gesinn

Lëtzebuergesch
English
to see; to not be able to stand; to look at
Français
voir; ne pas pouvoir voir; considérer
Deutsch
sehen; nicht sehen können
Type
VRB
Synonym
erliewen; treffen
Auxiliary
hunn
Participe passé
gesinn

Aussprooch (IPA)

[ɡəzˈin]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
sehen (erblicken)
Français
voir (apercevoir)
English
to see (to perceive)
Português
ver (enxergar)
Nederlands
zien (gewaarworden)

Bedeitung 2

Deutsch
sehen (erkennen, sich klar werden)
Français
voir (s'apercevoir de, se rendre compte de)
English
to see (to become aware of)
Português
ver (aperceber-se de, dar conta de)
Nederlands
zien ((be)merken, opmerken)

Bedeitung 3

Deutsch
sehen (treffen)
Français
voir (rencontrer)
English
to see (to meet)
Português
ver (encontrar)
Nederlands
zien (ontmoeten)

Synonymer

treffen

Bedeitung 4

Deutsch
sehen (durchmachen, erleben)
Français
voir (vivre, connaître, être témoin de)
English
to see (to experience)
Português
ver (passar por, ser testemunha de)
Nederlands
zien (meemaken, beleven)

Synonymer

erliewen

Bedeitung 5

Deutsch
sehen (ansehen)
Français
voir (être spectateur de)
English
to see (to watch)
Português
ver (ser espetador de)
Nederlands
zien (bekijken)

Bedeitung 6

Deutsch
nicht sehen können (nicht ertragen können)
Français
ne pas pouvoir voir (ne pas supporter)
English
to not be able to stand (to dislike)
Português
não poder ver (não suportar)
Nederlands
niet kunnen uitstaan

Bedeitung 7

Deutsch
sehen (betrachten)
Français
voir; considérer
English
to see; to look at (to consider)
Português
ver; considerar
Nederlands
zien (beschouwen)

Bedeitung 8

Deutsch
sehen
Français
voir
English
to see
Português
ver
Nederlands
zien

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gesäis
  • gesäit
  • geséi
  • geséich
  • geséichen
  • geséichs
  • geséicht
  • gesi
  • gesinn
  • gesitt
  • gesouch
  • gesouchen
  • gesouchs
  • gesoucht
  • net kënne gesinn

Beispillsätz

  1. vu menger Fënster aus gesinn ech d'Kathedral

    Bedeitung 1: voir

  2. ech kennen dee Mann vu Gesinn

    Bedeitung 1: voir

  3. du gesäis d'Männercher!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: voir

  4. meng Kolleegin gesäit nëmmen hir Interêten

    Bedeitung 1: voir

  5. gesäis de mech an engem Schnëppel?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: voir

  6. hat kee vun iech dee Problem gesinn ?

    Bedeitung 2: voir

  7. du wäerts gesinn , datt alles net esou schlëmm ass, wéi s de mengs!

    Bedeitung 2: voir

  8. dat geséich ech gär!

    IRON

    Bedeitung 2: voir

  9. dat gesi mer nach!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: voir

  10. mir gesinn eis d'nächst Woch

    Bedeitung 3: voir

  11. esou eng Kris huet d'Welt nach net gesinn

    Bedeitung 4: voir

  12. hues de dee Film scho gesinn ?

    Bedeitung 5: voir

  13. ech ka meng Nopesch net gesinn !

    Bedeitung 6: ne pas pouvoir voir

  14. et ass d'ganz Woch Kabes ginn, ech ka kee méi gesinn !

    Bedeitung 6: ne pas pouvoir voir

  15. du hues Recht, dat kann een och esou gesinn

    Bedeitung 7: voir; considérer

  16. streng gesinn ass deng Ausso net korrekt

    Bedeitung 7: voir; considérer

  17. ech gesinn net méi gutt, ech brauch e Brëll

    Bedeitung 8: voir

  18. dat Framënsch gesäit net méi wäit ewéi seng Nues!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 8: voir

Konjugatioun

Infinitiv
gesinn
Partizip
gesinn
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
gesinn
du
gesäis
hien / hatt / si
gesäit
mir
gesinn
dir
gesitt
si
gesinn
Indikativ · Imparfait
ech
gesouch
du
gesouchs
hien / hatt / si
gesouch
mir
gesouchen
dir
gesoucht
si
gesouchen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gesinn
du
hues gesinn
hien / hatt / si
huet gesinn
mir
hu gesinn
dir
hutt gesinn
si
hu gesinn
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gesinn
du
has gesinn
hien / hatt / si
hat gesinn
mir
hate gesinn
dir
hat gesinn
si
hate gesinn
Conditionnel · presentSimple
ech
geséich
du
geséichs
hien / hatt / si
geséich
mir
geséichen
dir
geséicht
si
geséichen
Conditionnel · Present
ech
géif / géing gesinn
du
géifs / géings gesinn
hien / hatt / si
géif / géing gesinn
mir
géifen / géinge gesinn
dir
géift / géingt gesinn
si
géifen / géinge gesinn
Conditionnel · Passé
ech
hätt gesinn
du
häss gesinn
hien / hatt / si
hätt gesinn
mir
hätte gesinn
dir
hätt gesinn
si
hätte gesinn
Imperativ · Present
du
geséi!
dir
gesitt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →