d'Kanner leie schonn am Bett
Sens 1: être couché; être allongé
hie läit gären um Bauch fir ze schlofen
Sens 1: être couché; être allongé
vum ville Leien hunn ech de Réck wond
Sens 1: être couché; être allongé
de Weekend bleiwen ech gär heiansdo eng Stonn méi laang (am Bett) leien
Sens 1: être couché; être allongé
d'Patientin däerf nëmmen am Leien transportéiert ginn
Sens 1: être couché; être allongé
an der Klinick leien déi meescht Patienten zu zwee an engem Zëmmer
familier
Sens 1: être couché; être allongé
sonndes bleiwen ech gär méi laang leien
familier
Sens 1: être couché; être allongé
d'Kand läit falsch
familier
Sens 1: être couché; être allongé
hie läit de ganzen Dag virun der Tëlee
familier
Sens 1: être couché; être allongé
däin Auto läit gutt op der Strooss
Sens 1: être couché; être allongé
dee Wäi muss nach eng Zäit leien
Sens 1: être couché; être allongé
eis Nopesch läit de ganzen Dag an der Fënster
familier
Sens 1: être couché; être allongé
d'Schlëssele leien am ënneschten Tirang
Sens 2: se trouver; se situer
eist Appartement läit um fënnefte Stack
Sens 2: se trouver; se situer
d'Apdikt läit op mengem Wee
Sens 2: se trouver; se situer
eist Duerf läit net wäit vun der Stad
Sens 2: se trouver; se situer
wou läit de Problem?
Sens 2: se trouver; se situer
ech hunn d'Billjeeën doheem leie gelooss
Sens 2: se trouver; se situer
ech loossen d'Aarbecht bis e Méindeg leien
Sens 2: se trouver; se situer
an der Vakanz leien d'Kanner de ganzen Dag op der Strooss
familier
Sens 2: se trouver; se situer
mat denger Meenung läis de falsch
Sens 2: se trouver; se situer
de Patient ass onheelbar krank a läit um Stierwen
Sens 3: être mourant
op den Diech läit eng dënn Kusch Schnéi
Sens 4: s'étendre
et läit Niwwel iwwer dem Dall
Sens 4: s'étendre
mäi Gebuertsdag läit matzen an der Grousser Vakanz
Sens 5: avoir lieu
eis Saache leien all prett
Sens 6: être; rester; se trouver
ech louch déi ganz Nuecht wakereg
Sens 6: être; rester; se trouver
meng Fra louch dräizéng Stonnen an de Wéien
Sens 6: être; rester; se trouver
de Patient läit zënter zwou Wochen am Koma
Sens 6: être; rester; se trouver
den Dësch läit voller Grimmelen
Sens 6: être; rester; se trouver
d'Asätz leien alleguer ëm honnert Euro
Sens 7: se situer
mir läit absolut näischt un de Suen
Sens 8: importer à; avoir de l'importance pour
läit dir eppes drun, an de Kino ze goen?
Sens 8: importer à; avoir de l'importance pour
wat läit mir dorun!
familier
Sens 8: importer à; avoir de l'importance pour
d'Mole louch mir nach ni
Sens 9: convenir à
an der Schoul huet jidderee Fächer, déi em net leien
Sens 9: convenir à
ech sinn net gutt an de Sproochen, mee d'Mathé läit mer
Sens 9: convenir à
wouru läit et, datt s du ëmmer ze spéit kënns?
Sens 10: être dû à; tenir à
maach, wat s de wëlls, u mir soll et net leien !
Sens 10: être dû à; tenir à