wiesselen

Lëtzebuergesch
English
to change; to exchange; to swap (with)
Français
changer de; changer; échanger (avec)
Deutsch
wechseln; tauschen (mit)
Type
VRB
Synonym
ëmwiesselen; changéieren; austauschen; tauschen (mat)
Auxiliary
hunn
Participe passé
gewiesselt

Pronunciation (IPA)

[vˈiəsələn]

Meanings and translations

Meaning 1

Deutsch
wechseln (überwechseln zu)
Français
changer de
English
to change (to change to, to switch to)
Português
mudar de; trocar de
Nederlands
wisselen (veranderen van)

Meaning 2

Deutsch
wechseln (auswechseln, ersetzen)
Français
changer (remplacer)
English
to change (to replace)
Português
mudar; trocar (substituir)
Nederlands
vervangen

Synonyms

austauschen · changéieren

Meaning 3

Deutsch
wechseln (Geld, Währung)
Français
changer (de l'argent)
English
to change; to exchange (money)
Português
trocar (dinheiro)
Nederlands
wisselen (geld)

Synonyms

ëmwiesselen

Meaning 4

Deutsch
wechseln; tauschen (mit)
Français
échanger (avec)
English
to swap (with)
Português
trocar (com)
Nederlands
ruilen (met)

Synonyms

tauschen (mat)

Meaning 5

Deutsch
wechseln (ändern)
Français
changer (être remplacé)
English
to change (to become different)
Português
mudar (sofrer mudança)
Nederlands
wisselen; omslaan (veranderen)

Usage notes

Spelling variants

Only source-reviewed variants are suggested.

  • gewiesselt
  • gewiesseltem
  • gewiesselten
  • gewiesselter
  • wiessel
  • wiesselen
  • wiesselen (mat)
  • wiessels
  • wiesselt

Example sentences

  1. de Schrëftsteller huet de Verlag gewiesselt

    Meaning 1: to change

  2. looss mer emol d'Theema wiesselen

    Meaning 1: to change

  3. mäi Papp huet dräimol a sengem Liewen de Beruff gewiesselt

    Meaning 1: to change

  4. de Mecanicien huet d'Bougië vum Auto gewiesselt

    Meaning 2: to change

  5. ier mir an Amerika geflu sinn, hu mer nach séier Sue gewiesselt

    Meaning 3: to change; to exchange

  6. kéint der mer zéng Euro wiesselen , ech brauch Mënz

    Meaning 3: to change; to exchange

  7. déi zwou Frëndinnen hunn hir Schalen (mateneen) gewiesselt

    Meaning 4: to swap (with)

  8. ech sëtzen net gär an der éischter Rei, wëlls de deng Plaz net mat mer wiesselen ?

    Meaning 4: to swap (with)

  9. zënter d'Direktioun vum Hotel gewiesselt huet , ass de Service besser ginn

    Meaning 5: to change

  10. nodeem d'Gäscht gutt giess a gedronk haten, huet d'Stëmmung gewiesselt

    Meaning 5: to change

  11. an der Klinick wiesselt d'Schicht dräimol den Dag

    Meaning 5: to change

Verb conjugation

Infinitive
wiesselen
Past participle
gewiesselt
Auxiliary
hunn
Indicative · Present
ech
wiesselen
du
wiessels
hien / hatt / si
wiesselt
mir
wiesselen
dir
wiesselt
si
wiesselen
Indicative · Perfect
ech
hu gewiesselt
du
hues gewiesselt
hien / hatt / si
huet gewiesselt
mir
hu gewiesselt
dir
hutt gewiesselt
si
hu gewiesselt
Indicative · Pluperfect
ech
hat gewiesselt
du
has gewiesselt
hien / hatt / si
hat gewiesselt
mir
hate gewiesselt
dir
hat gewiesselt
si
hate gewiesselt
Conditional · Present
ech
géif / géing wiesselen
du
géifs / géings wiesselen
hien / hatt / si
géif / géing wiesselen
mir
géifen / géinge wiesselen
dir
géift / géingt wiesselen
si
géifen / géinge wiesselen
Conditional · Past
ech
hätt gewiesselt
du
häss gewiesselt
hien / hatt / si
hätt gewiesselt
mir
hätte gewiesselt
dir
hätt gewiesselt
si
hätte gewiesselt
Imperative · Present
du
wiessel!
dir
wiesselt!

Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0

Back to dictionary →