Gott

Lëtzebuergesch
English
God; god
Français
Dieu [Seigneur]; dieu [divinité]
Deutsch
Gott [Herrgott]; Gott [Gottheit]
Type
SUBST M
Synonym
Herrgott

Aussprooch (IPA)

[ɡot]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Gott (Herrgott)
Français
Dieu (Seigneur)
English
God
Português
Deus (Senhor)
Nederlands
God (het Opperwezen)

Synonymer

Herrgott

Bedeitung 2

Deutsch
Gott (Gottheit)
Français
dieu (divinité)
English
god
Português
deus (divindade)
Nederlands
god (godheid)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Gëtter
  • Gott
  • Gottes

Beispillsätz

  1. der Bibel no huet Gott d'Welt a sechs Deeg erschafen

    Bedeitung 1: Dieu

  2. Gott stéi mer bäi!

    Bedeitung 1: Dieu

  3. Gott weess, wou dat hiféiert!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  4. dee Pensionnaire lieft ewéi Gott a Frankräich

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  5. ech si vu Gott an der Welt verlooss!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  6. haalt ëm Gottes wëllen op mat streiden!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  7. esou eppes hunn ech op Gottes Äerdbuedem nach net gesinn!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  8. an der Roserei huet hie Saache gesot, déi bei Gott an der Welt verbuede sinn

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  9. ech loosse Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  10. mir kommen d'nächst Joer erëm, wa Gott wëllt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  11. eis Clique huet déi ganz Nuecht iwwer Gott an d'Welt diskutéiert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  12. Gott seen dech!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: Dieu

  13. de Bacchus war de réimesche Gott vum Wäin

    Bedeitung 2: dieu

  14. ech war eng Ausstellung iwwer d'griichesch Gëtter kucken

    Bedeitung 2: dieu

  15. dat war e Bild fir d'Gëtter !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: dieu

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →