vun

Lëtzebuergesch
English
off; of; of; of; by; (because) of; because of; from; of; from ... on; from ... till; to be unconscious; from (sheer)
Français
de; de; de; de; par; à cause de; de par ...; de; (de la part) de; depuis ...; de ... (jusqu')à; être inconscient; de (pur)
Deutsch
von; von; von; von; von; von ... her; aus; von; von ... an; von ... bis; bewusstlos sein; vor (lauter)
Type
PREP

Prononciation (API)

[fun]

Sens et traductions

Sens 1

Deutsch
von (einem Ort)
Français
de (à partir de (un endroit))
English
off; from
Português
de (a partir de (um lugar))
Nederlands
van; uit (een plaats)

Sens 2

Français
de
English
of
Português
de
Nederlands
van; door (verbindt twee elementen)

Sens 3

Deutsch
von (mehreren, verschiedenen)
Français
de (parmi les)
English
of (among)
Português
de (de entre)
Nederlands
van (verscheidene)

Sens 4

Deutsch
von (sich belaufend auf)
Français
de (revenant à, s'élevant à)
English
of (amounting to)
Português
de (perfazendo, montando a)
Nederlands
van (een hoeveelheid)

Sens 5

Deutsch
von; durch
Français
par
English
by
Português
por
Nederlands
door

Sens 6

Deutsch
von (wegen)
Français
à cause de; sous l'effet de; à la suite de
English
(because) of; due to
Português
por causa de; por efeito de; em consequência de
Nederlands
van (als gevolg van)

Sens 7

Deutsch
von ... her; aufgrund ...
Français
de par ...; en raison de ...; du fait de ...
English
because of; on account of
Português
dado; devido a
Nederlands
wegens; op grond van

Sens 8

Deutsch
aus (datierend von)
Français
de (datant de)
English
from (dating from)
Português
de (que data(m) de)
Nederlands
van; uit (daterend uit)

Sens 9

Deutsch
von (seitens)
Français
(de la part) de
English
of; from
Português
(da parte) de
Nederlands
van ((van de kant) van)

Sens 10

Deutsch
von ... bis
Français
de ... (jusqu')à
English
from ... till; from ... to
Português
de ... até; de ... a; desde ... até
Nederlands
van ... tot

Sens 11

Deutsch
bewusstlos sein
Français
être inconscient; être évanoui
English
to be unconscious
Português
estar inanimado; estar sem sentidos
Nederlands
bewusteloos zijn

Sens 12

Deutsch
vor (lauter); aus
Français
de (pur); par (pur) (à cause de (circonstances extrêmes))
English
from (sheer)
Português
de (tanto); de (tanta) (por causa de (circunstâncias extremas))
Nederlands
van louter (uit)
Variantes orthographiques

Seules les variantes vérifiées par la source sont suggérées.

  • vu(n) sech sinn
  • vun
  • vun ... bis
  • vun ... hier
  • vun elauter

Exemples d’utilisation

  1. eis Kaz huet d'Blummestäck vun der Fënster erofgehäit

    Sens 1: de

  2. ech komme vu Lëtzebuerg

    Sens 1: de

  3. déi nei Buslinn geet vun der Gare op de Flughafen

    Sens 1: de

  4. an dësem Haus hunn d'Grousseltere vu mengem Frënd gewunnt

    Sens 2: de

  5. wien ass de Chef vun dësem Service?

    Sens 2: de

  6. den Déif hat d'Schlass vun der Dier opgebrach

    Sens 2: de

  7. ech wunnen elo erëm am Haus vu mengen Elteren

    Sens 2: de

  8. weess du, wéi d'Uniform vun engem Admirol ausgesäit?

    Sens 2: de

  9. dës Deformatioun vun der Wouerecht fënnt een a villen Artikelen

    Sens 2: de

  10. den Agrëff vun de Chirurgen huet dräi Stonne gedauert

    Sens 2: de

  11. op wéi eng vun dengen zwou Adresse soll ech der de Mail schécken?

    Sens 3: de

  12. hie gëtt allgemeng als ee vun deene beschten Historiker ugesinn

    Sens 3: de

  13. vun alle Propositiounen ass dës déi bescht

    Sens 3: de

  14. meng Schwëster huet en Akommes vun 2500 Euro

    Sens 4: de

  15. e Fluch vun zéng Stonnen ass ustrengend

    Sens 4: de

  16. déi gréisste Kasematt huet eng Längt vun e puer Honnert Meter

    Sens 4: de

  17. de Motocyclist gouf vun der Police ugehalen, well en ouni Kask gefuer ass

    Sens 5: par

  18. den accidentéierten Auto ass vun enger Depanneuse ofgeschleeft ginn

    Sens 5: par

  19. dat Bild gouf vun engem Kand gemoolt

    Sens 5: par

  20. vun deem ongewinnten Iessen ass et eis all schlecht ginn

    Sens 6: à cause de; sous l'effet de; à la suite de

  21. déi dote Plättercher komme vun der Faarf hier net a Fro

    Sens 7: de par ...; en raison de ...; du fait de ...

  22. hues du d'Zeitung vu gëschter nach?

    Sens 8: de

  23. ech sammele Fotoe vu mengem Gebuertsjoer

    Sens 8: de

  24. d'Zich vun haut hunn all Verspéidung

    Sens 8: de

  25. dat ass awer léif vun Iech!

    Sens 9: (de la part) de

  26. mir si vu mueres bis owes déck beschäftegt

    Sens 10: de ... (jusqu')à

  27. d'Aarbechtszäite si vun 8 bis 12 a vu 14 bis 18 Auer

    Sens 10: de ... (jusqu')à

  28. vu Kanner bis eeler Leit war alles um Wisefest vertrueden

    Sens 10: de ... (jusqu')à

  29. ech hat mat mengem Noper e flott Gespréich, et goung vu bis!

    Sens 10: de ... (jusqu')à

  30. wéi d'Rettungsekipp op d'Plaz vum Accident koum, war de blesséierte Chauffer vu sech

    Sens 11: être inconscient; être évanoui

  31. de Chauffer ass vun elauter Middegkeet um Steier agetompt

    Sens 12: de (pur); par (pur)

Source : ZLS / LOD · juillet 2026 · CC0

Retour au dictionnaire →