kucken
Lëtzebuergesch
- English
- to look at; to see; to look; to look after; to make sure; to pay attention to
- Français
- regarder; vérifier; avoir le regard; s'occuper de; jeter un coup d'œil sur; veiller à ce que; attacher de l'importance à
- Deutsch
- ansehen; nachsehen; blicken; dreinblicken; sich kümmern um; durchsehen; dafür sorgen, dass; Wert legen auf
- Type
- VRB
- Synonym
- drakucken
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- gekuckt
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- sehen; ansehen
- Français
- regarder (pour voir)
- English
- to look; to watch; to look at
- Português
- olhar; mirar
- Nederlands
- kijken (naar)
Bedeitung 2
- Deutsch
- nachsehen (überprüfen)
- Français
- regarder; vérifier
- English
- to look; to see (to check)
- Português
- ver; verificar
- Nederlands
- kijken (checken)
Bedeitung 3
- Deutsch
- blicken
- Français
- regarder (jeter un regard)
- English
- to look; to see (to have a view)
- Português
- ver; olhar (avistar, dirigir a vista)
- Nederlands
- kijken (een blik werpen)
Bedeitung 4
- Deutsch
- dreinblicken
- Français
- avoir l'air; avoir le regard (paraître)
- English
- to look (to seem)
- Português
- estar com um olhar (parecer)
- Nederlands
- kijken (met een bepaalde blik)
Synonymer
drakucken
Bedeitung 5
- Deutsch
- sich kümmern um
- Français
- prendre soin de; s'occuper de
- English
- to look after
- Português
- olhar por; cuidar de; ocupar-se de
- Nederlands
- kijken naar (zich bekommeren om)
Bedeitung 6
- Deutsch
- schauen über; durchsehen
- Français
- jeter un coup d'œil sur (pour contrôler, pour vérifier)
- English
- to go over; to look through
- Português
- dar uma vista de olhos a
- Nederlands
- doorkijken (vluchtig doornemen)
Bedeitung 7
- Deutsch
- zusehen, dass; dafür sorgen, dass
- Français
- veiller à ce que
- English
- to see; to make sure
- Português
- tratar de que; velar para que
- Nederlands
- ervoor zorgen dat
Bedeitung 8
- Deutsch
- achten auf; Wert legen auf
- Français
- faire attention à; attacher de l'importance à
- English
- to look to; to pay attention to
- Português
- prestar atenção a; dar importância a
- Nederlands
- waarde hechten aan
Hiweiser zum Gebrauch
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- gekuckt
- gekucktem
- gekuckten
- gekuckter
- kuck
- kucken
- kucken iwwer
- kucken no
- kucken op
- kucken, datt
- kucks
- kuckt
Beispillsätz
kuck mech emol an d'Aen!
Bedeitung 1: regarder
solle mer e bëssen Tëlee kucken ?
Bedeitung 1: regarder
mir hunn de ganzen Owend Fotoe gekuckt
Bedeitung 1: regarder
kuck emol, wat ech hei fonnt hunn!
Bedeitung 1: regarder
kuck emol, ob s de deng Nuesschnappecher an der Posch hues!
Bedeitung 2: regarder; vérifier
vum Waassertuerm aus kanns de iwwer d'ganz Stad kucken
Bedeitung 3: regarder
hues de schonn op d'Auer gekuckt ?
Bedeitung 3: regarder
hie kuckt mam rietsen A an déi lénks Täsch
ëmgangssproochlech
Bedeitung 3: regarder
de Papp huet béis gekuckt , wéi d'Kanner ze spéit heemkoumen
Bedeitung 4: avoir l'air; avoir le regard
ech hu grouss gekuckt , wéi hien zur Dier erakoum
ëmgangssproochlech
Bedeitung 4: avoir l'air; avoir le regard
ech muss no menger Bomi kucken , well se krank ass
Bedeitung 5: prendre soin de; s'occuper de
kuck nom Feier, soss geet et aus!
Bedeitung 5: prendre soin de; s'occuper de
suerg du fir d'Gedrénks, mir kucken nom Iessen!
Bedeitung 5: prendre soin de; s'occuper de
ech kucken den Owend nach eng Kéier iwwer deng Hausaufgaben
Bedeitung 6: jeter un coup d'œil sur
mir musse kucken , datt mer genuch waarmt Gezei mathuelen
Bedeitung 7: veiller à ce que
kuck , datt s de den Owend matzäit heiheem bass!
Bedeitung 7: veiller à ce que
eis Wënzer kucke méi op d'Qualitéit ewéi op d'Quantitéit
Bedeitung 8: faire attention à; attacher de l'importance à
Konjugatioun
- Infinitiv
- kucken
- Partizip
- gekuckt
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- kucken
- du
- kucks
- hien / hatt / si
- kuckt
- mir
- kucken
- dir
- kuckt
- si
- kucken
Indikativ · Passé composé
- ech
- hu gekuckt
- du
- hues gekuckt
- hien / hatt / si
- huet gekuckt
- mir
- hu gekuckt
- dir
- hutt gekuckt
- si
- hu gekuckt
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat gekuckt
- du
- has gekuckt
- hien / hatt / si
- hat gekuckt
- mir
- hate gekuckt
- dir
- hat gekuckt
- si
- hate gekuckt
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing kucken
- du
- géifs / géings kucken
- hien / hatt / si
- géif / géing kucken
- mir
- géifen / géinge kucken
- dir
- géift / géingt kucken
- si
- géifen / géinge kucken
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt gekuckt
- du
- häss gekuckt
- hien / hatt / si
- hätt gekuckt
- mir
- hätte gekuckt
- dir
- hätt gekuckt
- si
- hätte gekuckt
Imperativ · Present
- du
- kuck!
- dir
- kuckt!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →