- English
- (unit of) measurement; measurement [dimension]; made to order
- Français
- (unité de) mesure; dimension(s); sur mesure
- Deutsch
- Maß [Maßeinheit]; Maß [Größe]; nach Maß
- Type
- SUBST F
- Plural
- Moossen
- Lex
- op (d')Mooss
[moːs]
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
net iwwerall op der Welt gëllen déi selwecht Moossen
Bedeitung 1: (unité de) mesure
du kenns keng Mooss !
Bedeitung 1: (unité de) mesure
elo ass d'Mooss voll!
Bedeitung 1: (unité de) mesure
ech probéiere mat Mooss z'iessen
Bedeitung 1: (unité de) mesure
hei gëtt mat zweeërlee Mooss a Gewiichter geschafft!
Bedeitung 1: (unité de) mesure
de Schräiner huet d'Mooss geholl
Bedeitung 2: mesure; dimension(s)
den Usträicher huet sech d'Moosse vum Zëmmer opgeschriwwen
Bedeitung 2: mesure; dimension(s)
dee Paltong ass mer net méi Mooss
Bedeitung 2: mesure; dimension(s)
hatt huet säi Brautkleed op d'Mooss maache gelooss
Bedeitung 3: sur mesure
ech hu mer dat heite Puer Schong op Mooss maache gelooss
Bedeitung 3: sur mesure