- English
- hers; theirs
- Français
- le sien; le leur; les siennes; les leurs
- Deutsch
- der ihre; den ihren
- Type
- PRON
[hˈiːʀən]
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
hire Brudder ass zéng Joer méi al ewéi si
Bedeitung 1: son; le sien
säin Auto huet aacht Joer, hiren huet der néng
Bedeitung 1: son; le sien
d'Ministesch huet hire Conseiller mat an d'Reunioun bruecht
Bedeitung 2: son; le sien
eis Nopesch geet ni ouni hiren Hond spadséieren
Bedeitung 2: son; le sien
d'Kächen hat vergiess, Salz an hire Pâté ze maachen
Bedeitung 2: son; le sien
hire Mann huet säi Büro doheem, si huet hiren an der Firma
Bedeitung 2: son; le sien
hiren neien Hond ass e Baaschtert
Bedeitung 3: leur; le leur
eise Bouf ass technesch net esou begaabt ewéi hiren
Bedeitung 3: leur; le leur
si ënnerstëtzen hire Jong finanziell
Bedeitung 4: leur; le leur
d'Locatairen hu géint hire Proprietär geklot
Bedeitung 4: leur; le leur
si hunn et op hire Chef sëtzen
Bedeitung 4: leur; le leur
mir bezuelen eisen Deel vun der Rechnung, si iwwerhuelen hiren
Bedeitung 4: leur; le leur
d'Bomi feelt hiren Enkelkanner
Bedeitung 5: ses; les siens; les siennes
wéinst hire Reese léisst si sech géint allméiglech Krankheeten impfen
Bedeitung 5: ses; les siens; les siennes
déi al Int trëppelt mat hire Klengen iwwer d'Strooss
Bedeitung 5: ses; les siens; les siennes
ech hu mengen Enkelkanner Kichelcher matbruecht, a meng Frëndin hiren näischt!
Bedeitung 5: ses; les siens; les siennes
hanner hiren Handlunge stinn a Wierklechkeet kriminell Absichten
Bedeitung 6: leurs; les leurs
mir souzen um Dësch niewent eisen Elteren, eis Cousinen niewent hiren
Bedeitung 6: leurs; les leurs
du brauchs eise Kanner d'Lewitten net ze liesen, mee hiren !
Bedeitung 6: leurs; les leurs