hunn

Lëtzebuergesch
English
to have; to have with one; to have for; to have from; to have an argument (with); to discuss; to be easy for
Français
posséder; avoir; disposer de; ressentir; être accompagné de; tenir de; en avoir pour; profiter de; se disputer (avec); parler de; avoir beau jeu de; devoir
Deutsch
besitzen; haben; dabeihaben; haben von; haben (zu); etwas haben von; sich streiten (mit); reden von; leicht haben zu; haben zu
Type
VRB
Synonym
mussen; streiden (mat)
Auxiliary
hunn
Participe passé
gehat

Pronunciation (IPA)

[hun]

Meanings and translations

Meaning 1

Deutsch
haben; besitzen
Français
avoir; posséder
English
to have (to own)
Português
ter; possuir
Nederlands
hebben; bezitten

Meaning 2

Deutsch
haben (durch soziale Bindung)
Français
avoir (par relation sociale)
English
to have (through a relationship)
Português
ter (por vínculo social)
Nederlands
hebben (door sociale binding)

Meaning 3

Deutsch
haben (verfügen über)
Français
avoir (sous la main); disposer de
English
to have (at one's disposal)
Português
ter (à mão); dispor de
Nederlands
hebben (beschikken over)

Meaning 4

Deutsch
haben (eine Eigenschaft)
Français
avoir (une caractéristique)
English
to have (a characteristic)
Português
ter (uma característica)
Nederlands
hebben (een eigenschap)

Meaning 5

Deutsch
haben (pflegen, unterhalten)
Français
avoir (entretenir)
English
to have (to be in touch with, to be involved with)
Português
ter (manter)
Nederlands
hebben (onderhouden)

Meaning 6

Deutsch
haben (verspüren, empfinden)
Français
avoir; ressentir (éprouver)
English
to have (to feel)
Português
ter; sentir; estar com
Nederlands
hebben (voelen, ondervinden)

Meaning 7

Deutsch
haben (eine Erkrankung)
Français
avoir (une maladie, une affection)
English
to have (an illness)
Português
ter (uma doença, uma afeção)
Nederlands
hebben (een ziekte)

Meaning 8

Deutsch
haben (gewisse Umstände)
Français
avoir (certaines circonstances)
English
to have (to experience)
Português
ter (certas circunstâncias)
Nederlands
hebben (bepaalde omstandigheden)

Meaning 9

Deutsch
haben (zu tun haben mit)
Français
avoir (être confronté à)
English
to have (to be confronted with)
Português
ter (estar confrontado com)
Nederlands
hebben (te maken hebben met, geconfronteerd zijn met)

Meaning 10

Deutsch
bei sich haben; dabeihaben
Français
avoir sur soi; être accompagné de (un objet; d'une personne)
English
to have on one; to have with one
Português
ter consigo; estar acompanhado de (um objeto; de uma pessoa)
Nederlands
bij zich hebben

Synonyms

derbäihunn

Meaning 11

Deutsch
haben von (erhalten haben von, geerbt haben von)
Français
tenir de (avoir reçu de, avoir hérité de)
English
to have from; to have (to have received from; to have inherited from)
Português
ter recebido de; ter de (ter obtido de; ter herdado de)
Nederlands
hebben van (gekregen hebben van, geërfd hebben van)

Meaning 12

Deutsch
kommen auf; haben (zu) (zahlen müssen; erledigen, verbüßen müssen)
Français
en avoir pour (une certaine somme d'argent, un certain temps)
English
to have for (an amount of money, a period of time)
Português
ter de pagar; ter de cumprir; demorar (uma certa quantia; uma sentença de prisão; um certo tempo)
Nederlands
hebben voor; voor de boeg hebben; een bepaalde tijd (moeten betalen)

Meaning 13

Deutsch
etwas haben von (Nutzen haben von)
Français
profiter de (tirer profit de)
English
to have from (to profit from)
Português
aproveitar (tirar proveito de)
Nederlands
iets hebben aan (nut hebben van, profiteren van)

Meaning 14

colloquial

Deutsch
sich streiten (mit)
Français
se disputer (avec)
English
to have an argument (with)
Português
brigar (com); discutir (com)
Nederlands
ruzie hebben met

Synonyms

streiden (mat)

Meaning 15

colloquial

Deutsch
diskutieren über; reden von
Français
discuter de; parler de
English
to discuss
Português
conversar sobre; falar de
Nederlands
discussiëren over

Meaning 16

Deutsch
haben zu (müssen)
Français
avoir à; devoir
English
to have to; must (to be obliged to)
Português
ter de; dever
Nederlands
hebben te (moeten, verplicht zijn)

Synonyms

mussen

Usage notes

Spelling variants

Only source-reviewed variants are suggested.

  • bei sech hunn
  • eppes hu vun
  • gehat
  • has
  • häss
  • hat
  • haten
  • hätt
  • hätten
  • hief
  • hieft
  • hu
  • hu fir
  • hu vun
  • hues
  • huet
  • hunn
  • hunn ze
  • hutt
  • sech hu mat
  • sech hunn
  • sech hunn (mat)

Example sentences

  1. mäi Schwoer huet dräi Autoen, e fiert awer nëmme mat engem

    Meaning 1: to have

  2. et muss ee vill Suen hunn , fir sech esou en Haus kënnen ze leeschten

    Meaning 1: to have

  3. meng Tatta huet eng heemlech Mouk

    Meaning 1: to have

  4. wie vill huet , ass vill gehäit!

    Meaning 1: to have

  5. gleef mer es, déi doten hunn et!

    colloquial

    Meaning 1: to have

  6. wat wëlls de hunn !

    colloquial

    Meaning 1: to have

  7. ech si fortgerannt, wat gëss de, wat hues de!

    colloquial

    Meaning 1: to have

  8. fréier haten d'Leit gewéinlech méi Kanner ewéi haut

    Meaning 2: to have

  9. hien hat nach ni eng Frëndin

    Meaning 2: to have

  10. et ass gutt, Kolleegen ze hunn , op déi ee kann zielen

    Meaning 2: to have

  11. hues du e Fixspoun, fir d'Käerz unzefänken?

    Meaning 3: to have

  12. et ass ellen, wann een näischt méi z'iessen huet

    Meaning 3: to have

  13. eis Äerd huet keng onbegrenzt Ressourcen

    Meaning 3: to have

  14. mir hunn d'nächst Woch keng Zäit

    Meaning 3: to have

  15. weess du e Geschäft, dat nach Kenkien huet ?

    Meaning 3: to have

  16. hien huet keng Gutt an der Kopp

    colloquial

    Meaning 3: to have

  17. du hues se net méi all!

    colloquial

    Meaning 3: to have

  18. dat Kand huet e gudde Charakter

    Meaning 4: to have

  19. hien huet ze vill laang Been, fir sech an dee klengen Auto ze setzen

    Meaning 4: to have

  20. pass op, dat Medikament huet eng Rei Niewewierkungen!

    Meaning 4: to have

  21. hien huet nawell Geschéck am Ëmgang mat Kanner

    Meaning 4: to have

  22. hien huet iergendeppes (u sech), wat mir net geet!

    Meaning 4: to have

  23. hief e bësse Gedold!

    Meaning 4: to have

  24. hien huet dat esou un sech

    colloquial

    Meaning 4: to have

  25. dat huet näischt op sech

    colloquial

    Meaning 4: to have

  26. dat huet munches fir sech

    colloquial

    Meaning 4: to have

  27. pass op, dee Wäin huet et an sech!

    colloquial

    Meaning 4: to have

  28. hutt dir nach ëmmer Kontakt mat ärer Famill an Amerika?

    Meaning 5: to have

  29. hien huet e Verhältnis mat enger bestueter Fra

    Meaning 5: to have

  30. ech mengen, déi do zwee hunn eppes mateneen

    Meaning 5: to have

  31. ech hat eng immens Péng am Zant!

    Meaning 6: to have

  32. hien huet vill Freed u senger Aarbecht

    Meaning 6: to have

  33. wéi den Haaptplat zerwéiert gouf, hat ech scho keen Honger méi

    Meaning 6: to have

  34. da so eis dach endlech, wat s de hues !

    Meaning 6: to have

  35. ech hunn es bis hier!

    Meaning 6: to have

  36. d'Cheffin kënnt haut net schaffen, well se d'Gripp huet

    Meaning 7: to have

  37. hien huet Féiwer a seng Zong ass beluecht

    Meaning 7: to have

  38. mir deet alles wéi, mee den Dokter seet, ech hätt näischt

    Meaning 7: to have

  39. ech hunn et am Réck

    colloquial

    Meaning 7: to have

  40. mir haten all Dag gutt Wieder an eiser Vakanz

    Meaning 8: to have

  41. hien huet 36 Joer

    Meaning 8: to have

  42. mir hunn haut Freideg

    Meaning 8: to have

  43. wéi vill Auer hu mer?

    Meaning 8: to have

  44. bei der Bomi hunn d'Kanner et ëmmer gutt

    Meaning 8: to have

  45. verschidde Leit hunn et am Liewe méi schwéier ewéi anerer

    Meaning 8: to have

  46. virun zwee Méint hate mer schonn en änleche Fall

    Meaning 9: to have

  47. hei am Land huet e Riichter iwwer 200 Affären am Joer

    Meaning 9: to have

  48. op der Musel hunn se reegelméisseg Iwwerschwemmungen

    Meaning 9: to have

  49. elo hu mer et!

    colloquial

    Meaning 9: to have

  50. et huet ee Fäll, déi net ze heele sinn

    Meaning 9: to have

  51. du hues Géigenden, wou et seele reent

    Meaning 9: to have

  52. hien huet ni Sue bei sech

    Meaning 10: to have on one; to have with one

  53. hutt Dir Äre Fürerschäi bei Iech?

    Meaning 10: to have on one; to have with one

  54. si haten hir Kanner bei sech

    Meaning 10: to have on one; to have with one

  55. de Journalist verréit net, vu wiem e seng Informatiounen huet

    Meaning 11: to have from; to have

  56. hien huet d'Nues vu sengem Papp

    Meaning 11: to have from; to have

  57. mir haten am Restaurant fir ëm déi 50 Euro

    Meaning 12: to have for

  58. de Prisonéier huet nach fir dräi Joer

    Meaning 12: to have for

  59. hien huet net méi fir laang

    colloquial

    Meaning 12: to have for

  60. et soll jiddereen eppes dovun hunn

    Meaning 13: to have from

  61. ech hat net vill vu menger Vakanz

    Meaning 13: to have from

  62. hien hat sech gëschter erëm mat sengem Patron

    colloquial

    Meaning 14: to have an argument (with)

  63. den Noper a seng Fra hunn sech all gudden Dag (mateneen)

    colloquial

    Meaning 14: to have an argument (with)

  64. um Stamminee hate mer eis mat de Walresultater

    colloquial

    Meaning 15: to discuss

  65. du hues hei ze follegen!

    Meaning 16: to have to; must

Verb conjugation

Infinitive
hunn
Past participle
gehat
Auxiliary
hunn
Indicative · Present
ech
hunn (mech)
du
hues (dech)
hien / hatt / si
huet (sech)
mir
hunn (eis)
dir
hutt (iech)
si
hunn (sech)
Indicative · Simple past
ech
hat (mech)
du
has (dech)
hien / hatt / si
hat (sech)
mir
haten (eis)
dir
hat (iech)
si
haten (sech)
Indicative · Perfect
ech
hunn (mech) gehat
du
hues (dech) gehat
hien / hatt / si
huet (sech) gehat
mir
hunn (eis) gehat
dir
hutt (iech) gehat
si
hunn (sech) gehat
Indicative · Pluperfect
ech
hat (mech) gehat
du
has (dech) gehat
hien / hatt / si
hat (sech) gehat
mir
haten (eis) gehat
dir
hat (iech) gehat
si
haten (sech) gehat
Conditional · presentSimple
ech
hätt (mech)
du
häss (dech)
hien / hatt / si
hätt (sech)
mir
hätten (eis)
dir
hätt (iech)
si
hätten (sech)
Conditional · Present
ech
géif / géing (mech) hunn
du
géifs / géings (dech) hunn
hien / hatt / si
géif / géing (sech) hunn
mir
géifen / géingen (eis) hunn
dir
géift / géingt (iech) hunn
si
géifen / géingen (sech) hunn
Conditional · Past
ech
hätt (mech) gehat
du
häss (dech) gehat
hien / hatt / si
hätt (sech) gehat
mir
hätten (eis) gehat
dir
hätt (iech) gehat
si
hätten (sech) gehat
Imperative · Present
du
hief (dech)!
dir
hieft / hutt (iech)!

Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0

Back to dictionary →