bäissen

Lëtzebuergesch
English
to bite; to itch; to bite oneself; to clamp one's teeth together
Français
mordre; démanger; se mordre
Deutsch
beißen; jucken; sich beißen
Woordsoort
VRB
Hulpwerkwoord
hunn
Voltooid deelwoord
gebass

Uitspraak (IPA)

[bˈæːɪsən]

Betekenissen en vertalingen

Betekenis 1

Deutsch
beißen (verletzen)
Français
mordre (blesser)
English
to bite (to injure)
Português
morder (ferir)
Nederlands
bijten (verwonden)

Betekenis 2

Deutsch
jucken
Français
démanger (gratter)
English
to itch
Português
fazer comichão a; arranhar
Nederlands
jeuken

Betekenis 3

Deutsch
sich beißen
Français
se mordre
English
to bite oneself
Português
morder-se (dar uma dentada em si)
Nederlands
zich bijten; zich verbijten

Betekenis 4

Deutsch
beißen (hineinbeißen, zubeißen)
Français
mordre (enfoncer les dents)
English
to bite; to clamp one's teeth together (to sink one's teeth in something)
Português
morder; trincar (dar dentadas)
Nederlands
(ergens in of op) bijten

Gebruiksnotities

Spellingvarianten

Alleen door de bron gecontroleerde varianten worden voorgesteld.

  • bäiss
  • bäissen
  • bäisst
  • gebass
  • sech bäissen

Voorbeeldzinnen

  1. zeck den Hond net, soss bäisst en dech!

    Betekenis 1: bijten

  2. Honn, déi billen, bäissen net

    spreektaal

    Betekenis 1: bijten

  3. du brauchs net ze fäerten, ech bäissen (dech) net

    spreektaal

    Betekenis 1: bijten

  4. déi Leit hunn näischt ze räissen an näischt ze bäissen

    spreektaal

    Betekenis 1: bijten

  5. dee Pullover hei bäisst mech!

    Betekenis 2: jeuken

  6. d'Wonn bäisst mech, mee ech däerf net dru kraze goen

    Betekenis 2: jeuken

  7. wéi ech d'Riselen hat, huet et mech um ganze Kierper gebass

    Betekenis 2: jeuken

  8. et deet gutt wéi, wann ee sech op d'Zong bäisst

    Betekenis 3: zich bijten; zich verbijten

  9. ech hu mech missen op d'Zong bäissen , fir keng béis Remark ze maachen

    spreektaal

    Betekenis 3: zich bijten; zich verbijten

  10. de Pätter kann net méi bäissen

    Betekenis 4: (ergens in of op) bijten

  11. de blesséierte Sportler huet op d'Zänn gebass

    spreektaal

    Betekenis 4: (ergens in of op) bijten

  12. hien huet an d'Gras gebass

    grof

    Betekenis 4: (ergens in of op) bijten

  13. mäin Hond bäisst net

    Betekenis 4: (ergens in of op) bijten

Werkwoordvervoeging

Infinitief
bäissen
Voltooid deelwoord
gebass
Hulpwerkwoord
hunn
Aantonende wijs · Tegenwoordige tijd
ech
bäissen (mech)
du
bäiss (dech)
hien / hatt / si
bäisst (sech)
mir
bäissen (eis)
dir
bäisst (iech)
si
bäissen (sech)
Aantonende wijs · Voltooid tegenwoordige tijd
ech
hunn (mech) gebass
du
hues (dech) gebass
hien / hatt / si
huet (sech) gebass
mir
hunn (eis) gebass
dir
hutt (iech) gebass
si
hunn (sech) gebass
Aantonende wijs · Voltooid verleden tijd
ech
hat (mech) gebass
du
has (dech) gebass
hien / hatt / si
hat (sech) gebass
mir
haten (eis) gebass
dir
hat (iech) gebass
si
haten (sech) gebass
Voorwaardelijke wijs · Tegenwoordige tijd
ech
géif / géing (mech) bäissen
du
géifs / géings (dech) bäissen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) bäissen
mir
géifen / géingen (eis) bäissen
dir
géift / géingt (iech) bäissen
si
géifen / géingen (sech) bäissen
Voorwaardelijke wijs · Verleden tijd
ech
hätt (mech) gebass
du
häss (dech) gebass
hien / hatt / si
hätt (sech) gebass
mir
hätten (eis) gebass
dir
hätt (iech) gebass
si
hätten (sech) gebass
Gebiedende wijs · Tegenwoordige tijd
du
bäiss (dech)!
dir
bäisst (iech)!

Bron: ZLS / LOD · juli 2026 · CC0

→