track; route [itinerary]; way [direction, sense]; way [method]
Français
sentier [voie de circulation] [voie de circulation]; trajet [itinéraire] [itinéraire]; sens [direction, orientation, position]; procédure [manière de procéder] [manière de procéder]
Deutsch
Weg [zum Begehen, zum Befahren]; Weg [Strecke]; Weise; Weg [Vorgehensweise]
Type
SUBST M
Aussprooch (IPA)
[veː]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
Deutsch
Weg (zum Begehen, zum Befahren)
Français
chemin; sentier (voie de circulation)
English
path; track
Português
caminho; vereda; carreiro
Nederlands
weg; pad
Bedeitung 2
Deutsch
Weg (Strecke)
Français
chemin; route; trajet (itinéraire)
English
way; route (itinerary)
Português
caminho; trajeto (itinerário)
Nederlands
weg (route)
Bedeitung 3
Deutsch
seiner Wege gehen
Français
s'en aller; partir (dans une situation de mécontentement)
English
to take off; to hit the road
Português
ir-se embora (numa situação de descontentamento)
Nederlands
vertrekken; ervandoor gaan
Bedeitung 4
Deutsch
Hinweg; Rückweg
Français
aller; retour (trajet)
English
way there; way back
Português
caminho da ida; caminho da volta
Nederlands
heenweg; terugweg
Bedeitung 5
Deutsch
Richtung; Weise
Français
sens (direction, orientation, position)
English
way (direction, sense)
Português
sentido (direção, orientação, posição)
Nederlands
richting; manier
Bedeitung 6
Deutsch
in die Wege leiten
Français
mettre en œuvre; entamer
Bedeitung 7
Deutsch
Weg (Vorgehensweise)
Français
moyen; voie; procédure (manière de procéder)
English
way (method)
Português
meio; via (maneira de proceder)
Nederlands
weg (procedure)
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
an d'Weeër leeden
senger Wee goen
Wee
Wee fir dohin
Wee fir zeréck
Weeër
Beispillsätz
d'Bänke laanscht dem Wee ginn nei ugestrach
Bedeitung 1: chemin; sentier
an de Bierger sinn d'Weeër heiansdo schmuel
Bedeitung 1: chemin; sentier
nom Stuerm louch e Bam um Wee
Bedeitung 1: chemin; sentier
réckel e bëssen, du stees mer am Wee
Bedeitung 1: chemin; sentier
zënter eisem Sträit geet hie mir aus dem Wee
Bedeitung 1: chemin; sentier
ech trauen deem Typ net iwwer de Wee
Bedeitung 1: chemin; sentier
do féiert kee Wee derlaanscht
Bedeitung 1: chemin; sentier
hien ass scho laang vum richtege Wee ofkomm
Bedeitung 1: chemin; sentier
deen do steet sech selwer am Wee
Bedeitung 1: chemin; sentier
ech krut vill Steng an de Wee gehäit
Bedeitung 1: chemin; sentier
dat neit Gesetz huet de Wee fräigemaach fir d'Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Koppelen
Bedeitung 1: chemin; sentier
ech fueren all Dag dee selwechte Wee op d'Aarbecht
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
um Wee fir heem krut ech e Platten
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
d'Apdikt läit op mengem Wee
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
iess nach eng Schmier, fir datt s de de Wee packs
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
um hallwe Wee hu mir eng Paus gemaach
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
spuer der dee Wee
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
hatt geet säin eegene Wee
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
de Jong wäert säi Wee goen
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
hien ass um beschte Wee , fir Alkoholiker ze ginn
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
ech ginn der e puer gutt Réit mat op de Wee
Bedeitung 2: chemin; route; trajet
de Virtrag war esou langweileg, datt déi Éischt schonn no zéng Minutten hirer Wee gaange sinn
Bedeitung 3: s'en aller; partir
géi denger Wee !
Bedeitung 3: s'en aller; partir
mäi Mann ass senger Wee gaangen
Bedeitung 3: s'en aller; partir
de Wee fir zeréck ass mer méi kuerz virkomm ewéi de Wee fir dohin
Bedeitung 4: aller; retour
du muss d'Kabelen ëmpolen, soss dréit de Motor de falsche Wee
Bedeitung 5: sens
déi Dëlpessen haten de Fändel de verkéierte Wee opgehaangen
Bedeitung 5: sens
du hues de Pullover de verkéierte Wee ugedoen
Bedeitung 5: sens
ech sinn de laange Wee duer getrollt
Bedeitung 5: sens
mir leeden alles an d'Weeër , fir datt mer geschwë mam Bau vum Haus kënnen ufänken
Bedeitung 6: mettre en œuvre; entamer
de Fall war esou grav, datt geriichtlech Schrëtt an d'Weeër geleet goufen
Bedeitung 6: mettre en œuvre; entamer
si huet hir Decisioun als deen eenzeg richtege Wee ugesinn
Bedeitung 7: moyen; voie; procédure
mir bleift keen anere Wee , ewéi eng Plainte ze maachen