froen

Lëtzebuergesch
English
to ask; to ask (for); to ask after; to wonder
Français
demander (à); demander des nouvelles de (à); demander; se demander
Deutsch
fragen; bitten (um); fragen nach; sich erkundigen nach (dem Befinden); verlangen; sich fragen
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gefrot

Aussprooch (IPA)

[fʀˈoːən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
fragen (eine Frage stellen)
Français
demander (à) (poser une question (à))
English
to ask (a question)
Português
perguntar (a) (fazer uma pergunta (a))
Nederlands
vragen (een vraag stellen)

Bedeitung 2

Deutsch
fragen; bitten (um)
Français
demander (à) (réclamer, solliciter (de))
English
to ask (for) (to request)
Português
pedir (a) (reclamar, solicitar (a))
Nederlands
vragen; verzoeken (om)

Bedeitung 3

Deutsch
fragen nach (um Auskunft bitten über)
Français
demander (à) (se renseigner sur (auprès de))
English
to ask (for information)
Português
perguntar (a); pedir (a) (pedir informação (a))
Nederlands
vragen (informatie)

Bedeitung 4

Deutsch
fragen; sich erkundigen nach (dem Befinden)
Français
demander des nouvelles de (à)
English
to ask after (to enquire about)
Português
perguntar por (a); pedir notícias de (a)
Nederlands
vragen naar (inlichtingen inwinnen over)

Bedeitung 5

Deutsch
verlangen (als Gegenleistung)
Français
demander (en contrepartie)
English
to ask (to demand)
Português
pedir (em contrapartida)
Nederlands
vragen (verlangen)

Bedeitung 6

Deutsch
sich fragen
Français
se demander
English
to ask oneself; to wonder
Português
perguntar-se; questionar-se
Nederlands
zich afvragen

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • frees
  • freet
  • fro
  • froen
  • froen no
  • frot
  • gefrot
  • gefrotem
  • gefroten
  • gefroter
  • sech froen

Beispillsätz

  1. et huet keen dech eppes gefrot !

    Bedeitung 1: demander (à)

  2. eis freet jo keen!

    Bedeitung 1: demander (à)

  3. fro hien, ob seng Eltere schonn aus der Vakanz erëm sinn!

    Bedeitung 1: demander (à)

  4. mat froe verbréchs de näischt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: demander (à)

  5. dat ass mech vill gefrot !

    Bedeitung 1: demander (à)

  6. de Client huet d'Rechnung gefrot

    Bedeitung 2: demander (à)

  7. ech hunn de Chef gefrot fir fräizekréien

    Bedeitung 2: demander (à)

  8. ech hunn esou wéi, ech muss mer onbedéngt e Rendez-vous beim Zänndokter froen !

    Bedeitung 2: demander (à)

  9. du muss d'Direktesch ëm Erlabnes froen

    Bedeitung 2: demander (à)

  10. en Tourist huet (mech) nom Wee gefrot

    Bedeitung 3: demander (à)

  11. mäi Monni war emol net amstand, (eis) no de Kanner ze froen !

    Bedeitung 4: demander des nouvelles de (à)

  12. vill Restaurante froen onerhéiert Präisser!

    Bedeitung 5: demander

  13. de Garagist huet net de vollen Tarif gefrot

    Bedeitung 5: demander

  14. ech froe mech, ob dat déi richteg Decisioun war!

    Bedeitung 6: se demander

Konjugatioun

Infinitiv
froen
Partizip
gefrot
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
froen (mech)
du
frees (dech)
hien / hatt / si
freet (sech)
mir
froen (eis)
dir
frot (iech)
si
froen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gefrot
du
hues (dech) gefrot
hien / hatt / si
huet (sech) gefrot
mir
hunn (eis) gefrot
dir
hutt (iech) gefrot
si
hunn (sech) gefrot
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gefrot
du
has (dech) gefrot
hien / hatt / si
hat (sech) gefrot
mir
haten (eis) gefrot
dir
hat (iech) gefrot
si
haten (sech) gefrot
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) froen
du
géifs / géings (dech) froen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) froen
mir
géifen / géingen (eis) froen
dir
géift / géingt (iech) froen
si
géifen / géingen (sech) froen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gefrot
du
häss (dech) gefrot
hien / hatt / si
hätt (sech) gefrot
mir
hätten (eis) gefrot
dir
hätt (iech) gefrot
si
hätten (sech) gefrot
Imperativ · Present
du
fro (dech)!
dir
frot (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →