soen

Lëtzebuergesch
English
to say; to tell; to say something; to appeal to
Français
dire; dire à; vouloir dire quelque chose
Deutsch
sagen; etwas sagen; gefallen
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gesot

Aussprache (IPA)

[zˈoːən]

Bedeutungen und Übersetzungen

Bedeutung 1

Deutsch
sagen (aussprechen, artikulieren)
Français
dire (prononcer, articuler)
English
to say (to pronounce, to articulate)
Português
dizer (pronunciar, articular)
Nederlands
zeggen; spreken (uitspreken)

Bedeutung 2

Deutsch
sagen (zum Ausdruck bringen, äußern)
Français
dire (exprimer, formuler)
English
to say (to express)
Português
dizer (exprimir, formular)
Nederlands
zeggen (uiten, kenbaar maken)

Bedeutung 3

Deutsch
sag mal; sagt mal; sagen Sie mal
Français
dis (donc); dites (donc)
English
say; tell me
Português
diz lá; diga lá
Nederlands
zeg eens

Bedeutung 4

Deutsch
sagen (mitteilen)
Français
dire à (faire part à)
English
to tell (to inform (of))
Português
dizer a (comunicar a)
Nederlands
zeggen (meedelen)

Bedeutung 5

Deutsch
sagen (behaupten)
Français
dire (prétendre, affirmer)
English
to say (to claim, to assert)
Português
dizer (pretender, afirmar)
Nederlands
zeggen (beweren)

Bedeutung 6

Deutsch
sagen (raten, befehlen)
Français
dire à (recommander à, ordonner à)
English
to tell (to recommend, to order)
Português
dizer a (recomendar a, ordenar a)
Nederlands
zeggen (aanbevelen, bevelen)

Bedeutung 7

Deutsch
etwas sagen (etwas bedeuten)
Français
vouloir dire quelque chose (signifier quelque chose)
English
to say something (to mean something)
Português
querer dizer alguma coisa (significar alguma coisa)
Nederlands
iets zeggen (iets betekenen)

Bedeutung 8

Deutsch
zusagen; gefallen
Français
dire à (convenir à, plaire à)
English
to fancy; to appeal to
Português
apetecer a; agradar a
Nederlands
bevallen (bekoren, zin hebben in)

Gebrauchshinweise

Schreibvarianten

Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.

  • eppes soen
  • gesot
  • gesotem
  • gesoten
  • gesoter
  • sees
  • seet
  • so
  • so (emol)
  • soen
  • sos
  • sot
  • sot (emol)
  • soten

Anwendungsbeispiele

  1. eist Klengt ka schonn eng ganz Partie Wierder soen

    Bedeutung 1: sagen

  2. ech hunn dech net däitlech héieren, so dat Wuert nach eng Kéier!

    Bedeutung 1: sagen

  3. et gëtt Leit, déi kënnen den 's'net richteg soen

    Bedeutung 1: sagen

  4. jidderee soll d'Méiglechkeet kréien, seng Meenung ze soen

    Bedeutung 2: sagen

  5. hie seet ëmmer riichteraus, wat en denkt

    Bedeutung 2: sagen

  6. so deng Iddi haart, se ass gutt!

    Bedeutung 2: sagen

  7. esou eppes seet een net!

    Bedeutung 2: sagen

  8. dat ass méi einfach gesot ewéi gemaach

    Bedeutung 2: sagen

  9. hien huet vill geschwat an näischt gesot

    umgangssprachlich

    Bedeutung 2: sagen

  10. ech muss soen , dat hätt ech net vun dir geduecht

    Bedeutung 2: sagen

  11. ech kann net nee soen , wann hie gär eppes vu mer hätt

    Bedeutung 2: sagen

  12. so , ass haut net Feierdag an Däitschland?

    Bedeutung 3: sag mal; sagt mal; sagen Sie mal

  13. sot emol, däerf een hei parken?

    Bedeutung 3: sag mal; sagt mal; sagen Sie mal

  14. de Guide huet senger Reesgrupp gesot , datt de Bus pénktlech fortfiert

    Bedeutung 4: sagen

  15. hien ass e gudde Frënd, deem ech alles ka soen

    Bedeutung 4: sagen

  16. so dem Garçon, datt deng Zopp kal ass!

    Bedeutung 4: sagen

  17. ech hu mer soe gelooss, du häss deng Pensioun ugefrot

    Bedeutung 4: sagen

  18. ech hunn him et gutt gesot !

    umgangssprachlich

    Bedeutung 4: sagen

  19. him muss een alles honnertmol soen

    umgangssprachlich

    Bedeutung 4: sagen

  20. dat loossen ech mer net zweemol soen !

    umgangssprachlich

    Bedeutung 4: sagen

  21. wiem sees de et!

    umgangssprachlich

    Bedeutung 4: sagen

  22. wat seet däi Réck?

    Bedeutung 4: sagen

  23. et gëtt gesot , du wiers an der Stad mat engem frieme Framënsch gesi ginn

    Bedeutung 5: sagen

  24. ech soen näischt, wat ech net ka beweisen

    Bedeutung 5: sagen

  25. so net, ech hätt der net gehollef!

    Bedeutung 5: sagen

  26. wat s de net sees !

    umgangssprachlich

    Bedeutung 5: sagen

  27. et waren, looss(e) mer soen , 150 Leit um Fest

    umgangssprachlich

    Bedeutung 5: sagen

  28. so , ech hätt der et gesot!

    Bedeutung 5: sagen

  29. so net, ech hätt der et net gesot!

    Bedeutung 5: sagen

  30. ech hat iech gesot , dir misst virun Hallefnuecht heiheem sinn

    Bedeutung 6: sagen

  31. du léiss der awer och guer näischt soen !

    Bedeutung 6: sagen

  32. du hues dat ze maachen, wat d'Cheffin der seet

    Bedeutung 6: sagen

  33. deen huet mir näischt ze soen !

    Bedeutung 6: sagen

  34. datt hien an där Saach de Mond hält, dat seet genuch!

    Bedeutung 7: etwas sagen

  35. deen Numm seet mer eppes

    Bedeutung 7: etwas sagen

  36. et huet näischt ze soen , wann s de e bëssen ze spéit kënns

    Bedeutung 7: etwas sagen

  37. géif dat der eppes soen , fir mat eis an d'Vakanz ze fueren?

    Bedeutung 8: zusagen; gefallen

  38. d'Fest seet mer näischt, géi eleng dohin!

    Bedeutung 8: zusagen; gefallen

Konjugation

Infinitiv
soen
Partizip Perfekt
gesot
Hilfsverb
hunn
Indikativ · Präsens
ech
soen
du
sees
hien / hatt / si
seet
mir
soen
dir
sot
si
soen
Indikativ · Präteritum
ech
sot
du
sos
hien / hatt / si
sot
mir
soten
dir
sot
si
soten
Indikativ · Perfekt
ech
hu gesot
du
hues gesot
hien / hatt / si
huet gesot
mir
hu gesot
dir
hutt gesot
si
hu gesot
Indikativ · Plusquamperfekt
ech
hat gesot
du
has gesot
hien / hatt / si
hat gesot
mir
hate gesot
dir
hat gesot
si
hate gesot
Konditional · Gegenwart
ech
géif / géing soen
du
géifs / géings soen
hien / hatt / si
géif / géing soen
mir
géifen / géinge soen
dir
géift / géingt soen
si
géifen / géinge soen
Konditional · Vergangenheit
ech
hätt gesot
du
häss gesot
hien / hatt / si
hätt gesot
mir
hätte gesot
dir
hätt gesot
si
hätte gesot
Imperativ · Präsens
du
so!
dir
sot!

Quelle: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zum Wörterbuch →