assuréieren

Lëtzebuergesch
English
to assure; to insure
Français
garantir; assurer
Deutsch
versichern
Type
VRB
Synonym
versécheren
Auxiliary
hunn
Participe passé
assuréiert

Aussprooch (IPA)

[ɑsyʀˈɜɪəʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
zusichern; garantieren; versichern
Français
assurer; attester; garantir (donner pour certain)
English
to assure (to guarantee)
Português
assegurar; certificar; garantir (afirmar como certo)
Nederlands
verzekeren; garanderen; toezeggen

Synonymer

versécheren

Bedeitung 2

Deutsch
versichern (durch einen Versicherungsvertrag)
Français
assurer (par un contrat d'assurance)
English
to insure
Português
segurar (por meio de contrato de seguro)
Nederlands
verzekeren (door middel van een verzekeringsovereenkomst)

Synonymer

versécheren

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • assuréier
  • assuréieren
  • assuréiers
  • assuréiert
  • assuréiertem
  • assuréierten
  • assuréierter

Beispillsätz

  1. de Minister huet den Elteren assuréiert , datt d'Schoul am Duerf gebaut géif

    Bedeitung 1: assurer; attester; garantir

  2. all Mënsch soll säin Haus géint Feier assuréieren

    Bedeitung 2: assurer

  3. hien ass gutt assuréiert

    Bedeitung 2: assurer

Konjugatioun

Infinitiv
assuréieren
Partizip
assuréiert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
assuréieren
du
assuréiers
hien / hatt / si
assuréiert
mir
assuréieren
dir
assuréiert
si
assuréieren
Indikativ · Passé composé
ech
hunn assuréiert
du
hues assuréiert
hien / hatt / si
huet assuréiert
mir
hunn assuréiert
dir
hutt assuréiert
si
hunn assuréiert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat assuréiert
du
has assuréiert
hien / hatt / si
hat assuréiert
mir
haten assuréiert
dir
hat assuréiert
si
haten assuréiert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing assuréieren
du
géifs / géings assuréieren
hien / hatt / si
géif / géing assuréieren
mir
géifen / géingen assuréieren
dir
géift / géingt assuréieren
si
géifen / géingen assuréieren
Conditionnel · Passé
ech
hätt assuréiert
du
häss assuréiert
hien / hatt / si
hätt assuréiert
mir
hätten assuréiert
dir
hätt assuréiert
si
hätten assuréiert
Imperativ · Present
du
assuréier!
dir
assuréiert!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →