Doud

Lëtzebuergesch
English
death
Français
mort
Deutsch
Tod
Type
SUBST M

Aussprooch (IPA)

[dəʊt]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Tod
Français
mort
English
death
Português
morte
Nederlands
dood
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Doud

Beispillsätz

  1. d'Grousstatta huet kuerz virum Doud hiert Testament geännert

    Bedeitung: mort

  2. ech hunn déi trauereg Flicht, Iech den Doud vun eiser Kolleegin matzedeelen

    Bedeitung: mort

  3. ëmsoss ass der Doud , mee dee kascht d'Liewen!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  4. meng Mamm kann sech zu Doud iwwer meng Onuerdnung opreegen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  5. ech hu mech zu Doud bei deem Film gelangweilt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  6. deem enge säin Doud , deem anere säi Brout!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  7. dat wier mäin Doud !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  8. mir hunn eis gëschter (bal) der Doud opgeraf!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  9. dee rosene Client huet mir mat Doud an der Däiwel gedreet

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  10. ech hu vun der Doud an der Däiwel näischt verstanen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  11. dat kann ech op der Doud net ausstoen!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

  12. hie gesäit aus ewéi der Doud säi Reesender

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: mort

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →