Zopp

Lëtzebuergesch
English
soup
Français
potage
Deutsch
Suppe
Type
SUBST F
Plural
Zoppen

Aussprooch (IPA)

[tsop]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Suppe
Français
soupe; potage
English
soup
Português
sopa; caldo
Nederlands
soep
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Zopp
  • Zoppen

Beispillsätz

  1. mir haten alle béid eng Zopp als Entrée

    Bedeitung: soupe; potage

  2. de Kach schéngt verléift ze sinn, d'Zopp ass versalzt

    Bedeitung: soupe; potage

  3. de Bop grommelt, wann d'Zopp net matzäit um Dësch steet

    Bedeitung: soupe; potage

  4. et gëtt keng Zopp esou waarm giess, wéi se gekacht gëtt!

    Bedeitung: soupe; potage

  5. mir hunn hinnen d'Zopp versalzt

    Bedeitung: soupe; potage

  6. an deem Beruff verdéngs de d'Salz net fir an d'Zopp

    Bedeitung: soupe; potage

  7. dee gesäit aus, du mengs, e kréich keng waarm Zopp

    Bedeitung: soupe; potage

  8. do gouf et Zopp an z'iessen

    Bedeitung: soupe; potage

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →