vun
Lëtzebuergesch
- English
- off; of; of; of; by; (because) of; because of; from; of; from ... on; from ... till; to be unconscious; from (sheer)
- Français
- de; de; de; de; par; à cause de; de par ...; de; (de la part) de; depuis ...; de ... (jusqu')à; être inconscient; de (pur)
- Deutsch
- von; von; von; von; von; von ... her; aus; von; von ... an; von ... bis; bewusstlos sein; vor (lauter)
- Type
- PREP
Bedeutungen und Übersetzungen
Bedeutung 1
- Deutsch
- von (einem Ort)
- Français
- de (à partir de (un endroit))
- English
- off; from
- Português
- de (a partir de (um lugar))
- Nederlands
- van; uit (een plaats)
Bedeutung 2
- Français
- de
- English
- of
- Português
- de
- Nederlands
- van; door (verbindt twee elementen)
Bedeutung 3
- Deutsch
- von (mehreren, verschiedenen)
- Français
- de (parmi les)
- English
- of (among)
- Português
- de (de entre)
- Nederlands
- van (verscheidene)
Bedeutung 4
- Deutsch
- von (sich belaufend auf)
- Français
- de (revenant à, s'élevant à)
- English
- of (amounting to)
- Português
- de (perfazendo, montando a)
- Nederlands
- van (een hoeveelheid)
Bedeutung 5
- Deutsch
- von; durch
- Français
- par
- English
- by
- Português
- por
- Nederlands
- door
Bedeutung 6
- Deutsch
- von (wegen)
- Français
- à cause de; sous l'effet de; à la suite de
- English
- (because) of; due to
- Português
- por causa de; por efeito de; em consequência de
- Nederlands
- van (als gevolg van)
Bedeutung 7
- Deutsch
- von ... her; aufgrund ...
- Français
- de par ...; en raison de ...; du fait de ...
- English
- because of; on account of
- Português
- dado; devido a
- Nederlands
- wegens; op grond van
Bedeutung 8
- Deutsch
- aus (datierend von)
- Français
- de (datant de)
- English
- from (dating from)
- Português
- de (que data(m) de)
- Nederlands
- van; uit (daterend uit)
Bedeutung 9
- Deutsch
- von (seitens)
- Français
- (de la part) de
- English
- of; from
- Português
- (da parte) de
- Nederlands
- van ((van de kant) van)
Bedeutung 10
- Deutsch
- von ... bis
- Français
- de ... (jusqu')à
- English
- from ... till; from ... to
- Português
- de ... até; de ... a; desde ... até
- Nederlands
- van ... tot
Bedeutung 11
- Deutsch
- bewusstlos sein
- Français
- être inconscient; être évanoui
- English
- to be unconscious
- Português
- estar inanimado; estar sem sentidos
- Nederlands
- bewusteloos zijn
Bedeutung 12
- Deutsch
- vor (lauter); aus
- Français
- de (pur); par (pur) (à cause de (circonstances extrêmes))
- English
- from (sheer)
- Português
- de (tanto); de (tanta) (por causa de (circunstâncias extremas))
- Nederlands
- van louter (uit)
Schreibvarianten
Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.
- vu(n) sech sinn
- vun
- vun ... bis
- vun ... hier
- vun elauter
Anwendungsbeispiele
eis Kaz huet d'Blummestäck vun der Fënster erofgehäit
Bedeutung 1: von
ech komme vu Lëtzebuerg
Bedeutung 1: von
déi nei Buslinn geet vun der Gare op de Flughafen
Bedeutung 1: von
an dësem Haus hunn d'Grousseltere vu mengem Frënd gewunnt
wien ass de Chef vun dësem Service?
den Déif hat d'Schlass vun der Dier opgebrach
ech wunnen elo erëm am Haus vu mengen Elteren
weess du, wéi d'Uniform vun engem Admirol ausgesäit?
dës Deformatioun vun der Wouerecht fënnt een a villen Artikelen
den Agrëff vun de Chirurgen huet dräi Stonne gedauert
op wéi eng vun dengen zwou Adresse soll ech der de Mail schécken?
Bedeutung 3: von
hie gëtt allgemeng als ee vun deene beschten Historiker ugesinn
Bedeutung 3: von
vun alle Propositiounen ass dës déi bescht
Bedeutung 3: von
meng Schwëster huet en Akommes vun 2500 Euro
Bedeutung 4: von
e Fluch vun zéng Stonnen ass ustrengend
Bedeutung 4: von
déi gréisste Kasematt huet eng Längt vun e puer Honnert Meter
Bedeutung 4: von
de Motocyclist gouf vun der Police ugehalen, well en ouni Kask gefuer ass
Bedeutung 5: von; durch
den accidentéierten Auto ass vun enger Depanneuse ofgeschleeft ginn
Bedeutung 5: von; durch
dat Bild gouf vun engem Kand gemoolt
Bedeutung 5: von; durch
vun deem ongewinnten Iessen ass et eis all schlecht ginn
Bedeutung 6: von
déi dote Plättercher komme vun der Faarf hier net a Fro
Bedeutung 7: von ... her; aufgrund ...
hues du d'Zeitung vu gëschter nach?
Bedeutung 8: aus
ech sammele Fotoe vu mengem Gebuertsjoer
Bedeutung 8: aus
d'Zich vun haut hunn all Verspéidung
Bedeutung 8: aus
dat ass awer léif vun Iech!
Bedeutung 9: von
mir si vu mueres bis owes déck beschäftegt
Bedeutung 10: von ... bis
d'Aarbechtszäite si vun 8 bis 12 a vu 14 bis 18 Auer
Bedeutung 10: von ... bis
vu Kanner bis eeler Leit war alles um Wisefest vertrueden
Bedeutung 10: von ... bis
ech hat mat mengem Noper e flott Gespréich, et goung vu bis!
Bedeutung 10: von ... bis
wéi d'Rettungsekipp op d'Plaz vum Accident koum, war de blesséierte Chauffer vu sech
Bedeutung 11: bewusstlos sein
de Chauffer ass vun elauter Middegkeet um Steier agetompt
Bedeutung 12: vor (lauter); aus
Quelle: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zum Wörterbuch →