ëmprogramméieren

Lëtzebuergesch
English
to reprogramme; to reschedule
Français
changer le réglage de; réorganiser le programme
Deutsch
umprogrammieren; umdisponieren
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
ëmprogramméiert

Aussprooch (IPA)

[ˈəmpʀoɡʀɑmɜɪəʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
umstellen; umprogrammieren
Français
reprogrammer; changer le réglage de
English
to reprogramme
Português
reprogramar; mudar a regulação de
Nederlands
opnieuw programmeren

Bedeitung 2

Deutsch
umdisponieren
Français
changer la programmation; réorganiser le programme
English
to reschedule
Português
mudar a programação; alterar o programa
Nederlands
het programma wijzigen

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • ëmprogramméieren
  • ëmprogramméiers
  • ëmprogramméiert
  • ëmprogramméiertem
  • ëmprogramméierten
  • ëmprogramméierter
  • ëmzeprogramméieren

Beispillsätz

  1. fir de Wanter programméiere mer eis Heizung ëm

    Bedeitung 1: reprogrammer; changer le réglage de

  2. zënter d'Luuchten op der Kräizung ëmprogramméiert goufen , ass manner Stau op der Haaptstrooss

    Bedeitung 1: reprogrammer; changer le réglage de

  3. wann déi Band fir de Concert ofspréngt, da musse mer ëmprogramméieren

    Bedeitung 2: changer la programmation; réorganiser le programme

Konjugatioun

Infinitiv
ëmprogramméieren
Partizip
ëmprogramméiert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
programméieren ëm
du
programméiers ëm
hien / hatt / si
programméiert ëm
mir
programméieren ëm
dir
programméiert ëm
si
programméieren ëm
Indikativ · Passé composé
ech
hunn ëmprogramméiert
du
hues ëmprogramméiert
hien / hatt / si
huet ëmprogramméiert
mir
hunn ëmprogramméiert
dir
hutt ëmprogramméiert
si
hunn ëmprogramméiert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat ëmprogramméiert
du
has ëmprogramméiert
hien / hatt / si
hat ëmprogramméiert
mir
haten ëmprogramméiert
dir
hat ëmprogramméiert
si
haten ëmprogramméiert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing ëmprogramméieren
du
géifs / géings ëmprogramméieren
hien / hatt / si
géif / géing ëmprogramméieren
mir
géifen / géingen ëmprogramméieren
dir
géift / géingt ëmprogramméieren
si
géifen / géingen ëmprogramméieren
Conditionnel · Passé
ech
hätt ëmprogramméiert
du
häss ëmprogramméiert
hien / hatt / si
hätt ëmprogramméiert
mir
hätten ëmprogramméiert
dir
hätt ëmprogramméiert
si
hätten ëmprogramméiert
Imperativ · Present
du
programméier ëm!
dir
programméiert ëm!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →