Wee

Lëtzebuergesch
English
track; route [itinerary]; way [direction, sense]; way [method]
Français
sentier [voie de circulation] [voie de circulation]; trajet [itinéraire] [itinéraire]; sens [direction, orientation, position]; procédure [manière de procéder] [manière de procéder]
Deutsch
Weg [zum Begehen, zum Befahren]; Weg [Strecke]; Weise; Weg [Vorgehensweise]
Type
SUBST M

Prononciation (API)

[veː]

Sens et traductions

Sens 1

Deutsch
Weg (zum Begehen, zum Befahren)
Français
chemin; sentier (voie de circulation)
English
path; track
Português
caminho; vereda; carreiro
Nederlands
weg; pad

Sens 2

Deutsch
Weg (Strecke)
Français
chemin; route; trajet (itinéraire)
English
way; route (itinerary)
Português
caminho; trajeto (itinerário)
Nederlands
weg (route)

Sens 3

Deutsch
seiner Wege gehen
Français
s'en aller; partir (dans une situation de mécontentement)
English
to take off; to hit the road
Português
ir-se embora (numa situação de descontentamento)
Nederlands
vertrekken; ervandoor gaan

Sens 4

Deutsch
Hinweg; Rückweg
Français
aller; retour (trajet)
English
way there; way back
Português
caminho da ida; caminho da volta
Nederlands
heenweg; terugweg

Sens 5

Deutsch
Richtung; Weise
Français
sens (direction, orientation, position)
English
way (direction, sense)
Português
sentido (direção, orientação, posição)
Nederlands
richting; manier

Sens 6

Deutsch
in die Wege leiten
Français
mettre en œuvre; entamer

Sens 7

Deutsch
Weg (Vorgehensweise)
Français
moyen; voie; procédure (manière de procéder)
English
way (method)
Português
meio; via (maneira de proceder)
Nederlands
weg (procedure)
Variantes orthographiques

Seules les variantes vérifiées par la source sont suggérées.

  • an d'Weeër leeden
  • senger Wee goen
  • Wee
  • Wee fir dohin
  • Wee fir zeréck
  • Weeër

Exemples d’utilisation

  1. d'Bänke laanscht dem Wee ginn nei ugestrach

    Sens 1: chemin; sentier

  2. an de Bierger sinn d'Weeër heiansdo schmuel

    Sens 1: chemin; sentier

  3. nom Stuerm louch e Bam um Wee

    Sens 1: chemin; sentier

  4. réckel e bëssen, du stees mer am Wee

    Sens 1: chemin; sentier

  5. zënter eisem Sträit geet hie mir aus dem Wee

    Sens 1: chemin; sentier

  6. ech trauen deem Typ net iwwer de Wee

    Sens 1: chemin; sentier

  7. do féiert kee Wee derlaanscht

    Sens 1: chemin; sentier

  8. hien ass scho laang vum richtege Wee ofkomm

    Sens 1: chemin; sentier

  9. deen do steet sech selwer am Wee

    Sens 1: chemin; sentier

  10. ech krut vill Steng an de Wee gehäit

    Sens 1: chemin; sentier

  11. dat neit Gesetz huet de Wee fräigemaach fir d'Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Koppelen

    Sens 1: chemin; sentier

  12. ech fueren all Dag dee selwechte Wee op d'Aarbecht

    Sens 2: chemin; route; trajet

  13. um Wee fir heem krut ech e Platten

    Sens 2: chemin; route; trajet

  14. d'Apdikt läit op mengem Wee

    Sens 2: chemin; route; trajet

  15. iess nach eng Schmier, fir datt s de de Wee packs

    Sens 2: chemin; route; trajet

  16. um hallwe Wee hu mir eng Paus gemaach

    Sens 2: chemin; route; trajet

  17. spuer der dee Wee

    Sens 2: chemin; route; trajet

  18. hatt geet säin eegene Wee

    Sens 2: chemin; route; trajet

  19. de Jong wäert säi Wee goen

    Sens 2: chemin; route; trajet

  20. hien ass um beschte Wee , fir Alkoholiker ze ginn

    Sens 2: chemin; route; trajet

  21. ech ginn der e puer gutt Réit mat op de Wee

    Sens 2: chemin; route; trajet

  22. de Virtrag war esou langweileg, datt déi Éischt schonn no zéng Minutten hirer Wee gaange sinn

    Sens 3: s'en aller; partir

  23. géi denger Wee !

    Sens 3: s'en aller; partir

  24. mäi Mann ass senger Wee gaangen

    Sens 3: s'en aller; partir

  25. de Wee fir zeréck ass mer méi kuerz virkomm ewéi de Wee fir dohin

    Sens 4: aller; retour

  26. du muss d'Kabelen ëmpolen, soss dréit de Motor de falsche Wee

    Sens 5: sens

  27. déi Dëlpessen haten de Fändel de verkéierte Wee opgehaangen

    Sens 5: sens

  28. du hues de Pullover de verkéierte Wee ugedoen

    Sens 5: sens

  29. ech sinn de laange Wee duer getrollt

    Sens 5: sens

  30. mir leeden alles an d'Weeër , fir datt mer geschwë mam Bau vum Haus kënnen ufänken

    Sens 6: mettre en œuvre; entamer

  31. de Fall war esou grav, datt geriichtlech Schrëtt an d'Weeër geleet goufen

    Sens 6: mettre en œuvre; entamer

  32. si huet hir Decisioun als deen eenzeg richtege Wee ugesinn

    Sens 7: moyen; voie; procédure

  33. mir bleift keen anere Wee , ewéi eng Plainte ze maachen

    Sens 7: moyen; voie; procédure

  34. de Projet muss elo op de legislative Wee kommen

    Sens 7: moyen; voie; procédure

  35. mat eiser Iddi si mer um gudde Wee

    Sens 7: moyen; voie; procédure

Source : ZLS / LOD · juillet 2026 · CC0

Retour au dictionnaire →