Holz

Lëtzebuergesch
English
wood [material]; wood [type of wood]
Français
bois [matière]; bois [sorte de bois]
Deutsch
Holz [Substanz]; Holz [Holzsorte]
Type
SUBST N

Aussprooch (IPA)

[holts]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Holz (Substanz)
Français
bois (matière)
English
wood (material)
Português
madeira; lenha
Nederlands
hout (materie)

Bedeitung 2

Deutsch
Holz (Holzsorte)
Français
bois (sorte de bois)
English
wood (type of wood)
Português
madeira (espécie de madeira)
Nederlands
hout (houtsoort)
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Hëlzer
  • Holz

Beispillsätz

  1. fréier gouf bal nëmme mat Holz gehëtzt

    Bedeitung 1: bois

  2. ech hunn de ganze Mëtteg Holz gehaen

    Bedeitung 1: bois

  3. op dee Bouf misst Holz getässelt ginn

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: bois

  4. loosse mer Holz upaken!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: bois

  5. d'Eechenholz ass méi en deiert Holz ewéi d'Bierkenholz

    Bedeitung 2: bois

  6. an deem neie Geschäft kritt een déi verschiddenst Hëlzer ze kafen

    Bedeitung 2: bois

  7. huel keen esou e schwéiert Holz !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: bois

  8. mir sinn aus deem selwechten Holz

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: bois

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →