gëllen

Lëtzebuergesch
English
to count; to be compulsory; to be considered as
Français
être valable; être obligatoire; être considéré comme
Deutsch
gelten; gelten als
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gegollt

Aussprooch (IPA)

[ɡˈələn]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
gelten (gültig sein, zulässig sein)
Français
être valable (être accepté, être valide)
English
to be valid; to count
Português
valer (ser aceite, ser válido)
Nederlands
gelden (geldig zijn, toelaatbaar zijn)

Bedeitung 2

Deutsch
gelten (rechtskräftig sein, obligatorisch sein)
Français
être en vigueur; être obligatoire
English
to take effect; to be compulsory
Português
estar em vigor; ser obrigatório
Nederlands
gelden (rechtsgeldig zijn, verplicht zijn)

Bedeitung 3

Deutsch
gelten als
Français
être considéré comme
English
to be considered as
Português
ser considerado como
Nederlands
beschouwd worden als
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gegollt
  • gëllen
  • gëllen als
  • gëlls
  • gëllt

Beispillsätz

  1. déi Sue gëllen net méi

    Bedeitung 1: être valable

  2. de Gol huet net gegollt

    Bedeitung 1: être valable

  3. de Riichter huet dem Ugeklote seng Argumenter net gëlle gelooss

    Bedeitung 1: être valable

  4. dat neit Reglement gëllt vum 1. Juni un

    Bedeitung 2: être en vigueur; être obligatoire

  5. am Auto muss een sech ustrécken, dat gëllt fir all Mënsch!

    Bedeitung 2: être en vigueur; être obligatoire

  6. de Leonardo da Vinci gëllt als ee vun de gréisste Kënschtler vun der Renaissance

    Bedeitung 3: être considéré comme

Konjugatioun

Infinitiv
gëllen
Partizip
gegollt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
gëllen
du
gëlls
hien / hatt / si
gëllt
mir
gëllen
dir
gëllt
si
gëllen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gegollt
du
hues gegollt
hien / hatt / si
huet gegollt
mir
hu gegollt
dir
hutt gegollt
si
hu gegollt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gegollt
du
has gegollt
hien / hatt / si
hat gegollt
mir
hate gegollt
dir
hat gegollt
si
hate gegollt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing gëllen
du
géifs / géings gëllen
hien / hatt / si
géif / géing gëllen
mir
géifen / géinge gëllen
dir
géift / géingt gëllen
si
géifen / géinge gëllen
Conditionnel · Passé
ech
hätt gegollt
du
häss gegollt
hien / hatt / si
hätt gegollt
mir
hätte gegollt
dir
hätt gegollt
si
hätte gegollt

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →