Ee

Lëtzebuergesch
English
egg
Français
œuf
Deutsch
Ei
Type
SUBST N
Plural
Eeër

Aussprooch (IPA)

[eː]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Ei
Français
œuf
English
egg
Português
ovo
Nederlands
ei
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Ee
  • Eeër

Beispillsätz

  1. de Guckuck leet seng Eeër a friem Näschter

    Bedeitung: œuf

  2. hues de léiwer en haartgekachtent oder e luesgekachtent Ee ?

    Bedeitung: œuf

  3. d'Kanner hu fir Ouschteren e puer Dosen Eeër gefierft

    Bedeitung: œuf

  4. mir souzen ewéi op Eeër

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  5. är Zwillinge gläichen sech ewéi een Ee deem aneren

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  6. deen do muss de upaken ewéi e réit Ee !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  7. dat ass net dat Gielt vum Ee !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  8. géi klapp der en Ee !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  9. domat hues du däin Ee geluecht!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  10. d'Kand huet en Ee op der Stier

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

  11. eise Léierbouf kann de ganzen Dag un engem Ee schielen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung: œuf

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →