ech weisen der de Plang vum Haus, fir datt s de der kanns eng Iddi dervu maachen
Bedeutung 1: zeigen
de Chauffer huet dem Douanier déi gefroten Dokumenter gewisen
Bedeutung 1: zeigen
du muss engem Dokter déi Wonn do weisen !
Bedeutung 1: zeigen
weis emol, wat s de kanns!
Bedeutung 1: zeigen
allkéiers wann de Bréifdréier kënnt, weist den Hond d'Zänn
Bedeutung 1: zeigen
déi doten Aarbecht léisst sech weisen
Bedeutung 1: zeigen
de Moniteur weist de Kanner, wéi ee mat Kaart a Kompass ëmgeet
Bedeutung 2: zeigen; vormachen
weis mer, wéi déi nei Kaffismaschinn funktionéiert
Bedeutung 2: zeigen; vormachen
et ass net duergaange mat der Plaz, fir am Musée déi ganz Kollektioun ze weisen
Bedeutung 3: zeigen
op der Ausstellung ginn d'Wierker vu jonken Artiste gewisen
Bedeutung 3: zeigen
dee räiche Geschäftsmann weist gär, wat en huet
Bedeutung 4: zeigen; zur Schau stellen
dee Sender weist ze vill Reklammen
Bedeutung 5: zeigen
um Festival gëtt eng ongekierzt Versioun vum Film gewisen
Bedeutung 5: zeigen
weis emol e bësse méi Begeeschterung bei der Aarbecht!
Bedeutung 6: zeigen
hien huet keng Grëtz gudde Wëlle gewisen
Bedeutung 6: zeigen
a sengem Behuele weist d'Kand autistesch Symptomer
Bedeutung 6: zeigen
ville Männer fält et schwéier, hir Gefiller ze weisen
Bedeutung 6: zeigen
d'Bluttanalys huet gewisen , datt de Sportler sech gedoppt hat
Bedeutung 7: zeigen
d'Reform weist schonn éischt Resultater
Bedeutung 7: zeigen
d'Wolleke weise Reen
Bedeutung 7: zeigen
d'Auer weist d'Zäit
Bedeutung 8: zeigen; anzeigen
den Thermometer weist 35 Grad
Bedeutung 8: zeigen; anzeigen
d'Geschier weist d'Aarbecht
Bedeutung 8: zeigen; anzeigen
wien an der Schoul eppes wëllt soen, muss de Fanger weisen
Bedeutung 9: sich melden
firwat weist dee Feil no ënnen?
Bedeutung 10: zeigen
et weist een net mam Fanger op d'Leit!
Bedeutung 10: zeigen
déi Toz soll sech net méi hei weisen !
Bedeutung 11: sich zeigen; sich blicken lassen
si hunn hir Kanner esou schlecht gewinnt, datt se sech néierens kënne mat hinne weisen
Bedeutung 11: sich zeigen; sich blicken lassen
déi éischt Schnéigläckelcher weisen sech
Bedeutung 12: sich zeigen
bei mir weisen sech déi éischt gro Hoer
Bedeutung 12: sich zeigen
et wäert sech nach weisen , ob eis Entscheedung richteg war
Bedeutung 13: sich zeigen; sich herausstellen
et huet sech gewisen , datt ech um Enn Recht hat
Bedeutung 13: sich zeigen; sich herausstellen