schloen

Lëtzebuergesch
English
to hit; to drive in; to fry some eggs; to knock out of; to do; to make a racket; to strike; to beat; to take; to bang (down); to flap; to battle; to take the side of; to beat (against); to burst out from; to affect; to take after
Français
battre; enfoncer; faire des œufs sur le plat; retirer de; faire; faire du tapage; sonner; tirer de; taper; s'abattre (sur); battre de; se défendre ...; se ranger du côté de; sortir de; affecter; tenir de; s'étaler
Deutsch
hauen; schlagen; Eier in die Pfanne hauen; schlagen aus; Radau machen; schlagen (gegen); schlagen mit; sich ... schlagen; sich auf die Seite (jemandes) schlagen; schlagen auf; schlagen nach; stürzen
Type
VRB
Synonym
haen; klappen
Auxiliary
sinn
Participe passé
geschloen; geschloen

Pronunciation (IPA)

[ʃlˈoːən]

Meanings and translations

Meaning 1

Deutsch
schlagen; hauen
Français
frapper; battre (donner un coup à)
English
to hit (to strike)
Português
bater (dar uma pancada em)
Nederlands
slaan (een klap geven)

Meaning 2

Deutsch
schlagen (einschlagen)
Français
enfoncer (par des coups)
English
to knock in; to drive in
Português
cravar (fazer entrar, batendo)
Nederlands
slaan (inslaan)

Synonyms

haen

Meaning 3

Deutsch
Eier in die Pfanne hauen
Français
faire des œufs sur le plat
English
to fry some eggs
Português
fazer ovos estrelados
Nederlands
eieren bakken

Meaning 4

Deutsch
schlagen aus (mit einem Schlag)
Français
enlever de; retirer de (par un coup)
English
to knock out of (to remove)
Português
tirar de; retirar de (aplicando um golpe)
Nederlands
slaan uit (verwijderen)

Meaning 5

Deutsch
schlagen (ausführen)
Français
faire (exécuter)
English
to do (to perform)
Português
fazer; dar (executar)
Nederlands
doen (uitvoeren)

Meaning 6

Deutsch
Radau machen
Français
faire du tapage
English
to make a racket
Português
fazer uma barulheira
Nederlands
lawaai schoppen

Meaning 7

Deutsch
schlagen (um vorzugeben, um anzugeben)
Français
battre; sonner (pour marquer, pour indiquer)
English
to beat; to strike (time; clock)
Português
bater (para marcar, para indicar)
Nederlands
slaan (om aan te geven)

Meaning 8

Deutsch
schlagen (besiegen, übertreffen)
Français
battre (vaincre, dominer)
English
to beat (to defeat)
Português
bater (vencer, ultrapassar)
Nederlands
verslaan (overwinnen, overtreffen)

Synonyms

klappen

Meaning 9

Deutsch
schlagen aus (erzielen)
Français
tirer de (un profit, un avantage)
English
to make; to take (a profit; an advantage)
Português
tirar de (um proveito, uma vantagem)
Nederlands
trekken uit (voordeel, profijt)

Meaning 10

Deutsch
schlagen (hauen)
Français
frapper; taper
English
to lash out; to bang (down)
Português
bater; dar uma pancada
Nederlands
slaan (meppen)

Meaning 11

Deutsch
schlagen (klopfen, pulsieren)
Français
battre (être animé de battements)
English
to beat (heart, pulse)
Português
bater (palpitar, pulsar)
Nederlands
slaan (kloppen, pulseren)

Meaning 12

Deutsch
einschlagen; schlagen (gegen)
Français
frapper (contre); heurter; s'abattre (sur)
English
to strike; to beat (lightning; rain)
Português
bater (em) (atingir)
Nederlands
inslaan; slaan (tegen) (bliksem; regen)

Meaning 13

Deutsch
schlagen mit (rasch bewegen)
Français
battre de (faire bouger rapidement)
English
to flap (wings)
Português
bater (agitar rapidamente)
Nederlands
slaan met (vleugels)

Meaning 14

Deutsch
schlagen (Uhr, Glocke)
Français
sonner (horloge, cloche)
English
to strike (clock)
Português
bater (relógio, sino)
Nederlands
slaan (klok)

Meaning 15

Deutsch
sich ... schlagen (... zurechtkommen)
Français
se défendre ... (... se débrouiller)
English
to put up a good show; to battle
Português
defender-se ... (sair-se ..., ter ... êxito)
Nederlands
zich (goed) weren; (goed) terechtkomen in

Meaning 16

Deutsch
sich auf die Seite (jemandes) schlagen
Français
se ranger du côté de
English
to take the side of
Português
passar-se para o lado de (bandear-se para)
Nederlands
partij kiezen voor

Meaning 17

Deutsch
einschlagen; schlagen (gegen)
Français
frapper (contre); heurter; s'abattre (sur)
English
to strike; to beat (against) (lightning)
Português
bater (em) (atingir)
Nederlands
inslaan; slaan (tegen) (bliksem; regen)

Meaning 18

Deutsch
schlagen aus (emporlodern)
Français
s'échapper de; sortir de (flammes)
English
to burst out from (flames)
Português
irromper de; sair por (chamas)
Nederlands
slaan uit (vlammen)

Meaning 19

Deutsch
schlagen auf (sich schädigend auswirken auf)
Français
affecter (produire un effet pénible sur)
English
to affect (to have a negative impact)
Português
afetar (ter um efeito prejudicial sobre)
Nederlands
slaan op (een negatief effect hebben op)

Meaning 20

Deutsch
schlagen nach (nachgeraten)
Français
tenir de (ressembler à)
English
to take after
Português
sair a (parecer-se com)
Nederlands
(beginnen te) lijken op

Meaning 21

Deutsch
der Länge nach hinfallen; stürzen
Français
tomber de tout son long; s'étaler
English
to fall flat on one's face
Português
estatelar-se (ao comprido)
Nederlands
languit vallen

Usage notes

Spelling variants

Only source-reviewed variants are suggested.

  • (de laange Wee) duer schloen
  • Eeër an d'Pan schloen
  • geschloen
  • Kaméidi schloen
  • schléis
  • schléit
  • schlo
  • schloe mat
  • schloen
  • schloen an
  • schloen aus
  • schloen op
  • schlot
  • sech ... schloen
  • sech op d'Säit schloe vun
  • sech schloen

Example sentences

  1. wat ass geschitt, huet een dech geschloen ?

    Meaning 1: to hit

  2. schlo dech net mam Hummer op den Daum!

    Meaning 1: to hit

  3. mäi Brudder huet mer déi iewescht Lëps bluddeg geschloen

    Meaning 1: to hit

  4. an enger Kläpperei krut ech emol eng Kéier e blot A geschloen

    Meaning 1: to hit

  5. ech war ewéi widder de Kapp geschloen

    colloquial

    Meaning 1: to hit

  6. de Bauer schléit de Poul an de Buedem

    Meaning 2: to knock in; to drive in

  7. wann ech owes hongereg heemkommen, schloen ech mer dacks eng Koppel Eeër an d'Pan

    Meaning 3: to fry some eggs

  8. ech hunn him d'Messer aus der Hand geschloen

    Meaning 4: to knock out of

  9. schlo der dat aus dem Kapp!

    colloquial

    Meaning 4: to knock out of

  10. d'Kanner hunn an der Wiss d'Rad geschloen

    Meaning 5: to do

  11. ech kann d'Kopplabunz hannerzeg a vijenzeg schloen

    Meaning 5: to do

  12. wat hunn d'Noperen hënt (en) Kaméidi geschloen !

    Meaning 6: to make a racket

  13. wéi wochelaang Schoulstonnen ausgefall sinn, hunn d'Eltere Kaméidi geschloen

    colloquial

    Meaning 6: to make a racket

  14. den Dirigent schléit den Takt

    Meaning 7: to beat; to strike

  15. meng Auer schléit nëmmen déi voll Stonn

    Meaning 7: to beat; to strike

  16. mir hunn eng geschloe Stonn op iech gewaart!

    colloquial

    Meaning 7: to beat; to strike

  17. eis Ekipp huet an der Finall de Champion geschloen

    Meaning 8: to beat

  18. an der Physik ass déi Schülerin einfach net ze schloen !

    Meaning 8: to beat

  19. dir hutt mech iwwerzeegt, ech gi mech geschloen !

    Meaning 8: to beat

  20. ech hu Profit aus där Affär geschloen

    Meaning 9: to make; to take

  21. hie schléit keen Avantage aus senge villen Diplomer

    Meaning 9: to make; to take

  22. ech kann dat net aus engem Stee schloen !

    colloquial

    Meaning 9: to make; to take

  23. hien huet ëm sech geschloen ewéi kloerrosen

    Meaning 10: to lash out; to bang (down)

  24. de Generol huet mat der Fauscht op den Dësch geschloen

    Meaning 10: to lash out; to bang (down)

  25. d'Häerz huet mer bis an den Hals geschloen

    Meaning 11: to beat

  26. der Patientin hire Bols schléit ze séier

    Meaning 11: to beat

  27. de Blëtz huet an d'Antenn geschloen

    Meaning 12: to strike; to beat

  28. de Ree schléit widder d'Fënster

    Meaning 12: to strike; to beat

  29. deem Eelste seng Studie schloe schéin an d'Geld

    colloquial

    Meaning 12: to strike; to beat

  30. de Papagei schléit mat de Flilleken

    Meaning 13: to flap

  31. eis Standauer schléit net méi richteg

    Meaning 14: to strike

  32. eis Ekipp huet sech daper geschloen

    Meaning 15: to put up a good show; to battle

  33. hie schléit sech gutt duerch d'Liewen

    Meaning 15: to put up a good show; to battle

  34. déi fréier Alliéiert hunn sech op d'Säit vum Géigner geschloen

    Meaning 16: to take the side of

  35. de Blëtz ass an d'Antenn geschloen

    Meaning 17: to strike; to beat (against)

  36. de Reen schléit widder d'Fënster

    Meaning 17: to strike; to beat (against)

  37. deem Eelste seng Studie schloe schéin an d'Geld

    colloquial

    Meaning 17: to strike; to beat (against)

  38. säin Erfolleg ass em an de Kapp geschloen

    colloquial

    Meaning 17: to strike; to beat (against)

  39. wéi d'Pompjeeë koumen, sinn d'Flame schonn aus de Fënstere geschloen

    Meaning 18: to burst out from

  40. déi klengsten Ustrengung schléit him op d'Häerz

    Meaning 19: to affect

  41. déi Nouvelle ass eis op d'Gemitt geschloen

    Meaning 19: to affect

  42. déi Saach ass mir op de Mo geschloen

    colloquial

    Meaning 19: to affect

  43. deen ass an eis Famill geschloen !

    Meaning 20: to take after

  44. ech sinn um Glatäis ausgerëtscht an de laange Wee duer geschloen

    Meaning 21: to fall flat on one's face

Verb conjugation

Infinitive
schloen
Past participle
geschloen
Auxiliary
hunn
Indicative · Present
ech
schloen (mech)
du
schléis (dech)
hien / hatt / si
schléit (sech)
mir
schloen (eis)
dir
schlot (iech)
si
schloen (sech)
Indicative · Perfect
ech
hunn (mech) geschloen
du
hues (dech) geschloen
hien / hatt / si
huet (sech) geschloen
mir
hunn (eis) geschloen
dir
hutt (iech) geschloen
si
hunn (sech) geschloen
Indicative · Pluperfect
ech
hat (mech) geschloen
du
has (dech) geschloen
hien / hatt / si
hat (sech) geschloen
mir
haten (eis) geschloen
dir
hat (iech) geschloen
si
haten (sech) geschloen
Conditional · Present
ech
géif / géing (mech) schloen
du
géifs / géings (dech) schloen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) schloen
mir
géifen / géingen (eis) schloen
dir
géift / géingt (iech) schloen
si
géifen / géingen (sech) schloen
Conditional · Past
ech
hätt (mech) geschloen
du
häss (dech) geschloen
hien / hatt / si
hätt (sech) geschloen
mir
hätten (eis) geschloen
dir
hätt (iech) geschloen
si
hätten (sech) geschloen
Imperative · Present
du
schlo (dech)!
dir
schlot (iech)!
Indicative · Present
ech
schloen
du
schléis
hien / hatt / si
schléit
mir
schloen
dir
schlot
si
schloen
Indicative · Perfect
ech
si geschloen
du
bass geschloen
hien / hatt / si
ass geschloen
mir
si geschloen
dir
sidd geschloen
si
si geschloen
Indicative · Pluperfect
ech
war geschloen
du
waars geschloen
hien / hatt / si
war geschloen
mir
ware geschloen
dir
waart geschloen
si
ware geschloen
Conditional · Present
ech
géif / géing schloen
du
géifs / géings schloen
hien / hatt / si
géif / géing schloen
mir
géifen / géinge schloen
dir
géift / géingt schloen
si
géifen / géinge schloen
Conditional · Past
ech
wier geschloen
du
wiers geschloen
hien / hatt / si
wier geschloen
mir
wiere geschloen
dir
wiert geschloen
si
wiere geschloen
Imperative · Present
du
schlo!
dir
schlot!

Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0

Back to dictionary →