fermement

Conjugaison

Infinitif
bleiwen
Participe passé
bliwwen
Auxiliaire
sinn
Indicatif · Présent
ech
bleiwen
du
bleifs
hien / hatt / si
bleift
mir
bleiwen
dir
bleift
si
bleiwen
Indicatif · Prétérit
ech
blouf
du
bloufs
hien / hatt / si
blouf
mir
bloufen / blouwen
dir
blouft
si
bloufen / blouwen
Indicatif · Passé composé
ech
si bliwwen
du
bass bliwwen
hien / hatt / si
ass bliwwen
mir
si bliwwen
dir
sidd bliwwen
si
si bliwwen
Indicatif · Plus-que-parfait
ech
war bliwwen
du
waars bliwwen
hien / hatt / si
war bliwwen
mir
ware bliwwen
dir
waart bliwwen
si
ware bliwwen
Conditionnel · presentSimple
ech
bléif
du
bléifs
hien / hatt / si
bléif
mir
bléifen / bléiwen
dir
bléift
si
bléifen / bléiwen
Conditionnel · Présent
ech
géif / géing bleiwen
du
géifs / géings bleiwen
hien / hatt / si
géif / géing bleiwen
mir
géifen / géinge bleiwen
dir
géift / géingt bleiwen
si
géifen / géinge bleiwen
Conditionnel · Passé
ech
wier bliwwen
du
wiers bliwwen
hien / hatt / si
wier bliwwen
mir
wiere bliwwen
dir
wiert bliwwen
si
wiere bliwwen
Impératif · Présent
du
bleif!
dir
bleift!

Source : ZLS / LOD · juillet 2026 · CC0

Retour au dictionnaire →