klammen
Lëtzebuergesch
- English
- to climb; to climb over; to mount; to climb out of
- Français
- monter; grimper; descendre; faire de l'alpinisme; augmenter
- Deutsch
- steigen; klettern
- Type
- VRB
- Synonym
- kloteren
- Auxiliary
- sinn
- Participe passé
- geklommen; geklomm
Aussprooch (IPA)
[klˈɑmən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- steigen (sich aufwärts bewegen)
- Français
- grimper; monter (se déplacer verticalement, gagner en altitude)
- English
- to climb (to ascend)
- Português
- subir (mover-se na vertical, ganhar altitude)
- Nederlands
- stijgen; klimmen (omhooggaan)
Bedeitung 2
- Deutsch
- steigen (sich kletternd begeben)
- Français
- grimper (monter, descendre, franchir en grimpant)
- English
- to climb (up); to climb down; to climb over
- Português
- subir; descer (com a ajuda de pés e mãos)
- Nederlands
- klimmen (zich klimmend voortbewegen)
Synonymer
kloteren
Bedeitung 3
- Deutsch
- steigen (einsteigen, aufsitzen)
- Français
- monter (s'installer)
- English
- to climb in(to); to climb on; to mount (a car, a bath; a bicycle)
- Português
- subir; montar (instalar-se)
- Nederlands
- instappen; opstappen
Bedeitung 4
- Deutsch
- steigen (aussteigen, absitzen)
- Français
- descendre (s'extraire, sortir)
- English
- to climb out of
- Português
- descer (apear, sair)
- Nederlands
- uitstappen; afstappen
Bedeitung 5
- Deutsch
- klettern (Bergsport betreiben)
- Français
- faire de l'escalade; faire de l'alpinisme
- English
- to climb (mountains)
- Português
- fazer escalada; fazer alpinismo
- Nederlands
- klimmen (bergsport)
Synonymer
kloteren
Bedeitung 6
- Deutsch
- steigen (zunehmen, ansteigen)
- Français
- monter; augmenter
- English
- to climb; to increase
- Português
- subir (aumentar)
- Nederlands
- stijgen
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- geklomm
- geklommen
- klamm
- klammen
- klammt
- klëmms
- klëmmt
Beispillsätz
fir kënnen ze klammen , muss e Ballon mat waarmer Loft gefëllt ginn
Bedeitung 1: grimper; monter
hie klëmmt op d'Leeder, fir eng nei Bier anzedréien
Bedeitung 2: grimper
klamm emol op de Späicher kucken, ob d'Daachliicht zou ass!
Bedeitung 2: grimper
d'Pompjeeë sinn an de Pëtz geklommen
Bedeitung 2: grimper
d'Bouwe sinn iwwer d'Mauer geklommen
Bedeitung 2: grimper
klamm séier an den Auto, mir hu schonn 20 Minutte Verspéidung!
Bedeitung 3: monter
no mengem Accident konnt ech eng Zäit net eleng an d'Bidde klammen
Bedeitung 3: monter
de Bouf ka schonn eleng op säi Vëlo klammen
Bedeitung 3: monter
hëllef der Bomi, fir aus dem Auto ze klammen !
Bedeitung 4: descendre
wann et staark biergop geet, klammen ech vum Vëlo
Bedeitung 4: descendre
si ginn, esou dacks et geet, an d'Bierger klammen
Bedeitung 5: faire de l'escalade; faire de l'alpinisme
d'Präisser vum Bensinn klamme schonn erëm
Bedeitung 6: monter; augmenter
nom ville Ree sinn d'Peegele vun de Baache geklommen
Bedeitung 6: monter; augmenter
Konjugatioun
- Infinitiv
- klammen
- Partizip
- geklommen / geklomm
- Hëllefsverb
- sinn
Indikativ · Present
- ech
- klammen
- du
- klëmms
- hien / hatt / si
- klëmmt
- mir
- klammen
- dir
- klammt
- si
- klammen
Indikativ · Passé composé
- ech
- si geklommen / geklomm
- du
- bass geklommen / geklomm
- hien / hatt / si
- ass geklommen / geklomm
- mir
- si geklommen / geklomm
- dir
- sidd geklommen / geklomm
- si
- si geklommen / geklomm
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- war geklommen / geklomm
- du
- waars geklommen / geklomm
- hien / hatt / si
- war geklommen / geklomm
- mir
- ware geklommen / geklomm
- dir
- waart geklommen / geklomm
- si
- ware geklommen / geklomm
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing klammen
- du
- géifs / géings klammen
- hien / hatt / si
- géif / géing klammen
- mir
- géifen / géinge klammen
- dir
- géift / géingt klammen
- si
- géifen / géinge klammen
Conditionnel · Passé
- ech
- wier geklommen / geklomm
- du
- wiers geklommen / geklomm
- hien / hatt / si
- wier geklommen / geklomm
- mir
- wiere geklommen / geklomm
- dir
- wiert geklommen / geklomm
- si
- wiere geklommen / geklomm
Imperativ · Present
- du
- klamm!
- dir
- klammt!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →