brennen

Lëtzebuergesch
English
to burn; to distil; to brand; to sting
Français
brûler; produire; marquer au fer rouge; graver
Deutsch
verbrennen; brennen
Type
VRB
Synonym
picken; u sinn
Auxiliary
hunn
Participe passé
gebrannt

Aussprooch (IPA)

[bʀˈænən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
verbrennen (heizen mit, beleuchten mit)
Français
brûler (pour produire de la chaleur, de la lumière)
English
to burn (for heat, for light)
Português
queimar (para aquecer, para iluminar)
Nederlands
verbranden (voor warmte of verlichting)

Bedeitung 2

Deutsch
brennen (destillieren)
Français
produire (par distillation)
English
to distil (to make spirits)
Português
produzir (por destilação)
Nederlands
stoken (distilleren)

Bedeitung 3

Deutsch
brennen (mit Brandmarken versehen)
Français
marquer au fer rouge
English
to brand (an animal)
Português
ferrar (marcar com ferro em brasa)
Nederlands
brandmerken

Bedeitung 4

Deutsch
brennen (einen Datenträger)
Français
graver
English
to burn (a CD, a DVD)
Português
gravar (um CD, um DVD)
Nederlands
branden (een gegevensdrager)

Bedeitung 5

Deutsch
brennen (in Flammen stehen)
Français
brûler (être en feu)
English
to burn (to be on fire)
Português
arder (estar em chamas)
Nederlands
in brand staan

Bedeitung 6

Deutsch
brennen (schmerzen)
Français
brûler (piquer)
English
to burn; to sting (to smart)
Português
arder (picar)
Nederlands
branden (pijn doen)

Synonymer

picken

Bedeitung 7

Deutsch
brennen (eingeschaltet sein, angezündet sein)
Français
brûler (être allumé)
English
to be (switched) on; to burn
Português
estar aceso; arder
Nederlands
branden (aan zijn)

Synonymer

u sinn

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • brenn
  • brennen
  • brenns
  • brennt
  • gebrannt
  • gebranntem
  • gebrannten
  • gebrannter

Beispillsätz

  1. mir brennen nëmme Bierkenholz a Bichenholz an eiser Schminni

    Bedeitung 1: brûler

  2. d'Bridder hu gëschter zwee Kessele Quetsch gebrannt

    Bedeitung 2: produire

  3. mäi Schwoer brennt (seng Uebstdrëppen) selwer

    Bedeitung 2: produire

  4. d'Fille vun dësem Joer ginn all zesumme gebrannt

    Bedeitung 3: marquer au fer rouge

  5. kéints de mer vun dësen Donnéeën eng CD brennen , wannechgelift?

    Bedeitung 4: graver

  6. hie brennt seng Fotoen op en DVD

    Bedeitung 4: graver

  7. gëschter huet den Noperen hir Scheier gebrannt

    Bedeitung 5: brûler

  8. et huet hënt am Duerf gebrannt

    Bedeitung 5: brûler

  9. wat brennt dann esou, datt s du mech aus dem Bett gehäis?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: brûler

  10. wou brennt et?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: brûler

  11. meng Wonn brennt ëmmer méi

    Bedeitung 6: brûler

  12. ech hunn elo e Mëttel, fir Wonnen ze desinfizéieren, dat net brennt

    Bedeitung 6: brûler

  13. Branntewäi brennt an der Strass

    Bedeitung 6: brûler

  14. den Damp huet mer an den Ae gebrannt

    Bedeitung 6: brûler

  15. et brennt mer op der Zong, fir deem d'Wouerecht ze soen!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: brûler

  16. et brennt mer ënner de Fangerneel, fir deem eng ze klaken!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: brûler

  17. an der Kiche brennt d'Luucht nach

    Bedeitung 7: brûler

  18. d'Käerz huet déi ganz Nuecht gebrannt

    Bedeitung 7: brûler

  19. mäi Brudder brennt fir de Sport

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 7: brûler

Konjugatioun

Infinitiv
brennen
Partizip
gebrannt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
brennen
du
brenns
hien / hatt / si
brennt
mir
brennen
dir
brennt
si
brennen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gebrannt
du
hues gebrannt
hien / hatt / si
huet gebrannt
mir
hu gebrannt
dir
hutt gebrannt
si
hu gebrannt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gebrannt
du
has gebrannt
hien / hatt / si
hat gebrannt
mir
hate gebrannt
dir
hat gebrannt
si
hate gebrannt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing brennen
du
géifs / géings brennen
hien / hatt / si
géif / géing brennen
mir
géifen / géinge brennen
dir
géift / géingt brennen
si
géifen / géinge brennen
Conditionnel · Passé
ech
hätt gebrannt
du
häss gebrannt
hien / hatt / si
hätt gebrannt
mir
hätte gebrannt
dir
hätt gebrannt
si
hätte gebrannt
Imperativ · Present
du
brenn!
dir
brennt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →