iwwer

Lëtzebuergesch
English
above; on top of; across; beyond; by way of; during; about
Français
au-dessus de; sur; par-dessus; au-delà de; en passant par; pendant (que); de; à cause de
Deutsch
über; auf; während
Type
PREP

Aussprooch (IPA)

[ˈivɐ]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
über (oberhalb)
Français
au-dessus de
English
over; above
Português
por cima de; acima de
Nederlands
boven

Bedeitung 2

Deutsch
über; auf
Français
par-dessus; sur
English
over; on top of
Português
por cima de; sobre
Nederlands
over (over (iets) heen)

Bedeitung 3

Deutsch
über (darüber hinweg)
Français
par-dessus (en traversant, en franchissant)
English
over; across
Português
por cima de (atravessando, transpondo)
Nederlands
over (naar de andere kant van)

Bedeitung 4

Deutsch
über (darüber hinaus)
Français
au-delà de
English
over; beyond
Português
além de
Nederlands
over (verder dan; te boven)

Bedeitung 5

Deutsch
über (via)
Français
via; en passant par
English
via; by way of
Português
via; passando por
Nederlands
over (via)

Bedeitung 6

Deutsch
über; während
Français
durant; pendant (que)
English
over; during
Português
durante; enquanto
Nederlands
tijdens

Bedeitung 7

Deutsch
über (betreffend)
Français
sur; de (au sujet de)
English
over; about (on the subject of)
Português
sobre; de (acerca de)
Nederlands
over (betreffende)

Bedeitung 8

Deutsch
über (wegen)
Français
de; à cause de
English
over; about (because of)
Português
por; de; por causa de
Nederlands
over (wegens)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • iwwer

Beispillsätz

  1. hänk der däin Diplom iwwer d'Bett!

    Bedeitung 1: au-dessus de

  2. iwwer dem Agang vum Hotel houng eng grouss Auer

    Bedeitung 1: au-dessus de

  3. an der Hierarchie steet den Direkter iwwer dem Personalchef

    Bedeitung 1: au-dessus de

  4. lee deng Jackett iwwer de Stull!

    Bedeitung 2: par-dessus; sur

  5. ech di léiwer nach e Pullover iwwer d'Blus un

    Bedeitung 2: par-dessus; sur

  6. ech sinn iwwer d'Gelänner geklommen

    Bedeitung 3: par-dessus

  7. mir mussen iwwer d'Baach sprangen

    Bedeitung 3: par-dessus

  8. mir hu genuch Brennholz, fir iwwer de Wanter ze kommen

    Bedeitung 3: par-dessus

  9. de Camion huet missen iwwer de wäisse Stréch fueren, fir en Trakter ze iwwerhuelen

    Bedeitung 4: au-delà de

  10. de Coût vum Projet geet iwwer d'Mëttele vun eiser Gemeng eraus

    Bedeitung 4: au-delà de

  11. mir sinn iwwer Madrid op Toledo gefuer

    Bedeitung 5: via; en passant par

  12. d'Doktesch ass iwwer d'Feierdeeg net do

    Bedeitung 6: durant; pendant (que)

  13. mir ginn iwwer Päischten op eng Croisière

    Bedeitung 6: durant; pendant (que)

  14. déi ganz Woch iwwer ass mäi Mann am Ausland

    Bedeitung 6: durant; pendant (que)

  15. d'Schüler sinn iwwer dem Cours ageschlof

    Bedeitung 6: durant; pendant (que)

  16. iwwer dem Schwätze koum mer eng Iddi

    Bedeitung 6: durant; pendant (que)

  17. an der Zeitung steet en Artikel iwwer den Terrorismus

    Bedeitung 7: sur; de

  18. mir mussen eng Kéier iwwer eis Vakanz schwätzen

    Bedeitung 7: sur; de

  19. laach net iwwer mech!

    Bedeitung 7: sur; de

  20. ech hu mech ganz vill iwwer däi Kaddo gefreet!

    Bedeitung 8: de; à cause de

  21. de Schoulmeeschter ass fuerchtbar rose ginn iwwer déi Ligen

    Bedeitung 8: de; à cause de

  22. all Mënsch klot iwwer déi deier Präisser

    Bedeitung 8: de; à cause de

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →