usetzen

Lëtzebuergesch
English
to position; to hold to the mouth; to add; to join; to prepare; to start; to get covered; to set a (starting) price; to make a start; to become covered; to sit down
Français
placer; porter à la bouche; ajouter à; ajuster; mélanger; mettre sur; se couvrir de; fixer un prix initial pour; commencer; se déposer; se mettre à table
Deutsch
ansetzen; ansetzen an; ansetzen auf; anfangen; sich ansetzen; sich zu Tisch setzen
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
ugesat

Pronunciation (IPA)

[ˈuzætsən]

Meanings and translations

Meaning 1

Deutsch
ansetzen (ein Werkzeug)
Français
placer (mettre en position d'utilisation)
English
to position (a tool)
Português
colocar (em posição de utilização)
Nederlands
plaatsen (een werktuig om ermee te gaan werken)

Meaning 2

Deutsch
ansetzen (an den Mund)
Français
porter à la bouche
English
to hold to the mouth
Português
levar à boca
Nederlands
(aan)zetten (aan de mond zetten)

Meaning 3

Deutsch
ansetzen an (ein zusätzliches Stück)
Français
ajouter à (pour rallonger)
English
to add (to lengthen with an extra piece)
Português
juntar a (para alongar)
Nederlands
aanzetten aan (een extra stuk)

Meaning 4

Deutsch
ansetzen (anfügen)
Français
ajuster (deux surfaces)
English
to join (to another piece)
Português
juntar (duas superfícies)
Nederlands
tegen elkaar plaatsen

Meaning 5

Deutsch
ansetzen (eine Mischung)
Français
préparer; mélanger (des ingrédients, en vue de les faire réagir)
English
to prepare (a mixture)
Português
preparar; misturar (ingredientes, um preparado)
Nederlands
bereiden

Meaning 6

Deutsch
ansetzen auf (eine Spur)
Français
mettre sur (une piste)
English
to start (tracking)
Português
fazer seguir (uma pista)
Nederlands
zetten op (op het spoor zetten)

Meaning 7

Deutsch
ansetzen (einen Belag)
Français
se couvrir de (d'une couche)
English
to get covered (with a coating)
Português
cobrir-se de (de uma camada)
Nederlands
bedekt worden met (met mos bedekt worden, gaan roesten)

Meaning 8

Deutsch
ansetzen (veranschlagen, festsetzen)
Français
fixer un prix initial pour
English
to set a (starting) price
Português
fixar um preço inicial para
Nederlands
een (begin)prijs vaststellen

Meaning 9

Deutsch
ansetzen zu; anfangen
Français
se mettre à; commencer
English
to get ready; to make a start
Português
pôr-se a; começar (a)
Nederlands
beginnen (te)

Meaning 10

Deutsch
sich ansetzen
Français
se former; se déposer
English
to become covered (with a coating)
Português
formar-se; depor-se
Nederlands
aanzetten; zich vastzetten

Meaning 11

Deutsch
sich zu Tisch setzen
Français
se mettre à table (pour manger)
English
to be seated; to sit down (for a meal)
Português
sentar-se à mesa (para comer)
Nederlands
aan tafel gaan

Usage notes

Spelling variants

Only source-reviewed variants are suggested.

  • sech usetzen
  • ugesat
  • ugesatem
  • ugesaten
  • ugesater
  • unzesetzen
  • usetz
  • usetzen
  • usetzen (fir)
  • usetzen op
  • usetzen un
  • usetzt

Example sentences

  1. de Fierschter huet eis gewisen, wou een d'Motorsee soll usetzen , fir e Bam ëmzeleeën

    Meaning 1: to position

  2. den Déif huet d'Briecheisen ugesat , fir d'Dier aus den Aangelen ze hiewen

    Meaning 1: to position

  3. ech hu mer d'Lëpse verbrannt, wéi ech d'Taass mam gliddege Kaffi ugesat hunn

    Meaning 2: to hold to the mouth

  4. den Trompettist hëlt déif Loft, ier en säin Instrument usetzt

    Meaning 2: to hold to the mouth

  5. ech hat een Ament net Uecht ginn, du hat de Klengen d'Béierfläsch schonn ugesat !

    Meaning 2: to hold to the mouth

  6. fréier gouf e Stéck un d'Boxen ugesat , wa se ze kuerz waren

    Meaning 3: to add

  7. den Usträicher huet propper geschafft, et gesäit een net, wou en d'Tapéit ugesat huet

    Meaning 4: to join

  8. ideal setzt een dësen Deeg owes un, fir en den Dag drop weiderzeverschaffen

    Meaning 5: to prepare

  9. d'Laborantin huet eng Kultur mat Bakteerien ugesat

    Meaning 5: to prepare

  10. d'Police huet direkt hir Hënn op d'Spuer vun den Täter ugesat

    Meaning 6: to start

  11. d'Fra huet en Detektiv op hire Mann ugesat

    Meaning 6: to start

  12. eist Gelänner huet de Wanter iwwer Rascht ugesat

    Meaning 7: to get covered

  13. stengen Trape setze gär Moos un

    Meaning 7: to get covered

  14. op der Stee gouf den Tablo, deen eis gefall huet, bei 2.000 Euro ugesat

    Meaning 8: to set a (starting) price

  15. de Proprietär hat d'Haus ze héich ugesat

    Meaning 8: to set a (starting) price

  16. den Automobilist huet ugesat fir ze iwwerhuelen, mee du koum e Motocyclist em entgéint

    Meaning 9: to get ready; to make a start

  17. de Fliger setzt geschwënn u fir ze landen

    Meaning 9: to get ready; to make a start

  18. hien hat op senger neier Aarbecht gutt ugesat , mee du huet e gelappt

    Meaning 9: to get ready; to make a start

  19. bei dësem Patient weess den Therapeut net, wou e soll usetzen

    Meaning 9: to get ready; to make a start

  20. op de Réier huet sech Rascht ugesat

    Meaning 10: to become covered

  21. de Stëbs setzt sech iwwerall un

    Meaning 10: to become covered

  22. dir kënnt iech usetzen , d'Iesse steet um Dësch

    Meaning 11: to be seated; to sit down

  23. mir hu vëllegen z'iessen, setzt Iech mat un !

    Meaning 11: to be seated; to sit down

Verb conjugation

Infinitive
usetzen
Past participle
ugesat
Auxiliary
hunn
Indicative · Present
ech
setzen (mech) un
du
setz (dech) un
hien / hatt / si
setzt (sech) un
mir
setzen (eis) un
dir
setzt (iech) un
si
setzen (sech) un
Indicative · Perfect
ech
hunn (mech) ugesat
du
hues (dech) ugesat
hien / hatt / si
huet (sech) ugesat
mir
hunn (eis) ugesat
dir
hutt (iech) ugesat
si
hunn (sech) ugesat
Indicative · Pluperfect
ech
hat (mech) ugesat
du
has (dech) ugesat
hien / hatt / si
hat (sech) ugesat
mir
haten (eis) ugesat
dir
hat (iech) ugesat
si
haten (sech) ugesat
Conditional · Present
ech
géif / géing (mech) usetzen
du
géifs / géings (dech) usetzen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) usetzen
mir
géifen / géingen (eis) usetzen
dir
géift / géingt (iech) usetzen
si
géifen / géingen (sech) usetzen
Conditional · Past
ech
hätt (mech) ugesat
du
häss (dech) ugesat
hien / hatt / si
hätt (sech) ugesat
mir
hätten (eis) ugesat
dir
hätt (iech) ugesat
si
hätten (sech) ugesat
Imperative · Present
du
setz (dech) un!
dir
setzt (iech) un!

Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0

Back to dictionary →