- English
- above; on top of; across; beyond; by way of; during; about
- Français
- au-dessus de; sur; par-dessus; au-delà de; en passant par; pendant (que); de; à cause de
- Deutsch
- über; auf; während
- Type
- PREP
[ˈivɐ]
Nur von der Quelle geprüfte Varianten werden vorgeschlagen.
hänk der däin Diplom iwwer d'Bett!
Bedeutung 1: über
iwwer dem Agang vum Hotel houng eng grouss Auer
Bedeutung 1: über
an der Hierarchie steet den Direkter iwwer dem Personalchef
Bedeutung 1: über
lee deng Jackett iwwer de Stull!
Bedeutung 2: über; auf
ech di léiwer nach e Pullover iwwer d'Blus un
Bedeutung 2: über; auf
ech sinn iwwer d'Gelänner geklommen
Bedeutung 3: über
mir mussen iwwer d'Baach sprangen
Bedeutung 3: über
mir hu genuch Brennholz, fir iwwer de Wanter ze kommen
Bedeutung 3: über
de Camion huet missen iwwer de wäisse Stréch fueren, fir en Trakter ze iwwerhuelen
Bedeutung 4: über
de Coût vum Projet geet iwwer d'Mëttele vun eiser Gemeng eraus
Bedeutung 4: über
mir sinn iwwer Madrid op Toledo gefuer
Bedeutung 5: über
d'Doktesch ass iwwer d'Feierdeeg net do
Bedeutung 6: über; während
mir ginn iwwer Päischten op eng Croisière
Bedeutung 6: über; während
déi ganz Woch iwwer ass mäi Mann am Ausland
Bedeutung 6: über; während
d'Schüler sinn iwwer dem Cours ageschlof
Bedeutung 6: über; während
iwwer dem Schwätze koum mer eng Iddi
Bedeutung 6: über; während
an der Zeitung steet en Artikel iwwer den Terrorismus
Bedeutung 7: über
mir mussen eng Kéier iwwer eis Vakanz schwätzen
Bedeutung 7: über
laach net iwwer mech!
Bedeutung 7: über
ech hu mech ganz vill iwwer däi Kaddo gefreet!
Bedeutung 8: über
de Schoulmeeschter ass fuerchtbar rose ginn iwwer déi Ligen
Bedeutung 8: über
all Mënsch klot iwwer déi deier Präisser
Bedeutung 8: über