ufänken

Lëtzebuergesch
English
to begin; to take advantage of; to light; to switch on; to start
Français
débuter; faire quelque chose de; allumer; se mettre à; commencer
Deutsch
anfangen; etwas anfangen mit; anzünden; anknipsen; beginnen
Type
VRB
Synonym
umaachen; ugoen
Auxiliary
hunn
Participe passé
ugefaangen; ugefaang

Pronunciation (IPA)

[ˈufæŋkən]

Meanings and translations

Meaning 1

Deutsch
beginnen; anfangen
Français
commencer; débuter
English
to start; to begin
Português
começar (dar início a, principiar)
Nederlands
beginnen; aanvangen

Meaning 2

Deutsch
etwas anfangen mit (etwas anstellen mit, gebrauchen zu)
Français
faire quelque chose de (exploiter, tirer parti de, utiliser)
English
to make use of; to take advantage of
Português
fazer alguma coisa com (tirar proveito de, ter utilidade para)
Nederlands
iets beginnen met (iets doen met)

Meaning 3

Deutsch
anzünden
Français
allumer (faire brûler)
English
to light (to ignite)
Português
acender (pôr a arder)
Nederlands
aansteken (vuur)

Synonyms

umaachen

Meaning 4

Deutsch
anknipsen (Licht)
Français
allumer (une source lumineuse)
English
to switch on (a light)
Português
acender (uma fonte luminosa)
Nederlands
aandoen (licht, lamp)

Synonyms

umaachen

Meaning 5

Deutsch
beginnen; anfangen (mit einer Tätigkeit)
Français
commencer; se mettre à
English
to start (work, an activity)
Português
começar; pôr-se a
Nederlands
beginnen; aanvangen (met een activiteit of toestand)

Meaning 6

Deutsch
anfangen; beginnen (zu einem bestimmten Zeitpunkt)
Français
commencer (à un certain moment)
English
to start; to begin (at a certain moment)
Português
começar (em determinado momento)
Nederlands
beginnen; aanvangen (op een bepaald tijdstip)

Synonyms

ugoen

Meaning 7

Deutsch
anfangen; beginnen (an einem bestimmten Ort)
Français
commencer (à un certain endroit)
English
to start; to begin (at a certain place)
Português
começar (em determinado lugar)
Nederlands
beginnen (op een bepaalde plaats)

Synonyms

ugoen

Spelling variants

Only source-reviewed variants are suggested.

  • eppes ufänke mat
  • ufänken
  • ufänks
  • ufänkt
  • ugefaang
  • ugefaangen
  • unzefänken

Example sentences

  1. ier s de deng Ried ufänks , muss de der Gehéier verschafen

    Meaning 1: to start; to begin

  2. hien huet eng Léier als Drécker ugefaangen

    Meaning 1: to start; to begin

  3. den Noper huet ëm siwen Auer mueres ugefaangen , de Wues ze méien

    Meaning 1: to start; to begin

  4. ech hunn an der Vakanz en neit Buch ugefaangen

    Meaning 1: to start; to begin

  5. hätt ech nëmmen ni eppes mat deem Kärel ugefaangen !

    colloquial

    Meaning 1: to start; to begin

  6. hie fänkt guer näischt mat senge ville Suen un

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  7. mat deenen iwwerflächleche Recherchë ka keen eppes ufänken

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  8. d'Police konnt näischt mat de Foussspueren ufänken

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  9. wat solle mer haut (mat eiser Zäit) ufänken ?

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  10. ech ka mat där Persoun guer näischt ufänken

    colloquial

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  11. et ass näischt mat deem Kärel ugefaangen

    colloquial

    Meaning 2: to make use of; to take advantage of

  12. géi e puer dier Äscht sichen, fir d'Feier unzefänken !

    Meaning 3: to light

  13. hues du e Briquet, fir meng Zigarett unzefänken ?

    Meaning 3: to light

  14. fänk alt schonn de Grill un , ech maachen d'Fläschen op!

    Meaning 3: to light

  15. am Wanter muss een d'Luucht méi fréi ufänken ewéi am Summer

    Meaning 4: to switch on

  16. ëm Chrëschtdag fänke mer owes d'Liichtercher um Chrëschtbeemchen un

    Meaning 4: to switch on

  17. hien huet an der ënneschter Karriär bei der Post ugefaangen (mat schaffen)

    Meaning 5: to start

  18. fänkt alt schonn un , ech komme méi spéit!

    Meaning 5: to start

  19. am schlëmmste Fall musse mer nach eng Kéier vu vir ufänken

    Meaning 5: to start

  20. d'Mullebutze fänken un , rout ze ginn

    Meaning 5: to start

  21. vergiess däi Prabbeli net, well et fänkt u mat reenen!

    Meaning 5: to start

  22. d'Schoul fänkt ëm aacht Auer un

    Meaning 6: to start; to begin

  23. muer fänken an der Chamber d'Debatten iwwer de Staatsbudget un

    Meaning 6: to start; to begin

  24. well d'Gäscht net erbäikoumen, konnt d'Iessen net matzäit ufänken

    Meaning 6: to start; to begin

  25. wou fänkt Ären Terrain un ?

    Meaning 7: to start; to begin

Verb conjugation

Infinitive
ufänken
Past participle
ugefaangen / ugefaang
Auxiliary
hunn
Indicative · Present
ech
fänken un
du
fänks un
hien / hatt / si
fänkt un
mir
fänken un
dir
fänkt un
si
fänken un
Indicative · Perfect
ech
hunn ugefaangen / ugefaang
du
hues ugefaangen / ugefaang
hien / hatt / si
huet ugefaangen / ugefaang
mir
hunn ugefaangen / ugefaang
dir
hutt ugefaangen / ugefaang
si
hunn ugefaangen / ugefaang
Indicative · Pluperfect
ech
hat ugefaangen / ugefaang
du
has ugefaangen / ugefaang
hien / hatt / si
hat ugefaangen / ugefaang
mir
haten ugefaangen / ugefaang
dir
hat ugefaangen / ugefaang
si
haten ugefaangen / ugefaang
Conditional · Present
ech
géif / géing ufänken
du
géifs / géings ufänken
hien / hatt / si
géif / géing ufänken
mir
géifen / géingen ufänken
dir
géift / géingt ufänken
si
géifen / géingen ufänken
Conditional · Past
ech
hätt ugefaangen / ugefaang
du
häss ugefaangen / ugefaang
hien / hatt / si
hätt ugefaangen / ugefaang
mir
hätten ugefaangen / ugefaang
dir
hätt ugefaangen / ugefaang
si
hätten ugefaangen / ugefaang
Imperative · Present
du
fänk un!
dir
fänkt un!

Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0

Back to dictionary →