erauskommen

Lëtzebuergesch
English
to come out; to get out (of); to be noticeable; to amount to; to emerge; to arrive
Français
sortir; réussir à sortir (de); être découvert; se détacher; résulter de; revenir à; déboucher; tomber sur
Deutsch
hinauskommen; herauskommen (aus); herauskommen; hervorstechen; herauskommen bei; hinauslaufen auf
Type
VRB
Auxiliary
sinn
Participe passé
erauskomm

Aussprooch (IPA)

[əʀˈæːʊskomən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
herauskommen; hinauskommen (nach draußen kommen)
Français
sortir (d'un lieu)
English
to come out (of a place)
Português
sair (de um lugar)
Nederlands
naar buiten komen; komen uit

Bedeitung 2

Deutsch
herauskommen (aus) (verlassen können)
Français
réussir à sortir (de)
English
to get out (of) (to manage to escape)
Português
conseguir sair (de)
Nederlands
komen uit (verlaten)

Bedeitung 3

Deutsch
herauskommen (veröffentlicht werden, auf den Markt kommen)
Français
sortir (être publié, être commercialisé)
English
to come out (to be published, to be marketed)
Português
sair; ser publicado; ser lançado no mercado
Nederlands
verschijnen (gepubliceerd worden, op de markt komen)

Bedeitung 4

Deutsch
herauskommen (an die Öffentlichkeit dringen)
Français
être divulgué; être découvert
English
to come out (to be published, to be marketed)
Português
vir a saber-se; descobrir-se
Nederlands
uitkomen (openbaar worden)

Bedeitung 5

Deutsch
hervorstechen (sich abheben)
Français
se détacher (ressortir, trancher)
English
to stand out; to be noticeable
Português
destacar-se; sobressair
Nederlands
tot zijn recht komen

Bedeitung 6

Deutsch
herauskommen bei (sich ergeben aus)
Français
sortir de; résulter de
English
to come to; to amount to
Português
resultar de (advir de)
Nederlands
opleveren

Bedeitung 7

Deutsch
hinauslaufen auf
Français
revenir à (résulter)
English
to come out; to amount to
Português
dar em; resultar em
Nederlands
uitlopen op

Bedeitung 8

Deutsch
herauskommen (münden, enden)
Français
déboucher (donner sur)
English
to come out; to emerge
Português
ir dar; desembocar
Nederlands
uitkomen (eindigen)

Bedeitung 9

Deutsch
herauskommen (an einer bestimmten Stelle ankommen)
Français
se retrouver; tomber sur (arriver)
English
to come out; to arrive
Português
ir ter (chegar)
Nederlands
(aan)komen bij

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • erauskéim
  • erauskéimen
  • erauskéims
  • erauskéimt
  • erauskënns
  • erauskënnt
  • erauskomm
  • erauskomme bei
  • erauskommen
  • erauskommen (aus)
  • erauskommen op
  • erauskommt
  • erauskoum
  • erauskoumen
  • erauskoums
  • erauskoumt
  • erauszekommen

Beispillsätz

  1. wéi mir aus dem Kino erauskoumen , huet et gereent

    Bedeitung 1: sortir

  2. firwat kënnt do schwaarzen Damp eraus ?

    Bedeitung 1: sortir

  3. déi Accidentéiert sinn nach just aus dem Auto erauskomm

    Bedeitung 2: réussir à sortir (de)

  4. mir kommen net méi aus de Scholden eraus

    Bedeitung 2: réussir à sortir (de)

  5. dëse Mount kommen ech net eraus

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: réussir à sortir (de)

  6. ech si bal net méi aus dem Staunen erauskomm

    Bedeitung 2: réussir à sortir (de)

  7. den éischte Band vum Lexikon ass 1956 erauskomm

    Bedeitung 3: sortir

  8. am Fréijoer kënnt en neie Modell vun där Autosmark eraus

    Bedeitung 3: sortir

  9. wann déi Geschicht erauskënnt , da soen ech, ech hätt vun näischt gewosst!

    Bedeitung 4: être divulgué; être découvert

  10. deng Krawatt kéim besser op engem däischteren Hiem eraus

    Bedeitung 5: se détacher

  11. et ass absolut näischt bei de Verhandlungen erauskomm !

    Bedeitung 6: sortir de; résulter de

  12. a wat soll da schonn dobäi erauskommen ?

    Bedeitung 6: sortir de; résulter de

  13. dat kënnt op dat eraus , wat ech gesot hunn

    Bedeitung 7: revenir à

  14. ob mer deen een oder deen anere Wee huelen, et kënnt op dat selwecht eraus

    Bedeitung 7: revenir à

  15. dee Wee kënnt do eraus , wou mer fortgaange sinn

    Bedeitung 8: déboucher

  16. wann s de dem Pad nogees, kënns de bei där aler Millen eraus

    Bedeitung 9: se retrouver; tomber sur

Konjugatioun

Infinitiv
erauskommen
Partizip
erauskomm
Hëllefsverb
sinn
Indikativ · Present
ech
kommen eraus
du
kënns eraus
hien / hatt / si
kënnt eraus
mir
kommen eraus
dir
kommt eraus
si
kommen eraus
Indikativ · Imparfait
ech
koum eraus
du
koums eraus
hien / hatt / si
koum eraus
mir
koumen eraus
dir
koumt eraus
si
koumen eraus
Indikativ · Passé composé
ech
sinn erauskomm
du
bass erauskomm
hien / hatt / si
ass erauskomm
mir
sinn erauskomm
dir
sidd erauskomm
si
sinn erauskomm
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war erauskomm
du
waars erauskomm
hien / hatt / si
war erauskomm
mir
waren erauskomm
dir
waart erauskomm
si
waren erauskomm
Conditionnel · presentSimple
ech
kéim eraus
du
kéims eraus
hien / hatt / si
kéim eraus
mir
kéimen eraus
dir
kéimt eraus
si
kéimen eraus
Conditionnel · Present
ech
géif / géing erauskommen
du
géifs / géings erauskommen
hien / hatt / si
géif / géing erauskommen
mir
géifen / géingen erauskommen
dir
géift / géingt erauskommen
si
géifen / géingen erauskommen
Conditionnel · Passé
ech
wier erauskomm
du
wiers erauskomm
hien / hatt / si
wier erauskomm
mir
wieren erauskomm
dir
wiert erauskomm
si
wieren erauskomm
Imperativ · Present
du
komm eraus!
dir
kommt eraus!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →