stoen

Lëtzebuergesch
English
to stand; to be; to be ready; to be at a standstill; to stop; to become; to be penalized with; to stand by; to stand behind; to signify; to not touch; to leave behind; to be into; to cost dear; to be ... placed (financially)
Français
être resté debout; être; être finalisé; figurer; être à l'arrêt; s'arrêter; aller à; sanctionner; être fidèle à; soutenir; être synonyme de; laisser (intouché); oublier; kifer; revenir cher à; être de; aller; s'en sortir ... financièrement
Deutsch
stehen; stehen bleiben; stehen auf; stehen zu; stehen hinter; stehen für; stehen lassen; teuer zu stehen kommen; stehen mit; sich ... stehen
Type
VRB
Synonym
goen; ënnerstëtzen; sech es ... gestallt sinn
Auxiliary
hunn
Participe passé
gestanen; gestan

Aussprache (IPA)

[ʃtˈoːən]

Bedeutungen und Übersetzungen

Bedeutung 1

Deutsch
stehen (aufrecht stehen)
Français
être debout; être resté debout
English
to stand (to be upright)
Português
estar de pé; ter ficado de pé
Nederlands
staan (rechtop staan)

Bedeutung 2

Deutsch
stehen (sich räumlich befinden)
Français
se trouver; être (se situer)
English
to be (to be situated)
Português
encontrar-se; estar (situar-se)
Nederlands
staan (zich bevinden)

Bedeutung 3

Deutsch
stehen (in einem bestimmten Zustand)
Français
être (dans un certain état)
English
to be (in a certain condition)
Português
estar (em determinado estado)
Nederlands
staan (in een bepaalde toestand)

Bedeutung 4

Deutsch
stehen (fertig sein, vollendet sein)
Français
être établi; être finalisé
English
to be established; to be ready
Português
estar definido; estar finalizado
Nederlands
klaar zijn (vastgesteld zijn)

Bedeutung 5

Deutsch
stehen (geschrieben stehen)
Français
figurer (être écrit)
English
to be (to be written)
Português
figurar; constar (estar escrito)
Nederlands
staan (geschreven staan)

Bedeutung 6

Deutsch
stehen (stillstehen)
Français
être à l'arrêt (être immobilisé)
English
to be at a standstill
Português
estar parado (estar imobilizado)
Nederlands
stilstaan

Bedeutung 7

Deutsch
stehen bleiben (halten, anhalten)
Français
s'arrêter (s'immobiliser, stopper)
English
to stop (to halt)
Português
parar (imobilizar-se, fazer paragem)
Nederlands
blijven staan; stoppen

Bedeutung 8

Deutsch
stehen (Kleidungsstück)
Français
aller à (seoir à)
English
to suit; to become
Português
ficar a (assentar a)
Nederlands
(goed of niet goed) staan (van een kledingstuk)

Synonyme

goen

Bedeutung 9

Deutsch
stehen auf (als Strafe vorgesehen sein für)
Français
sanctionner (être prévu comme sanction pour)
English
to be punishable by; to be penalized with
Português
ser aplicado a (ser previsto como sanção para)
Nederlands
staan op (als straf voorzien zijn voor)

Bedeutung 10

Deutsch
stehen zu (sich bekennen zu)
Français
se montrer solidaire avec; être fidèle à
English
to stand by (to remain loyal to)
Português
mostrar-se solidário com; ser fiel a
Nederlands
trouw zijn aan; partij kiezen voor (staan achter)

Bedeutung 11

Deutsch
stehen hinter (unterstützen)
Français
appuyer; soutenir (moralement)
English
to stand behind (to support, to back)
Português
apoiar (moralmente)
Nederlands
staan achter ((onder)steunen)

Synonyme

ënnerstëtzen

Bedeutung 12

Deutsch
stehen für (bedeuten)
Français
être synonyme de (signifier)
English
to stand for; to signify
Português
querer dizer; significar
Nederlands
staan voor (betekenen)

Bedeutung 13

Deutsch
stehen lassen (nicht anrühren)
Français
ne pas toucher à; laisser (intouché)
English
to leave alone; to not touch
Português
não mexer em; não tocar em
Nederlands
laten staan (afblijven van)

Bedeutung 14

Deutsch
stehen lassen (ignorieren, vergessen)
Français
ignorer; oublier
English
to leave behind (to forget)
Português
ignorar; esquecer-se de
Nederlands
laten staan (achterlaten)

Bedeutung 15

umgangssprachlich

Deutsch
stehen auf (mögen)
Français
kifer
English
to like; to be into
Português
curtir; gramar (apreciar)
Nederlands
houden van

Bedeutung 16

Deutsch
teuer zu stehen kommen
Français
revenir cher à
English
to cost dear
Português
ficar caro a
Nederlands
duur te staan komen; een dure grap zijn

Bedeutung 17

Deutsch
stehen (Kurs, Spielstand, Prognose)
Français
se situer à; être de (cours, score, pronostic)
English
to stand; to be (exchange rate, score; forecast)
Português
estar a (cotação, resultado (de jogo), prognóstico)
Nederlands
staan (koers, stand, prognose)

Bedeutung 18

Deutsch
stehen um; stehen mit
Français
aller (être dans un certain état)
English
to look; to be (in a certain way)
Português
ir (estar em determinado estado)
Nederlands
gaan (in een bepaalde situatie zijn)

Bedeutung 19

Deutsch
sich ... stehen (finanziell)
Français
s'en sortir ... financièrement
English
to be ... placed (financially)
Português
gozar de ... situação (financeira)
Nederlands
in (goeden) doen zijn; zich (financieel) redden

Synonyme

sech es ... gestallt sinn

Gebrauchshinweise

Schreibvarianten

Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.

  • deier ze stoe kommen
  • gestan
  • gestanen
  • sech (es) ... stoen
  • sech stoen
  • stees
  • steet
  • stéi
  • stéing
  • stéingen
  • stéings
  • stéingt
  • sti
  • stinn
  • stitt
  • stoe bleiwen
  • stoe fir
  • stoe loossen
  • stoe mat
  • stoen
  • stoen ëm
  • stoen hanner
  • stoen op
  • stoen zu
  • stoung
  • stoungen
  • stoungs
  • stoungt

Anwendungsbeispiele

  1. no deem laange Sëtze war ech frou, emol nees ze stoen

    Bedeutung 1: stehen

  2. nom Bombardement stoung nach just de Kierchtuerm

    Bedeutung 1: stehen

  3. ech drénke mäi Kaffi net gär am Stoen

    Bedeutung 1: stehen

  4. eist Haus steet nach keng 15 Joer

    Bedeutung 1: stehen

  5. däin Hiem steet bal vun Dreck!

    umgangssprachlich

    Bedeutung 1: stehen

  6. mueres, wann ech erwächen, hunn ech dacks ee stoen

    vulgär

    Bedeutung 1: stehen

  7. de Biz steet am Spullsteen

    Bedeutung 2: stehen

  8. Dir kënnt Iech usetzen, d'Iesse steet (prett) um Dësch

    Bedeutung 2: stehen

  9. d'Sonn steet scho ganz déif, wéi spéit ass et?

    Bedeutung 2: stehen

  10. d'Wise stinn ënner Waasser

    Bedeutung 3: stehen

  11. dat Verb steet am Imparfait

    Bedeutung 3: stehen

  12. de Kader fir eisen neie Projet steet schonn

    Bedeutung 4: stehen

  13. wéini steet de Stonneplang fir d'nächst Joer?

    Bedeutung 4: stehen

  14. déi Bedéngung do stoung explizitt am Kontrakt

    Bedeutung 5: stehen

  15. op der Enveloppe steet keen Absender

    Bedeutung 5: stehen

  16. déi zwee nei Clientë stinn nach net op der Lëscht

    Bedeutung 5: stehen

  17. steet dat Wuert am Dictionnaire?

    Bedeutung 5: stehen

  18. eis Lokalekipp steet an der Halleffinall

    Bedeutung 5: stehen

  19. duerch dat schwéiert Accident stoung de Verkéier op der Autobunn

    Bedeutung 6: stehen

  20. wéinst enger Stroumpann an der Fabrick stinn all d'Maschinnen

    Bedeutung 6: stehen

  21. d'Mëllech geet ëm, wann se ze laang steet

    Bedeutung 6: stehen

  22. Dosende vu Leit si stoe bliwwen, fir dem Stroossekënschtler nozekucken

    Bedeutung 7: stehen bleiben

  23. net all Zuch bleift op dëser Gare stoen

    Bedeutung 7: stehen bleiben

  24. de Pendel vun der Standauer ass stoe bliwwen

    Bedeutung 7: stehen bleiben

  25. op wat fir enger Säit vum Buch ware mer stoe bliwwen?

    Bedeutung 7: stehen bleiben

  26. dee Rack steet der gutt!

    Bedeutung 8: stehen

  27. a verschiddene Länner steet op Drogenhandel d'Doudesstrof

    Bedeutung 9: stehen auf

  28. d'Fra stoung zu hirem Mann, esouguer, wéi en am Prisong souz

    Bedeutung 10: stehen zu

  29. et gefält mer, datt s du ëmmer zu dengen Iddie stees

    Bedeutung 10: stehen zu

  30. ech hoffen, du stees och nach zu dengem Wuert, wann et drop ukënnt!

    Bedeutung 10: stehen zu

  31. meng Eltere sti voll a ganz hanner mer!

    Bedeutung 11: stehen hinter

  32. op de Verkéiersschëlter steet de „P“ fir „Parking“

    Bedeutung 12: stehen für

  33. eis Mark steet fir Qualitéit

    Bedeutung 12: stehen für

  34. looss déi deier Vas stoen , soss bréchs de se nach!

    Bedeutung 13: stehen lassen

  35. hatt huet säi Mëttegiesse stoe gelooss

    Bedeutung 13: stehen lassen

  36. de Bus ass laanschtgefuer an huet mech stoe gelooss

    Bedeutung 14: stehen lassen

  37. ech hu mäi Prabbeli am Restaurant stoe gelooss

    Bedeutung 14: stehen lassen

  38. ech wousst net, datt s du op déck Autoe stees

    umgangssprachlich

    Bedeutung 15: stehen auf

  39. déi opwändeg Hochzäit kënnt dech deier ze stoen

    Bedeutung 16: teuer zu stehen kommen

  40. dee Feeler ass eis deier ze stoe komm

    umgangssprachlich

    Bedeutung 16: teuer zu stehen kommen

  41. wéi steet den (Change vum) Euro?

    Bedeutung 17: stehen

  42. dës Aktie stoung gëschter nach bei 15 Euro, haut ass se staark gefall

    Bedeutung 17: stehen

  43. an der Halbzeit vum Match stoung et schonn 3:0

    Bedeutung 17: stehen

  44. d'Chancë sti 50:50, datt et muer Ree gëtt

    umgangssprachlich

    Bedeutung 17: stehen

  45. et steet schlecht ëm mäi Papp

    Bedeutung 18: stehen um; stehen mit

  46. wéi steet et mat der Gesondheet?

    Bedeutung 18: stehen um; stehen mit

  47. kuck emol deem seng Auer, dee schéngt sech (es) gutt ze stoen !

    Bedeutung 19: sich ... stehen

  48. mir stinn eis den Ament schlecht, well mer dräi Kanner op der Uni hunn

    Bedeutung 19: sich ... stehen

Konjugation

Infinitiv
stoen
Partizip Perfekt
gestanen / gestan
Hilfsverb
hunn
Indikativ · Präsens
ech
stinn (mech)
du
stees (dech)
hien / hatt / si
steet (sech)
mir
stinn (eis)
dir
stitt (iech)
si
stinn (sech)
Indikativ · Präteritum
ech
stoung (mech)
du
stoungs (dech)
hien / hatt / si
stoung (sech)
mir
stoungen (eis)
dir
stoungt (iech)
si
stoungen (sech)
Indikativ · Perfekt
ech
hunn (mech) gestanen / gestan
du
hues (dech) gestanen / gestan
hien / hatt / si
huet (sech) gestanen / gestan
mir
hunn (eis) gestanen / gestan
dir
hutt (iech) gestanen / gestan
si
hunn (sech) gestanen / gestan
Indikativ · Plusquamperfekt
ech
hat (mech) gestanen / gestan
du
has (dech) gestanen / gestan
hien / hatt / si
hat (sech) gestanen / gestan
mir
haten (eis) gestanen / gestan
dir
hat (iech) gestanen / gestan
si
haten (sech) gestanen / gestan
Konditional · presentSimple
ech
stéing (mech)
du
stéings (dech)
hien / hatt / si
stéing (sech)
mir
stéingen (eis)
dir
stéingt (iech)
si
stéingen (sech)
Konditional · Gegenwart
ech
géif / géing (mech) stoen
du
géifs / géings (dech) stoen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) stoen
mir
géifen / géingen (eis) stoen
dir
géift / géingt (iech) stoen
si
géifen / géingen (sech) stoen
Konditional · Vergangenheit
ech
hätt (mech) gestanen / gestan
du
häss (dech) gestanen / gestan
hien / hatt / si
hätt (sech) gestanen / gestan
mir
hätten (eis) gestanen / gestan
dir
hätt (iech) gestanen / gestan
si
hätten (sech) gestanen / gestan
Imperativ · Präsens
du
stéi (dech)!
dir
stitt (iech)!

Quelle: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zum Wörterbuch →