Spuer

Lëtzebuergesch
English
spoor; clue; remains; after-effects; lane [of a main road]; (track) gauge; a little
Français
empreinte; piste [indice]; trace(s) [vestiges]; traces [séquelles]; voie [de circulation]; voie [des roues, des rails]; un peu (de)
Deutsch
Spur [Abdruck, Fährte]; Spur [Hinweis, Indiz, Anhaltspunkt]; Spuren [Überreste]; Spuren [Folgeerscheinungen]; Spur [Fahrspur]; Spurweite; eine Spur [eine kleine Menge, ein wenig]
Type
SUBST F
Plural
Spueren
Lex
eng Spuer

Aussprooch (IPA)

[ʃpuːɐ̯]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Spur (Abdruck, Fährte)
Français
trace; empreinte
English
trace; track; trail; spoor
Português
rasto; vestígio
Nederlands
spoor (indruk, afdruk)

Bedeitung 2

Deutsch
Spur (Hinweis, Indiz, Anhaltspunkt)
Français
trace; piste (indice)
English
trace; sign; clue
Português
pista (indício)
Nederlands
spoor (aanwijzing)

Bedeitung 3

Deutsch
Spuren (Überreste)
Français
trace(s) (vestiges)
English
traces; remains
Português
vestígios (restos)
Nederlands
sporen (resten)

Bedeitung 4

Deutsch
Spuren (Folgeerscheinungen)
Français
traces (séquelles)
English
traces; after-effects
Português
vestígios (sequelas)
Nederlands
spoor (nawerking)

Bedeitung 5

Deutsch
Spur (Fahrspur)
Français
file; voie (de circulation)
English
lane (of a main road)
Português
faixa; via (de rodagem; de circulação)
Nederlands
rijstrook

Bedeitung 6

Deutsch
Spur; Spurweite
Français
voie (des roues, des rails)
English
(wheel) alignment; (track) gauge
Português
via (das rodas, dos carris)
Nederlands
het uitgelijnd zijn; spoorbreedte (van de wielen van een auto; treinen)

Bedeitung 7

Deutsch
eine Spur (eine kleine Menge, ein wenig)
Français
un peu (de)
English
a trace; a little
Português
um pouco (de)
Nederlands
een spoor (een kleine hoeveelheid)
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • eng Spuer
  • Spuer
  • Spueren

Beispillsätz

  1. d'Abriecher hate keng Spueren hannerlooss

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  2. am Schnéi huet een de Muere Spuere vun Huesen a Réi gesinn

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  3. de Schleek huet mat sengem Schläim eng Spuer iwwer de ganzen Trottoir gezunn

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  4. de Juegdhond huet dem Wëllschwäi seng Spuer opgeholl

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  5. ech wäert där Saach nach op d'Spuer kommen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  6. mir si mat eisen Iwwerleeungen op der richteger Spuer

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: trace; empreinte

  7. d'Police huet nach keng Spuer vum Erpresser

    Bedeitung 2: trace; piste

  8. e Grupp vun Archeologen huet Spuere vun enger aler Zivilisatioun fonnt

    Bedeitung 3: trace(s)

  9. bei der Waasseranalys goufen nach Spuere vun Opputschmëttel fonnt

    Bedeitung 3: trace(s)

  10. déi schwéier Krankheet huet bei him Spueren hannerlooss

    Bedeitung 4: traces

  11. bei deem Verkéier misst d'Autobunn ëm eng Spuer méi breet gemaach ginn

    Bedeitung 5: file; voie

  12. nom Accident war d'Spuer vu mengem Auto verstallt

    Bedeitung 6: voie

  13. déi russesch Zich hunn eng aner Spuer ewéi eis

    Bedeitung 6: voie

  14. de Moie louch eng Spuer Schnéi op den Diech

    Bedeitung 7: un peu (de)

  15. hien huet keng Spuer vu Schan

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 7: un peu (de)

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →