gräifen

Lëtzebuergesch
English
to reach; to resort to; to spread; to take effect; to strike
Français
tendre la main; avoir recours à; se répandre; agir; jouer
Deutsch
greifen; greifen zu; um sich greifen
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gegraff

Aussprooch (IPA)

[ɡʀˈæːɪfən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
greifen (mit der Hand)
Français
mettre la main; tendre la main (pour saisir quelque chose)
English
to reach (in order to get hold of)
Português
deitar a mão; estender a mão (para agarrar algo)
Nederlands
grijpen; pakken (met de hand)

Bedeitung 2

Deutsch
greifen zu
Français
prendre; avoir recours à
English
to resort to
Português
tomar; recorrer a
Nederlands
overgaan tot; zijn toevlucht nemen tot

Bedeitung 3

Deutsch
um sich greifen (sich ausbreiten)
Français
se répandre
English
to spread
Português
alastrar-se; estender-se
Nederlands
om zich heen grijpen (zich uitbreiden)

Bedeitung 4

Deutsch
greifen (Wirkung zeigen)
Français
agir (produire de l'effet)
English
to kick in; to take effect
Português
agir (fazer efeito)
Nederlands
effect sorteren

Bedeitung 5

Deutsch
greifen (eine Note, einen Akkord)
Français
faire; jouer (une note, un accord)
English
to strike (a note)
Português
dedilhar; tocar (uma nota, um acorde)
Nederlands
spelen (een noot, een akkoord)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • ëm sech gräifen
  • gegraff
  • gräif
  • gräifen
  • gräifen zu
  • gräifs
  • gräift

Beispillsätz

  1. den Houseker huet a säi Sak gegraff , fir e Grapp Kamellen erauszehuelen

    Bedeitung 1: mettre la main; tendre la main

  2. gräif emol hanner dech a gëff mer mäi Prabbeli!

    Bedeitung 1: mettre la main; tendre la main

  3. well d'Demonstranten net gewach sinn, huet d'Police zu méi drastesche Methode gegraff

    Bedeitung 2: prendre; avoir recours à

  4. et ass beängschtegend, wéi séier dës Krankheet ëm sech gräift

    Bedeitung 3: se répandre

  5. wann déi nei Mesurë bis gräifen , da geet d'Zuel vun den Accidenter erof

    Bedeitung 4: agir

  6. dëst Medikament gräift direkt

    Bedeitung 4: agir

  7. um Concert huet een héieren, datt de Pianist e puermol eng falsch Nout gegraff huet

    Bedeitung 5: faire; jouer

Konjugatioun

Infinitiv
gräifen
Partizip
gegraff
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
gräifen
du
gräifs
hien / hatt / si
gräift
mir
gräifen
dir
gräift
si
gräifen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gegraff
du
hues gegraff
hien / hatt / si
huet gegraff
mir
hu gegraff
dir
hutt gegraff
si
hu gegraff
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gegraff
du
has gegraff
hien / hatt / si
hat gegraff
mir
hate gegraff
dir
hat gegraff
si
hate gegraff
Conditionnel · Present
ech
géif / géing gräifen
du
géifs / géings gräifen
hien / hatt / si
géif / géing gräifen
mir
géifen / géinge gräifen
dir
géift / géingt gräifen
si
géifen / géinge gräifen
Conditionnel · Passé
ech
hätt gegraff
du
häss gegraff
hien / hatt / si
hätt gegraff
mir
hätte gegraff
dir
hätt gegraff
si
hätte gegraff
Imperativ · Present
du
gräif!
dir
gräift!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →