Wuert
Lëtzebuergesch
- English
- word [unit of language]; word [comment, remark]; word [promise]; to say I do
- Français
- mot [unité de langage]; propos; promesse; se marier
- Deutsch
- Wort [sprachliche Einheit]; Wort [Äußerung]; Versprechen; heiraten
- Type
- SUBST N
- Lex
- sech d'Wuert ginn
Pronunciation (IPA)
[vuːɐ̯t]
Meanings and translations
Meaning 1
- Deutsch
- Wort (sprachliche Einheit)
- Français
- mot (unité de langage)
- English
- word (unit of language)
- Português
- palavra (unidade linguística)
- Nederlands
- woord (taalkundige eenheid)
Meaning 2
- Deutsch
- Wort (Äußerung)
- Français
- mot; parole; propos
- English
- word (comment, remark)
- Português
- palavra; dito (afirmação)
- Nederlands
- woord (gesproken uiting)
Meaning 3
- Deutsch
- Wort; Versprechen
- Français
- parole; promesse
- English
- word (promise)
- Português
- palavra; promessa
- Nederlands
- woord; belofte
Meaning 4
- Deutsch
- sich das Jawort geben; heiraten
- Français
- se marier
- English
- to marry; to say I do
- Português
- casar-se
- Nederlands
- elkaar het jawoord geven; trouwen
Spelling variants
Only source-reviewed variants are suggested.
- sech d'Wuert ginn
- Wierder
- Wuert
Example sentences
an dësem Wuert gëtt déi virlescht Silb betount
Meaning 1: word
setz e Bindestréch tëschent déi zwee Wierder
Meaning 1: word
d'Musek ass ze haart, et versteet ee säin eegent Wuert net méi
Meaning 2: word
deng léif Wierder hu mer erëm Mutt gemaach
Meaning 2: word
loosst mech e puer Wuert zu deem Theema soen!
Meaning 2: word
hie fält mir stänneg an d'Wuert
Meaning 2: word
ech gleewen deem kee Wuert !
Meaning 2: word
an elo kritt de President d'Wuert
Meaning 2: word
hien huet kee Wuert iwwer seng Krankheet verluer
Meaning 2: word
déi Kanner follegen hiren Elteren op d'Wuert
Meaning 2: word
looss mech dach emol zu Wuert kommen!
Meaning 2: word
firwat hues de mer kee Wuert vergonnt?
Meaning 2: word
eisen neie Chefredakter féiert gären d'grousst Wuert
Meaning 2: word
vun deem kriss de ni e gutt Wuert
Meaning 2: word
déi jonk Fra kritt vun der Schwéiermamm kee gutt Wuert
Meaning 2: word
du verdréis mer d'Wierder am Mond
Meaning 2: word
et muss een him all Wuert aus der Nues zéien
Meaning 2: word
hien huet e gutt Wuert fir mech ageluecht
Meaning 2: word
du hëls mer d'Wierder aus dem Mond
Meaning 2: word
hien huet Wuert fir Wuert widderholl, wat ech him gesot hunn
Meaning 2: word
hues de do nach Wierder ?
Meaning 2: word
hie muss ëmmer d'lescht Wuert hunn
Meaning 2: word
hien huet säi Wuert gehalen
Meaning 3: word
hien hat mer gesot, e géing mer gär hëllefen, mee e war paff, wéi ech en du beim Wuert geholl hunn
Meaning 3: word
trau him net, en huet kee Wuert
Meaning 3: word
e Mann, e Wuert
Meaning 3: word
mir hunn eis d'Wuert ginn, d'Rees dat nächst Joer nach eng Kéier ze maachen
Meaning 3: word
d'Televisioun huet iwwerdroen, wéi déi kinneklech Koppel sech gëschter virum Bëschof d'Wuert ginn huet
Meaning 4: to marry; to say I do
Source: ZLS / LOD · July 2026 · CC0
Back to dictionary →