halen

Lëtzebuergesch
English
to hold up; to hold; to keep; to keep to oneself; to take for; to view as; to think of; to care about one's appearance; to last; to stop; to insist on; to back; to rest on; to follow
Français
maintenir; mettre; garder; retenir; lire; fermer; avoir; tenir; garder pour soi; prendre pour; considérer comme; penser de; se soucier de son image; s'arrêter; stationner; attacher de l'importance à; soutenir; tenir à; se tenir; se maintenir; s'en tenir à
Deutsch
halten; behalten; für sich behalten; halten für; halten von; auf sich halten; anhalten; halten auf; halten zu; liegen an; sich halten; sich halten an
Type
VRB
Synonym
stoe bleiwen
Auxiliary
hunn
Participe passé
gehalen; gehal

Aussprooch (IPA)

[hˈaːlən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
halten (stützen)
Français
tenir; maintenir
English
to hold; to hold up (to support)
Português
segurar; amparar; suportar
Nederlands
houden (vasthouden)

Bedeitung 2

Deutsch
halten (in eine bestimmte Stellung bringen)
Français
mettre (dans une certaine position)
English
to put; to hold (in a certain position)
Português
pôr; colocar (em determinada posição)
Nederlands
houden (in een bepaalde positie brengen)

Bedeitung 3

Deutsch
behalten (in seinem Besitz)
Français
garder (en sa possession)
English
to keep (in one's possession)
Português
guardar (em sua posse)
Nederlands
houden (in zijn bezit)

Bedeitung 4

Deutsch
halten (in einem bestimmten Zustand)
Français
garder; maintenir (dans un certain état)
English
to keep (in a certain condition)
Português
guardar; manter (em determinado estado)
Nederlands
houden (in een bepaalde toestand)

Bedeitung 5

Deutsch
halten (an einem bestimmten Ort)
Français
garder; retenir (dans un certain endroit)
English
to keep (in a certain place)
Português
guardar; reter (em determinado lugar)
Nederlands
houden (op een bepaalde plaats)

Bedeitung 6

Deutsch
halten (nicht aufgeben, verteidigen)
Français
tenir; maintenir (défendre)
English
to hold; to keep (to defend)
Português
manter; defender
Nederlands
houden (niet opgeven, verdedigen)

Bedeitung 7

Deutsch
halten (durchführen, veranstalten)
Français
faire; donner; lire (un discours; un cours, une prestation musicale; une messe)
English
to make; to give; to give; to hold (a speech; a lesson; a service)
Português
fazer; dar; dizer (um discurso; uma aula; uma missa)
Nederlands
houden; nemen; geven; lezen (rede; borrel; les)

Bedeitung 8

Deutsch
halten (den Mund, zum Schweigen)
Français
fermer (la bouche, pour se taire)
English
to keep (one's mouth shut)
Português
calar (a boca)
Nederlands
houden (de mond, om te zwijgen)

Bedeitung 9

Deutsch
halten (Tiere)
Français
avoir (des animaux)
English
to keep (animals)
Português
ter (animais)
Nederlands
houden (dieren)

Bedeitung 10

Deutsch
halten (sich halten an, einhalten)
Français
tenir (un engagement)
English
to keep (a promise)
Português
cumprir (um compromisso)
Nederlands
houden; zich houden aan (belofte)

Bedeitung 11

Deutsch
für sich behalten (nicht weitererzählen)
Français
garder pour soi (ne pas répéter)
English
to keep to oneself (to keep quiet about)
Português
guardar para si (não repetir)
Nederlands
voor zich houden (niet verder vertellen)

Bedeitung 12

Deutsch
halten für (verwechseln mit)
Français
prendre pour (confondre avec)
English
to take for (to confuse with)
Português
tomar por (confundir com)
Nederlands
houden voor (verwisselen met)

Bedeitung 13

Deutsch
halten für (betrachten als)
Français
considérer comme
English
to consider as; to view as
Português
considerar (como)
Nederlands
houden voor (beschouwen als)

Bedeitung 14

Deutsch
halten von (eine bestimmte Meinung haben von)
Français
penser de (avoir une certaine opinion de)
English
to think of (to have a certain opinion about)
Português
achar de; ter (grande) opinião de
Nederlands
vinden van (een mening hebben over)

Bedeitung 15

Deutsch
auf sich halten
Français
se soucier de son image
English
to care about one's appearance
Português
importar-se com a sua imagem
Nederlands
een gevoel van eigenwaarde hebben; zichzelf respecteren

Bedeitung 16

Deutsch
halten (fest sein)
Français
tenir (tenir en place, ne pas se défaire)
English
to stay in place; to hold
Português
ficar no lugar; manter-se fixo
Nederlands
houden (blijven zitten)

Bedeitung 17

Deutsch
halten (Bestand haben)
Français
tenir (durer, se conserver)
English
to last; to last (to continue; to stay fresh)
Português
manter-se; aguentar-se (durar, conservar-se)
Nederlands
houden; standhouden

Bedeitung 18

Deutsch
halten; anhalten (stehen bleiben)
Français
s'arrêter (conducteur, véhicule)
English
to stop ((with a) vehicle)
Português
parar (condutor, veículo)
Nederlands
stoppen (blijven staan)

Synonymer

stoe bleiwen

Bedeitung 19

Deutsch
halten (das Fahrzeug abstellen)
Français
être à l'arrêt; stationner
English
to park (to leave a vehicle)
Português
estar parado; estacionar
Nederlands
parkeren (blijven stilstaan)

Bedeitung 20

Deutsch
halten auf (Wert legen auf)
Français
tenir à; attacher de l'importance à
English
to consider important; to insist on
Português
fazer questão de; dar importância a
Nederlands
het belangrijk vinden

Bedeitung 21

Deutsch
halten zu (unterstützen, stehen hinter)
Français
soutenir (prendre parti en faveur de, appuyer)
English
to stand by; to back
Português
tomar o partido de; apoiar
Nederlands
staan achter; ondersteunen

Bedeitung 22

Deutsch
liegen an (zurückzuführen sein auf)
Français
tenir à (être dû à)
English
to be dependent on
Português
depender de; ser devido a
Nederlands
liggen aan (te wijten zijn aan)

Bedeitung 23

Deutsch
sich halten (eine bestimmte Position einnehmen, bewahren)
Français
se tenir (avoir une certaine position)
English
to hold oneself; to keep (in a certain position)
Português
manter-se (em determinada posição)
Nederlands
blijven; houden (in een bepaalde houding; links, rechts)

Bedeitung 24

Deutsch
sich halten (in einem guten Zustand)
Français
se conserver; se maintenir (en bon état, en bonne forme)
English
to keep (in good condition, in good shape)
Português
conservar-se; manter-se (em bom estado, em boa forma)
Nederlands
goed blijven (standhouden)

Bedeitung 25

Deutsch
sich halten an (sich richten nach, sich orientieren an)
Français
respecter; s'en tenir à
English
to keep to; to follow; to follow (the rules; an authority)
Português
respeitar; seguir; guiar-se por
Nederlands
zich houden aan (volgen)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • eppes op sech halen
  • fir sech halen
  • gehal
  • gehalen
  • haalt
  • hal
  • hale fir
  • hale vun
  • halen
  • halen op
  • halen un
  • halen zu
  • häls
  • hält
  • héil
  • héilen
  • héils
  • héilt
  • houl
  • houlen
  • houls
  • hoult
  • sech halen
  • sech halen un

Beispillsätz

  1. ech schëdden, hal du den Triichter!

    Bedeitung 1: tenir; maintenir

  2. hält wannechgelift ee mer d'Leeder?

    Bedeitung 1: tenir; maintenir

  3. déi ganz Dall gëtt vun zwee Piliere gehalen

    Bedeitung 1: tenir; maintenir

  4. an dëser Fotell ass ee gutt gehalen

    Bedeitung 1: tenir; maintenir

  5. et soll een d'Hand virun de Mond halen , wann ee gaapst

    Bedeitung 2: mettre

  6. hal de Film géint d'Luucht!

    Bedeitung 2: mettre

  7. du kanns de Rescht Suen halen

    Bedeitung 3: garder

  8. ech hu meng Schoulbicher gehalen , ech brauch se vläicht nach

    Bedeitung 3: garder

  9. probéier, deng Wunneng propper ze halen !

    Bedeitung 4: garder; maintenir

  10. dat ganzt Appartement ass a Pastellfaarwe gehalen

    Bedeitung 4: garder; maintenir

  11. deen Artikel ass schaarf gehalen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: garder; maintenir

  12. wéi d'Kanner de Clown gesinn hunn, waren se net méi ze halen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: garder; maintenir

  13. d'Doktesch sot zur Mamm, si misst d'Kand eng Woch am Bett halen

    Bedeitung 5: garder; retenir

  14. haalt Ären Hond am Haus, wann d'Kanner am Haff spillen!

    Bedeitung 5: garder; retenir

  15. mech hält näischt méi hei!

    Bedeitung 5: garder; retenir

  16. hal deng Hänn bei dir!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: garder; retenir

  17. de Pneu hält d'Loft net méi

    Bedeitung 5: garder; retenir

  18. d'Zaldoten hunn et fäerdegbruecht, fir 14 Deeg laang hir Stellung ze halen

    Bedeitung 6: tenir; maintenir

  19. op eiser Hochzäit huet mäi Monni eng Ried gehalen

    Bedeitung 7: faire; donner; lire

  20. haut huet en anere Professer d'Stonn gehalen

    Bedeitung 7: faire; donner; lire

  21. den neie Kaploun hält haut d'Mass

    Bedeitung 7: faire; donner; lire

  22. den Owend ginn ech mat mengem Kolleeg eng halen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 7: faire; donner; lire

  23. hal de Mond!

    Bedeitung 8: fermer

  24. ziel him näischt dovun, well e kann de Mond net halen !

    Bedeitung 8: fermer

  25. ech hale keng Päerd méi, well et ze vill Aarbecht ass

    Bedeitung 9: avoir

  26. eis Noperen hale Kanéngercher

    Bedeitung 9: avoir

  27. bei deenen Alen ass ee gutt gehalen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 9: avoir

  28. hien huet säi Verspriechen net gehalen

    Bedeitung 10: tenir

  29. wat ech der elo zielen, häls de fir dech!

    Bedeitung 11: garder pour soi

  30. ech hat deen Här fir den neie Chef gehalen !

    Bedeitung 12: prendre pour

  31. d'Leit halen hie fir e grousse Kënschtler

    Bedeitung 13: considérer comme

  32. ech halen déi Reform fir iwwerflësseg

    Bedeitung 13: considérer comme

  33. fir wéi al häls de mech?

    Bedeitung 13: considérer comme

  34. wat häls du vun der Reform?

    Bedeitung 14: penser de

  35. ech halen net vill vun deem neien Auto

    Bedeitung 14: penser de

  36. wien eppes op sech hält , deen deet sech anstänneg u fir op esou e Concert

    Bedeitung 15: se soucier de son image

  37. zënter seng Fra dout ass, hält en näischt méi op sech

    Bedeitung 15: se soucier de son image

  38. d'Tapéit hält net

    Bedeitung 16: tenir

  39. maach en duebele Knuet, soss hält de Putsch net!

    Bedeitung 16: tenir

  40. meng Bezéiungen halen ni laang

    Bedeitung 17: tenir

  41. d'Blumme ware schéin, mee se hunn net laang gehalen

    Bedeitung 17: tenir

  42. de Bus hält net hei!

    Bedeitung 18: s'arrêter

  43. du däerfs hei net halen !

    Bedeitung 18: s'arrêter

  44. hei däerf ee just eng hallef Stonn halen

    Bedeitung 19: être à l'arrêt; stationner

  45. wéi halen ech elo hei?

    Bedeitung 19: être à l'arrêt; stationner

  46. ech halen drop, un där Reunioun deelzehuelen

    Bedeitung 20: tenir à; attacher de l'importance à

  47. an eisem Betrib hale mer op Pénktlechkeet

    Bedeitung 20: tenir à; attacher de l'importance à

  48. ech hunn nach ëmmer zu dir gehalen

    Bedeitung 21: soutenir

  49. zu wat fir enger Ekipp häls du?

    Bedeitung 21: soutenir

  50. et hält net u mir, datt d'Saach nach net erleedegt ass

    Bedeitung 22: tenir à

  51. hal dech riicht!

    Bedeitung 23: se tenir

  52. hal dech riets!

    Bedeitung 23: se tenir

  53. frësch Mëllech hält sech just am Frigo

    Bedeitung 24: se conserver; se maintenir

  54. d'Wieder hält sech nach e puer Deeg

    Bedeitung 24: se conserver; se maintenir

  55. meng Mamm huet sech gutt gehalen

    Bedeitung 24: se conserver; se maintenir

  56. eis Ekipp huet sech bis elo gutt gehalen

    Bedeitung 24: se conserver; se maintenir

  57. wann s de wëlls matspillen, da muss de dech un d'Reegelen halen !

    Bedeitung 25: respecter; s'en tenir à

  58. fir d'Orthografie hale mir eis un e Spezialist

    Bedeitung 25: respecter; s'en tenir à

Konjugatioun

Infinitiv
halen
Partizip
gehalen / gehal
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
halen (mech)
du
häls (dech)
hien / hatt / si
hält (sech)
mir
halen (eis)
dir
haalt (iech)
si
halen (sech)
Indikativ · Imparfait
ech
houl (mech)
du
houls (dech)
hien / hatt / si
houl (sech)
mir
houlen (eis)
dir
hoult (iech)
si
houlen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gehalen / gehal
du
hues (dech) gehalen / gehal
hien / hatt / si
huet (sech) gehalen / gehal
mir
hunn (eis) gehalen / gehal
dir
hutt (iech) gehalen / gehal
si
hunn (sech) gehalen / gehal
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gehalen / gehal
du
has (dech) gehalen / gehal
hien / hatt / si
hat (sech) gehalen / gehal
mir
haten (eis) gehalen / gehal
dir
hat (iech) gehalen / gehal
si
haten (sech) gehalen / gehal
Conditionnel · presentSimple
ech
héil (mech)
du
héils (dech)
hien / hatt / si
héil (sech)
mir
héilen (eis)
dir
héilt (iech)
si
héilen (sech)
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) halen
du
géifs / géings (dech) halen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) halen
mir
géifen / géingen (eis) halen
dir
géift / géingt (iech) halen
si
géifen / géingen (sech) halen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gehalen / gehal
du
häss (dech) gehalen / gehal
hien / hatt / si
hätt (sech) gehalen / gehal
mir
hätten (eis) gehalen / gehal
dir
hätt (iech) gehalen / gehal
si
hätten (sech) gehalen / gehal
Imperativ · Present
du
hal (dech)!
dir
haalt (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →