erënneren

Lëtzebuergesch
English
to remind of; to remember
Français
rappeler à; se souvenir (de)
Deutsch
erinnern an; sich erinnern (an)
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
erënnert

Aussprooch (IPA)

[ɐʀˈənəʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
erinnern an
Français
rappeler à (remémorer)
English
to remind of
Português
lembrar a (rememorar)
Nederlands
herinneren aan

Bedeitung 2

Deutsch
sich erinnern (an)
Français
se rappeler; se souvenir (de)
English
to remember
Português
lembrar-se (de); recordar-se (de)
Nederlands
zich herinneren (herinneringen hebben aan)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • erënner
  • erënneren
  • erënneren un
  • erënners
  • erënnert
  • erënnertem
  • erënnerten
  • erënnerter
  • sech erënneren
  • sech erënneren (un)

Beispillsätz

  1. d'Mamm erënnert d'Kanner un hire Rendez-vous beim Coiffer

    Bedeitung 1: rappeler à

  2. ech hunn eisen Entreprener elo scho fir d'drëtt u säi Verspriechen erënnert !

    Bedeitung 1: rappeler à

  3. dëst Monument soll (d'Leit) un déi gefalen Zaldoten erënneren

    Bedeitung 1: rappeler à

  4. mir erënneren eis bestëmmt e Liewe laang un déi flott Vakanz

    Bedeitung 2: se rappeler; se souvenir (de)

  5. erënner dech emol gutt!

    Bedeitung 2: se rappeler; se souvenir (de)

  6. no engem Koma erënneren sech vill Patienten net méi un déi Zäit virdrun

    Bedeitung 2: se rappeler; se souvenir (de)

Konjugatioun

Infinitiv
erënneren
Partizip
erënnert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
erënneren (mech)
du
erënners (dech)
hien / hatt / si
erënnert (sech)
mir
erënneren (eis)
dir
erënnert (iech)
si
erënneren (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) erënnert
du
hues (dech) erënnert
hien / hatt / si
huet (sech) erënnert
mir
hunn (eis) erënnert
dir
hutt (iech) erënnert
si
hunn (sech) erënnert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) erënnert
du
has (dech) erënnert
hien / hatt / si
hat (sech) erënnert
mir
haten (eis) erënnert
dir
hat (iech) erënnert
si
haten (sech) erënnert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) erënneren
du
géifs / géings (dech) erënneren
hien / hatt / si
géif / géing (sech) erënneren
mir
géifen / géingen (eis) erënneren
dir
géift / géingt (iech) erënneren
si
géifen / géingen (sech) erënneren
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) erënnert
du
häss (dech) erënnert
hien / hatt / si
hätt (sech) erënnert
mir
hätten (eis) erënnert
dir
hätt (iech) erënnert
si
hätten (sech) erënnert
Imperativ · Present
du
erënner (dech)!
dir
erënnert (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →