Bengel

Lëtzebuergesch
English
stick; walking stick; mallet
Français
bâton [bout de bois]; canne [appui] [appui]; mailloche [de tambour] [de tambour]
Deutsch
Stock [Astteil, Knüppel]; Stock [Gehhilfe]; Trommelstock
Type
SUBST M
Plural
Bengelen

Aussprooch (IPA)

[bˈæŋəl]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Stock (Astteil, Knüppel)
Français
bâton (bout de bois)
English
stick
Português
pau (pedaço de madeira)
Nederlands
stok (stuk hout, tak)

Bedeitung 2

Deutsch
Stock (Gehhilfe)
Français
bâton; canne (appui)
English
ski pole; walking stick
Português
bastão; bordão; bengala
Nederlands
wandelstok; kruk; skistok

Bedeitung 3

Deutsch
Trommelschlägel; Trommelstock
Français
baguette; mailloche (de tambour)
English
drumstick; mallet
Português
baqueta (de tambor)
Nederlands
(trommel)stok; mallet (voor percussie-instrumenten)
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Bengel
  • Bengelen

Beispillsätz

  1. am Bësch hunn d'Bouwe Bengelen opgeraf fir ze fechten

    Bedeitung 1: bâton

  2. hien ass mam Bengel duerch de Bësch spadséiere gaangen

    Bedeitung 2: bâton; canne

  3. d'Kanner léieren ouni Bengele Schi fueren

    Bedeitung 2: bâton; canne

  4. deen hält sech drun ewéi de Geck un de Bengel !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: bâton; canne

  5. du schléis ze vill fest mat denge Bengelen op d'Tromm!

    Bedeitung 3: baguette; mailloche

  6. de Perkussionist ka mat véier Bengele gläichzäiteg um Xylofon spillen

    Bedeitung 3: baguette; mailloche

  7. no deem Réckschlag hat ech Loscht, d'Bengele bei d'Tromm ze geheien

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: baguette; mailloche

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →