stoussen

Lëtzebuergesch
English
to shove; to prod; to bump something; to draw attention to; to border on; to knock oneself; to lisp; to be mistaken; to bump; to bump into
Français
pousser; donner un coup à; se cogner quelque chose; rendre attentif à; confiner à; se cogner; zézayer; se méprendre; se heurter; tomber sur
Deutsch
stoßen; sich etwas stoßen; stoßen auf; grenzen an; sich stoßen; mit der Zunge anstoßen; sich verrechnen
Type
VRB
Synonym
opmierksam maachen op; sech ieren
Auxiliary
sinn
Participe passé
gestouss; gestouss

Aussprooch (IPA)

[ʃtˈəʊsən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
stoßen (schubsen)
Français
pousser (bousculer)
English
to push; to shove
Português
empurrar (dar um empurrão a)
Nederlands
duwen

Bedeitung 2

Deutsch
stoßen (einen Stoß versetzen)
Français
donner un coup à
English
to dig; to poke; to prod
Português
dar uma pancada a; dar uma cotovelada a; dar um pontapé a
Nederlands
een stoot geven; stoten

Bedeitung 3

Deutsch
sich etwas stoßen (sich etwas prellen)
Français
se cogner quelque chose
English
to bang something; to knock something; to bump something
Português
bater com algo; dar com algo (contundir algo)
Nederlands
stoten (een lichaamsdeel)

Bedeitung 4

Deutsch
stoßen auf (aufmerksam machen auf)
Français
rendre attentif à
English
to draw attention to
Português
chamar a atenção para
Nederlands
wijzen op (de aandacht vestigen op)

Synonymer

opmierksam maachen op

Bedeitung 5

Deutsch
stoßen an; grenzen an
Français
confiner à
English
to border on
Português
confinar com
Nederlands
grenzen aan

Bedeitung 6

Deutsch
sich stoßen (sich prellen)
Français
se cogner
English
to knock oneself (to hurt oneself)
Português
esbarrar em alguma coisa; bater (ir contra, magoar-se)
Nederlands
zich stoten

Bedeitung 7

Deutsch
sich stoßen; lispeln; mit der Zunge anstoßen
Français
zézayer
English
to lisp
Português
cecear
Nederlands
lispelen

Bedeitung 8

vereelzt

Deutsch
sich stoßen; sich irren; sich verrechnen
Français
se tromper; se méprendre
English
to miscalculate; to be mistaken
Português
enganar-se; equivocar-se
Nederlands
zich vergissen

Synonymer

sech ieren

Bedeitung 9

Deutsch
stoßen (prallen)
Français
se cogner; se heurter
English
to bang; to knock; to bump
Português
bater; chocar
Nederlands
stoten

Bedeitung 10

Deutsch
stoßen auf (entdecken, begegnen)
Français
tomber sur (trouver, rencontrer)
English
to stumble on; to come across; to bump into (to find; to meet)
Português
deparar-se com; esbarrar com
Nederlands
stuiten op

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gestouss
  • sech eppes stoussen
  • sech stoussen
  • stéiss
  • stéissen
  • stéisst
  • stouss
  • stoussen
  • stoussen op
  • stoussen un
  • stousst

Beispillsätz

  1. et huet ee mech an der Schwämm an d'Waasser gestouss

    Bedeitung 1: pousser

  2. hatt huet mech mam Ielebou an d'Säit gestouss

    Bedeitung 2: donner un coup à

  3. deen ee Bouf huet deen anere mam Fouss an d'Schinne gestouss

    Bedeitung 2: donner un coup à

  4. pass op, datt s de der de Kapp net stéiss !

    Bedeitung 3: se cogner quelque chose

  5. ech hu mer de Knéi um Nuetsdësch gestouss

    Bedeitung 3: se cogner quelque chose

  6. de Blesséierten huet sech beim Accident de Kapp uerg un der Austosdier gestouss

    Bedeitung 3: se cogner quelque chose

  7. ech hunn si missen op d'Nodeeler vun hirer Iddi stoussen

    Bedeitung 4: rendre attentif à

  8. eise Gaart stéisst un eng Baach

    Bedeitung 5: confiner à

  9. meng Schlofkummer stéisst un déi vu mengen Elteren

    Bedeitung 5: confiner à

  10. du hues eng Bëlz op der Stier, hues de dech gestouss ?

    Bedeitung 6: se cogner

  11. stouss dech net mam Kapp un enger Dunn!

    Bedeitung 6: se cogner

  12. vill Leit hu sech un dengem freche Behuele gestouss

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: se cogner

  13. zënter eise Klengen operéiert gouf, stéisst en sech net méi (beim Schwätzen)

    Bedeitung 7: zézayer

  14. hien hat mat enger décker Ierfschaft gerechent, mee do hat en sech al gestouss

    vereelzt

    Bedeitung 8: se tromper; se méprendre

  15. deng Rechnung kann net stëmmen, hues de dech net gestouss ?

    vereelzt

    Bedeitung 8: se tromper; se méprendre

  16. ech stoussen awer och allkéiers mam Kapp widder déi niddereg Luucht!

    Bedeitung 9: se cogner; se heurter

  17. bei Ausgruewunge sinn d'Archeologen op Iwwerreschter vun enger Festung gestouss

    Bedeitung 10: tomber sur

  18. an der Diskussioun si mer op eng ganz valabel Léisung gestouss

    Bedeitung 10: tomber sur

  19. du réits ni, op wien ech haut an der Stad gestouss sinn !

    Bedeitung 10: tomber sur

  20. d'Reform stéisst op eng grouss Akzeptanz bei de Leit

    Bedeitung 10: tomber sur

Konjugatioun

Infinitiv
stoussen
Partizip
gestouss
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
stoussen (mech)
du
stéiss (dech)
hien / hatt / si
stéisst (sech)
mir
stoussen (eis)
dir
stousst (iech)
si
stoussen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gestouss
du
hues (dech) gestouss
hien / hatt / si
huet (sech) gestouss
mir
hunn (eis) gestouss
dir
hutt (iech) gestouss
si
hunn (sech) gestouss
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gestouss
du
has (dech) gestouss
hien / hatt / si
hat (sech) gestouss
mir
haten (eis) gestouss
dir
hat (iech) gestouss
si
haten (sech) gestouss
Conditionnel · presentSimple
ech
stéiss (mech)
du
stéiss (dech)
hien / hatt / si
stéiss (sech)
mir
stéissen (eis)
dir
stéisst (iech)
si
stéissen (sech)
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) stoussen
du
géifs / géings (dech) stoussen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) stoussen
mir
géifen / géingen (eis) stoussen
dir
géift / géingt (iech) stoussen
si
géifen / géingen (sech) stoussen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gestouss
du
häss (dech) gestouss
hien / hatt / si
hätt (sech) gestouss
mir
hätten (eis) gestouss
dir
hätt (iech) gestouss
si
hätten (sech) gestouss
Imperativ · Present
du
stouss (dech)!
dir
stousst (iech)!
Indikativ · Present
ech
stoussen
du
stéiss
hien / hatt / si
stéisst
mir
stoussen
dir
stousst
si
stoussen
Indikativ · Passé composé
ech
si gestouss
du
bass gestouss
hien / hatt / si
ass gestouss
mir
si gestouss
dir
sidd gestouss
si
si gestouss
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war gestouss
du
waars gestouss
hien / hatt / si
war gestouss
mir
ware gestouss
dir
waart gestouss
si
ware gestouss
Conditionnel · presentSimple
ech
stéiss
du
stéiss
hien / hatt / si
stéiss
mir
stéissen
dir
stéisst
si
stéissen
Conditionnel · Present
ech
géif / géing stoussen
du
géifs / géings stoussen
hien / hatt / si
géif / géing stoussen
mir
géifen / géinge stoussen
dir
géift / géingt stoussen
si
géifen / géinge stoussen
Conditionnel · Passé
ech
wier gestouss
du
wiers gestouss
hien / hatt / si
wier gestouss
mir
wiere gestouss
dir
wiert gestouss
si
wiere gestouss
Imperativ · Present
du
stouss!
dir
stousst!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →