ausfalen

Lëtzebuergesch
English
to fall out; not to take place; to break down; to prove to be; to be off (sick)
Français
tomber; être annulé; tomber en panne; être; faire défaut
Deutsch
ausfallen; nicht stattfinden; aussetzen
Type
VRB
Synonym
ausgoen
Auxiliary
sinn
Participe passé
ausgefall

Aussprooch (IPA)

[ˈæːʊsfaːlən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
ausfallen (herausfallen)
Français
tomber (se détacher)
English
to fall out (to come loose)
Português
cair (soltar-se)
Nederlands
uitvallen (losraken)

Synonymer

ausgoen

Bedeitung 2

Deutsch
ausfallen; nicht stattfinden
Français
ne pas avoir lieu; être annulé
English
to be cancelled; not to take place
Português
não ter lugar; ser anulado
Nederlands
uitvallen (niet plaatsvinden)

Bedeitung 3

Deutsch
ausfallen; aussetzen
Français
tomber en panne
English
to crash; to break down (computer)
Português
avariar; falhar
Nederlands
uitvallen (niet beschikbaar zijn)

Bedeitung 4

Deutsch
ausfallen (zum Ergebnis haben)
Français
s'avérer; être (avoir comme résultat)
English
to turn out; to prove to be
Português
sair; ficar (ter como resultado)
Nederlands
uitvallen (blijken te zijn, als resultaat hebben)

Bedeitung 5

Deutsch
ausfallen (als Mitwirkender ausfallen)
Français
faire défaut (comme collaborateur)
English
to be off (sick)
Português
faltar (como colaborador)
Nederlands
uitvallen (als medewerker)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • ausfaalt
  • ausfalen
  • ausfäls
  • ausfält
  • ausféil
  • ausféilen
  • ausféils
  • ausféilt
  • ausfoul
  • ausfoulen
  • ausfouls
  • ausfoult
  • ausgefall
  • auszefalen

Beispillsätz

  1. no senger Kriibsbehandlung si mengem Papp d'Hoer ausgefall

    Bedeitung 1: tomber

  2. piddel net un deem Mëllechzant a waart, bis e vum selwen ausfält !

    Bedeitung 1: tomber

  3. wéinst deem schlechte Wieder ass de Concert ausgefall

    Bedeitung 2: ne pas avoir lieu; être annulé

  4. bei eis fält d'Nuechtiessen haut aus

    Bedeitung 2: ne pas avoir lieu; être annulé

  5. et ass iergerlech, wann d'Computeren ausfalen

    Bedeitung 3: tomber en panne

  6. de Stroum ass fir e puer Stonnen ausgefall

    Bedeitung 3: tomber en panne

  7. d'Resultater vun den Exame si gutt ausgefall

    Bedeitung 4: s'avérer; être

  8. den Taux ass ze vill héich ausgefall

    Bedeitung 4: s'avérer; être

  9. duerch en Aarbechtsaccident ass de Steemetzer méintlaang ausgefall

    Bedeitung 5: faire défaut

Konjugatioun

Infinitiv
ausfalen
Partizip
ausgefall
Hëllefsverb
sinn
Indikativ · Present
ech
falen aus
du
fäls aus
hien / hatt / si
fält aus
mir
falen aus
dir
faalt aus
si
falen aus
Indikativ · Imparfait
ech
foul aus
du
fouls aus
hien / hatt / si
foul aus
mir
foulen aus
dir
foult aus
si
foulen aus
Indikativ · Passé composé
ech
sinn ausgefall
du
bass ausgefall
hien / hatt / si
ass ausgefall
mir
sinn ausgefall
dir
sidd ausgefall
si
sinn ausgefall
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war ausgefall
du
waars ausgefall
hien / hatt / si
war ausgefall
mir
waren ausgefall
dir
waart ausgefall
si
waren ausgefall
Conditionnel · presentSimple
ech
féil aus
du
féils aus
hien / hatt / si
féil aus
mir
féilen aus
dir
féilt aus
si
féilen aus
Conditionnel · Present
ech
géif / géing ausfalen
du
géifs / géings ausfalen
hien / hatt / si
géif / géing ausfalen
mir
géifen / géingen ausfalen
dir
géift / géingt ausfalen
si
géifen / géingen ausfalen
Conditionnel · Passé
ech
wier ausgefall
du
wiers ausgefall
hien / hatt / si
wier ausgefall
mir
wieren ausgefall
dir
wiert ausgefall
si
wieren ausgefall
Imperativ · Present
du
fal aus!
dir
faalt aus!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →